Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Surab Jwania

Vu Wikipedia
Surab Jwania
Gebuertsnummზურაბ ჟვანია
Gebuer9. Dezember1963
Tiflis
Gestuerwen3. Februar2005
Tiflis
DoudesursaachKuelestoffmonoxidvergëftung
NationalitéitUdSSR,Georgien
AktivitéitPolitiker
ParteiNational demokratesch Beweegung
FonctiounRepresentant vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot

DeSurab Jwania (Georgesch ზურაბ ჟვანია -Zurab Žvania), gebuer den9. Dezember1963 zuTiflis, a gestuerwen den3. Februar2005 och do, war egeorgesche Biolog a Politiker. Vun November 2003 bis Februar 2004 war en amtéierende Staatsminister a vum 17. Februar 2004 bis zu sengem Doud Premierminister vu Georgien.

Liewen

[änneren |Quelltext änneren]

De Jwania war de Jong vun engem georgesche Papp an engerjiddesch-armeenescher Mamm[1],[2],[3].

1985 huet en déiStaatlech Universitéit Tiflis mat enger Maîtrise aBiologie ofgeschloss. Vun 1985 bis 1992 huet en als Assistent am Labo an an der Fuerschung vun der Fakultéit fir mënschlech an déiere Physiologie vu senger Universitéit geschafft.

1988 huet en déi georgeschGréng Partei matgegrënnt, an ass 1992 nom Stuerz vum deemolege PresidentSwiad Gamsachurdia an d'Parlament gewielt ginn. 1992/93 huet e seng Partei mat de Leit vumEduard Schewardnadse zurBiergerunioun vereenegt, war do 1994 bis 1996 Generalsekretär, an huet et 1995 als dem Schewardnadse säin engsten Ënnerstëtzer zum Parlamentspresident bruecht.

Well d'Land ënner dem Schewardnadse awer a grouss Aarmut gerutscht ass, wärend Korruptioun d'Elite ëmmer méi räich gemaach huet a gläichzäiteg déi demokratesch Rechter mat Féiss getrëppelt gi sinn, ass an der Bevëlkerung d'Roserei lues awer sécher héichgekacht. D'USA wollte sech dat zunotze maache fir hir eege geopolitesch an Energie-Intressien an der Regioun, a sou hu si zesumme mat derEU d'Oppositioun a Georgien massiv finanziell ënnerstëtzt. Wéi de Jvania gemierkt huet a wéi eng Richtung den Zuch gefuer ass, do ass hien nach séier opgesprongen. 2000 huet en ugefaange sech vum Schewardnadse ze distanzéieren andeems hien en der Korruptioun beschëllegt huet. Enn 2001 huet en als Parlamentspresident demissionéiert an d'Biergerunioun verlooss, fir d'Joer drop seng eege ParteiVereent Demokraten ze grënnen.

Fir d'Parlamentswalen 2003 ass en e Walbündnis mat deenen aneren zwou groussen Oppositiounsfiguren agaangen, seng Nofollgerin als Parlamentspresident d'Nino Burdschanadse an de fréiere JustizministerMicheil Saakaschwili. Offiziell hu si d'Walen zwar verluer, mä et goung vu massive Walfälschunge rieds, soudatt et wärend zwou Wochen zu de Masseprotester vun der sougenannterRouserevolutioun koum, an de Schewardnadse schlussendlech huet missen demissionéieren.

De Jvania gouf Minister an der Interimsregierung déi op d'Bee gestallt gouf. Mam Burdschanadse an dem Saakaschwili huet e sech zur neier ParteiNational Beweegung - Demokraten zesummegeschloss an de Saakaschwili bei de Presidentschaftswalen ënnerstëtzt. Wéi deen déi 2004 gewonnen hat huet e sech revanchéiert an de Jvania ass op seng Propositioun hi vum Parlament als Premierminister gewielt ginn.

De Jvania ass als moderat Géigegewiicht zum radikale Sturra Saakaschwili opgetrueden, an huet sech fir eng méi eng konziliant Approche bei de Verhandlungen ëm déi separatistesch RepublikeSüdossetien anAbchasien agesat. Bei sengem grousse Privatiséirungsprogramm am Kader vun der Liberaliséirung vun der Wirtschaft war en awer séier ëffentlech ëmstridden an et gouf him virgeworf, onduerchsichteg ze agéieren an a Wierklechkeet just eng Ëmverdeelung zu Gonschte vum neie Regierungsclan ze organiséieren. An deene leschte Méint viru sengem Doud ass et och net méi sou gutt mam Saakaschwili gelaf, deen dunn zwee vum Jvania senge Vertrauensleit ofgesat huet fir säin Afloss an der Regierung ze reduzéieren.

Am fréie Muere vum 3. Februar 2005 gouf de Jvania zesumme mat sengem BekannteRaul Yusupov dout an deem senger Tifliser Wunneng fonnt, offiziell Doudesursaach war Gasvergëftung duerchKuelemonoxid vun engem futtissen Uewen. D'Rumeuren datt et sech a Wierklechkeet ëm en Attentat gehandelt huet, wollten awer ni ophalen.Am September 2007 huet de Bannen- a VerdeedegungsministerIrakli Okruaschwili op enger Pressekonferenz erkläert, d'Läich vum Premier wier eréischt no sengem Doud an déi Wunneng bruecht ginn.

De Surab Jwania war zanter 1993 mam Nino Kadagidse bestuet, déi zu Tiflis eng Librairie fir englesch Bicher féiert, an en hat e Jong an zwou Duechteren: Elisabeth, Bessarion an Anna. En huet nieft Georgesch och nach Englesch, Däitsch a Rusesch geschwat.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Surab Jwania – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Georgesch Judden optimistesch, The Jewish Week, 28. November 2003
  2. Jiddesch Gemeinschaft betrauert de stënterleche Verloscht vum georgesche Premierminister, Federation of Jewish Communities, 3. Februar 2005
  3. De Premierminister vu Georgien ass houfreg, datt seng Mamm Armeenierin ass, PanARMENIAN.Net, 10. Juni 2004
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Surab_Jwania&oldid=2593127
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp