Fréijoer: Ëmstellung vun der Normalzäit op d'Summerzäit – d'Auer gëtt ëm eng Stonnvirgestallt.Hierscht: Ëmstellung vun der Summerzäit op d'Normalzäit – d'Auer gëtt ëm eng Stonnzeréckgestallt.
ËnnerSummerzäit versteet ee gemenkerhand d'Auerzäit, déi géintiwwer derZonenzäit meeschtens ëm eng Stonn no vir gestallt gëtt. D'Summerzäit zielt normalerweis wärend engem bestëmmten Zäitraum amSummerhallefjoer, heiansdo och e bësse méi laang, als gesetzlech Zäit. Eng Summerzäit-Reegelung gëtt et bal nëmmen an de Länner vun degemäässegten Zonen.
D'mëtteleuropäesch Summerzäit (MESZ) fänkt de leschte Sonndeg amMäerz um 2:00 AuerMEZ un, andeems d'Auer ëm eng Stonn - vun 2:00 Auer op 3:00 Auer - virgestallt gëtt. Se dauert bis de leschte Sonndeg amOktober um 3:00 Auer MESZ, da gëtt d'Auer nees ëm eng Stonn - vun 3:00 Auer op 2:00 Auer - zeréckgestallt.
Géintiwwer der Summerzäit gëtt d'Zonenzäit – déi gemenkerhand déi gesetzlech Zäit an der jeeweilegerZäitzon ass – alsNormalzäit oderStandardzäit bezeechent. Well a villen europäesche Länner zanter ongeféier 1980 all Joer d'Summerzäit gëllt an d'Normalzäit deemno nëmmen nach amWanterhallefjoer gebraucht gëtt, huet sech dofir och d'BezeechnungWanterzäit agebiergert.
DeBenjamin Franklin hat 1784 amJournal de Paris erkläert, datt en ausgedeent Nuetsliewe wéinst dem kënschtleche Liicht, Energie verbëtze géif. Fir deem entgéint ze wierken, sollt ee fréi opstoen an och fréi an d'Bett goen. D'Iddi vun enger staatlech reglementéierter Summerzäit koum ongeféier e Joerhonnert méi spéit op. Onofhängeg vuneneen haten deGeorge Vernon Hudson 1895 an deWilliam Willett 1907 eng saisonal Zäitverschibung proposéiert. Béid Virschléi sinn awer séier erëm de Vergiess geroden.
Eng éischt Zäitëmstellung gouf et den 30. Abrëll 1916 amDäitsche Räich an anÉisträich-Ungarn. D'Summerzäit sollt deemno déi energieintensiv „Materialschluechten“ vumÉischte Weltkrich ënnerstëtzen: et goufe sech Energieerspuernisser bei der kënschtlecher Beliichtung op laange Summerowenter erhofft. Als Reaktioun dorop, hu vill aner europäesch Länner nach am selwechte Joer och d'Summerzäit agefouert. Lëtzebuerg hat sech och ugeschloss an d'Summerzäit vum 15. Mee bis den 1. Oktober 1916[1] a vum 1. Mee bis de 17. September 1917[2] agefouert.
1919 gouf déi onbeléift Krichsmesure anDäitschland nees ofgeschaaft.
AmZweete Weltkrich huet Däitschland 1940 d'Summerzäit nees wéinst den Energieerspuernisser agefouert. Schonn am Grënnungsjoer vun de zwéin däitsche Staaten 1949, gouf ee sech eens, fir op déi alljärlech Zäitëmstellung ze verzichten.
Duerch d'Petrolskris 1973 gouf Europa haart getraff. Wéinst den héijen Energiepräisser ass Europa an engRezessioun gefall an huet misse spueren. Mä nëmmen een eenzege westeuropäesche Staat huet d'Summerzäit mat der Begrënnung vun den Energieerspuernesser agefouert:Frankräich am Joer 1976.[3] Obwuel no Frankräich nach aner Länner aus derEuropäescher Gemeinschaft no koumen, huet et bis 1996 gedauert, bis déi ënnerschiddlech Summerzäitreegelungen an der Europäescher Unioun vereenheetlecht goufen. D'eenheetlech Summerzäit gëllt zënterhier an allen EU-Memberstaaten. Ausgeholl sinn awer Landesdeeler, déi net um Gebitt vum europäesche Kontinent selwer leien, wéi zum BeispillFranséisch-Guayana.
Zu Lëtzebuerg gouf d'mëtteleuropäesch Zäit duerch e Gesetz vum 17. Mäerz 1977[4] als legal Zäit confirméiert. D'Periodë wéini datt d'Summerzäit gëllt, gi gemenkerhand am Fënnefjoresrhythmus duerch eRèglement grand-ducal definéiert[5].
Den 8. Februar 2018 hat d'EU-Parlament d'EU-Kommissioun ugestallt, eng „grëndlech Analys vun der Direktiv iwwert Reegelung vun der Summerzäit ze maachen a wann néideg e Virschlag virzeleeë fir d'Direktiv z'iwwerschaffen“. Vum 5. Juli bis de 16. August 2018 konnten iwwer 500 Milliounen EU-Bierger online hir Meenung an hir Erfarunge mat der Summerzäit matdeelen a soen ob se fir oder géint d'Bäibehale vun der Zäitëmstellung wieren. No eegenen Aussoen, krut d'Kommissioun méi wéi 4,6 Milliounen Äntwerten, wat am Verglach zu aneren ëffentlechen Enquêten e Rekord duerstellt. An der Ëmfro hunn sech 84 % vun de Participanteë fir d'Ofschafe vun der Summerzäit ausgeschwat.
Duerno huet den EU-KommissiounspresidentJean-Claude Juncker bekannt ginn, datt sech d'EU-Kommissioun - op Grond vun de Resultater vun der Ëmfro - dofir asetze wäert, datt d'Ëmschalten tëscht Summer- a Wanterzäit ofgeschaaft gëtt. Zanterdeem läit de Ball bei de Memberlänner, déi sech awer net eens sinn, ob d'Summer- oder Wanterzäit als 'fest' Zäit bäibehale soll ginn.