Astronomesch fänkt de Summer mat derSummersonnewend: dem Zäitpunkt, zu deem d'Sonn vertikal iwwer demWendekrees steet an d'Deeg am längste sinn. Op der Nordhallefkugel ass dat den21. Juni, op der Südhallefkugel den21. oder22. Dezember. Duerno ginn d'Deeg nees méi kuerz an d'Nuechte méi laang. De Summer ass mat derEquinoxe den 22. oder23. September am Norde resp. den20. Mäerz oder an der Nuecht zum21. Mäerz am Süden zu Enn.
Well d'Ëmlafbunn vun der Äerd ëm d'Sonn liichtelliptesch ass, also vun enger exakter Kreesbunn ofwäicht, sinn déi véier Joreszäiten net genee gläich laang. Den Nordsummer ass e bësse méi laang a méi mëll wéi de Südsummer, well wärend dem Nordsummer d'Richtung vun der Äerd zu der Sonn sech eppes méi lues ännert.
De Summer gëllt och als d'Joreszäit vun der gréisserer Liewensfreed. Dat geschitt duerch déi méi héich Temperaturen, an doduerch datt ee méi an der fräier Natur ka sinn.