Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Stockcar

Vu Wikipedia
Stockcar zuAlzeng
lëtzebuergesche Stockcarsauto aus der Klasse I no enger Course

Stockcar oderStock-Car bezeechent zwou ënnerschiddlech Motorsportaarten:

  • am engleschspoochege Raum bedeit de Begrëff ursprénglech Autoscoursse mat Serienautoen;
  • am däitschsproochege Raum bedeit de Begrëff "Stockcar" eng Zort vun Autoscourssen, bei där Drängelen a Kollisiounen erlaabt a souguer ausdrécklech erwënscht sinn.

Lëtzebuerg

[änneren |Quelltext änneren]

Schonn an den 1950er-Joren ass och zuLëtzebuerg Stockcar gefuer ginn, deemools op de Strecken zuBruch[1] aMiedernach[2]. 1968 gouf déi national FederatiounFédération Luxembourgeoise du Stock-Car (kuerz FLSC) gegrënnt.

Haut ginn zu Lëtzebuerg d'Courssen ofwiesselnd op dräi Strecken zuAlzeng,Schëtter aBëschdref gefuer. Pro Saison gi grondsätzlech siwe Coursse gefuer, déi ofwiesselnd vun engem vun de Rennställ oder der FLSC selwer organiséiert ginn. Fir d'Saison 2013 waren am Ganzen 9 Rennställ bei der FLSC ugemellt. Déi hate follgend Startnummeren a Veräinsfaarwen:

  • 00-09 & 100-109: Stock-Cars-ClubKayl (wäiss & rout)
  • 10-19 & 110-119: Les Diables RougesDudelange (rout & wäiss)
  • 20-29 & 120-129: Senator TeamBéiwen/Atert (hellblo & wäiss)
  • 30-39 & 130-139: Moonshiners Racing Team (raschtbrong & wäiss)
  • 40-49 & 140-149: Tornado TeamHamm (kinneksblo, rout & wäiss)
  • 60-69 & 160-169: Motorsport Club the Dukes (orange, wäiss & schwaarz)
  • 70-79 & 170-179: The Black Beasts Luxembourg (schwaarz & wäiss)
  • 80-89 & 180-189: Stock-Car Team Power Bull's (Waldbëlleg) (sëlwer-gro, rout & schwaarz)
  • 90-99 & 190-199: Motorsport-ClubKayl (schwaarz & giel)

2014 goufen aacht Coursse gefuer. Fir d'Saison 2014 sinn 10 Rennteame bei der FLSC ugemellt. Déi hu follgend Startnummeren a Veräinsfaarwen:

  • 00-09 & 100-109 & 200-209: Stock-Cars-ClubKayl (wäiss & rout)
  • 10-19 & 110-119 & 210-219: Les Diables RougesDudelange (rout & wäiss)
  • 20-29 & 120-129 & 220-229: Stock-Cars an Auto-Cross-ClubBéiwen/Atert (hellblo & wäiss)
  • 30-39 & 130-139 & 230-239: Moonshiners Racing Team (raschtbrong & wäiss)
  • 40-49 & 140-149 & 240-249: Tornado TeamHamm (kinneksblo, rout & wäiss)
  • 50-59 & 150-159 & 250-259: Auto-Cross & Stock-Car-Team Olsen (enzian-blo & wäiss)
  • 60-69 & 160-169 & 260-269: Motorsport Club the Dukes (orange, wäiss & schwaarz)
  • 70-79 & 170-179 & 270-279: The Black Beasts Luxembourg (schwaarz & wäiss)
  • 80-89 & 180-189 & 280-289: Stock-Car Team Power Bull's (Waldbëlleg) (sëlwer-gro, rout & schwaarz)
  • 90-99 & 190-199 & 290-299: Motorsport-ClubKayl (schwaarz & giel)

Gefuer gëtt an zwou Klassen:

  • Klass I - bis 2800 cm³, nëmmen op zwee Rieder gedriwwen: Et ginn zwou Eliminatoirë mat 20 Ronne gefuer, bei deene sech déi jeeweils 10 éischt Pilote fir d'Finall qualifizéieren. Duerno ginn, jee no Entscheedung vum Organisateur, een oder zwéin Hoffnungsleef mat 15 Tier gefuer, aus deene sech weider aacht Chauffere fir d'Finall qualifizéieren. Bei der Finall ginn am Ganze 25 Ronne gefuer.
  • Klass II - bis 2000 cm³, nëmmen op zwee Rieder gedriwwen: Hei ginn zwéin Entscheedungsleef mat 15 Ronne gefuer, d'Punkte vun dëse Leef ginn addéiert. Déi éischt 28 Chauffere gi fir d'Finall qualifizéiert.[3]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]

Websäite vu Verainer

[änneren |Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. In Memory of Stock-Cars-Team Medernach (PDF)
  2. www.stock-car.lu -Reportagen Archivéiert de(n) 14.07.2014. Gekuckt de(n) 27.12.2013.
  3. FLSC:Rennreglement 2002, Editioun 2013 (PDF)
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Stockcar&oldid=2577629
Kategorie:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp