DeSteradiant, ochSterad ass engMoosseenheet fir deRaumwénkel. AmSI-Eenheetesystem ass et eng ofgeleet Moosseenheet. D'Eenheetenzeeche fir de Steradiant asssr.
Op engerKugel mat 1 mRadius ëmschléisst e Steradiant eng Fläch vun 1 m² op der Kugeluewerfläch. De Raumwénkel vun der ganzer Kugeluewerfläch ass 4π sr.
Ginn ass eng Kugel mam Radius. Dann ass e Steradiant de Raumwénkel, dee vun der Kugelmëtt aus gesinn engKugelsegment mat der Fläch pè der Kugeluewerfläch anhëllt. Dëse Raumwénkel léisst sech berechnen als Fläch vum Kugelsegmentdividéiert duerch d'Quadrat vum Radius:
D'Divisioun bewierkt, datt de Raumwénkel net vum Radius vun der gekuckter Kugel ofhänkt.
Beispill
De Raumwénkel vun engem Kegel, deen aus enger Kugel mat Radius 3 m eng Deelfläch () vun 13,5 m² erausschneit, ass.
Bezitt sech de Raumwénkel op eKreeskegel vum Kugelmëttelpunkt aus, sou kann een hien am Schnëtt duerch d'Kugelmëtt alsflaache Wénkel gesinn. Aus der Bezéiung fir d'Fläch vun der Kugelkap vum Kegel an dem Wénkel léisst sech follgenden Zesummenhank ofleeden:
.
Den Ëffnungswénkel vun engem Kegel, deen de Raumwénkel 1 sr ofdeckt, ass zirka 65,54 °.
Am SI war ufanks opgelooss ginn, ob de Steradiant an deRadiant ofgeleete Eenheete oder Basiseenheete sinn; fir béid gouf d'Klass vun den "ergäenzenden Eenheete" geschaf.1980 gouf vumCIPM virgeschloen, dës ergäenzend Eenheete als ofgeleete ze interpretéieren. Dem folgte1995 gouf vun derCGPM an der Resolution 8 d'Ophiewung vun der Klass vun den ergäenzenden Eenheeten, beschloss.
D'Eenheetenzeechen "sr" ass1950 vum CIPM festgeluecht ginn. Fréier goufen och d'Zeechen "str" an "sterad" benotzt.