Stellan Rye
Geschierkëscht
Allgemeng
Drécken/exportéieren
An anere Projeten
Stellan Rye | |
---|---|
Gebuer | 4. Juli1880 |
Gestuerwen | 14. November1914 Frankräich |
Nationalitéit | Dänemark |
Aktivitéit | Filmregisseur,Dréibuchauteur |
![]() |
DeStellan Rye, gebuer de4. Juli1880 zuRanders anDänemark, a gestuerwen de14. November1914 an engemKrichsgefaangenelager aFrankräich, war eFilmregisseur,Schauspiller anDréibuchauteur.
No enger kuerzer militärescher Carrière huet de Rye eng ZäitchenTheater gespillt. SäinDréibuch fir demWilhelm Gluckstadt säi FilmDet Blaa Blood ("Dat blot Blutt") vun1912 huet denHanns Heinz Ewers sou iwwerzeegt, datt hien de Rye opBerlin geholl huet fir säi RomanDer Student von Prag1913 ze verfilmen; et geet doran ëm en Theema, dat denexpressionistesche Film nach vill sollt beschäftegen: denDoppelgänger. Dem Rye seng, fir déi Zäit, famous Technik koum1914 a sengem nächste FilmDas Haus ohne Tür nach méi däitlech eraus.