AlsSteierwon bezeechent een an der Eisebunnstechnik eng Voiture vun där aus de Mecanicien d'Lokomotiv vun der Ramm ka steieren. En erméiglecht et engem Zuch a béid Richtungen ze fueren ouni datt d'Zuchmaschinn muss ëmgesat ginn.
D'Schlaange-Kompositioun ass de klasseschen Zenario bei deem den Zuch op engem Enn e Steierwon, an um aneren Enn eng Lokomotiv huet. Wann zwou sou Rammen uneneegekrämpt ginn, gi béid Lokomotive vum éischte Steierwon aus manövréiert.
Eng Dromedar-Kompositioun, och nach Sandwich-Kompositioun genannt, ass den Zenario an deem eng Lokomotiv vun 2 Steierween encadréiert ass.An der Belsch gëtt eng KoppelInterCity-Zich tëschtGouvy aBréissel mat sou engem Zuch gefuer.D'CFL hate Versich mat hirenCFL-Dosto-Steierween an denCFL 4000 gemaach, hunn awer kee prakteschen Notze fir den Asaz vu sou enger Kompositioun fonnt.
Beim CFL kommen Dosto-Steierween zesumme mat denCFL 3000 an CFL 4000 an den Asaz. Grenziwwergräifend fueren CFL Steierween an d'Belsch bis opGäilech,Attem aVirton. Zu Spëtzenzäite kommen d'Steierween bisTréier,Wittlich aCochem.
Als eenzeg auslännesch Eisebunn setzt d'SNCF Steierween zu Lëtzebuerg an.
Commons: Steierween – Biller, Videoen oder Audiodateien |