Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Stavanger

Vu Wikipedia
WopenKaart
Wope vu StavangerNorwegen, Positioun vu Stavanger an Norwegen
Basisdonnéeën
Regierungsbezierk:Rogaland
Koordinaten:58° 58' 12" N, 5° 42' 36" O
Fläch:71,2km²
Awunner:114.401(2005)
Bevëlkerungsdicht:1.650 Awunner pro km²
Offiziell Sproochform:Bokmål
Offiziell Websäit:stavanger.kommune.no
Politik
Buergermeeschter:Leif Johan Sevland (H)
Den Doum vu Stavanger
Holzhaiser an der Alstad vu Stavanger
Hafe vu Stavanger

Stavanger [staˈvaŋər] ass mat 114.401 Awunner (Stand: 2005) déi véiertgréisste Stad vunNorwegen. Et läit am Nord-Jæren an derFylke (Provënz)Rogaland. Stavanger huet säi Stadrecht 1120 kritt, wéi mam Bau vum Doum ugefaange ginn ass. D'Stad ass och eng eegestännegGemeng.

Vill international Pëtrolsgesellschaften hunn hire Sëtz zu Stavanger, dorënner och die gréisst norwegesch EntrepriseStatoil. Déi meescht Pëtrolsreservë vun Norwegen leien nämlech eppes 300 km westlech vu Stavanger an derNordséi. 1999 gouf den Norwegeschen Uelegmusée ageweit. D'Stad ass ausserdeem duerch hir Produktioun vu Konserve bekannt. An de 50er Jore gouf et méi wéi 50 Konservefabrécken an der Stad. Déi lescht gouf awer 2002 zougemaach. An der gréisster Siidlung vun Holzhaiser an der Alstad existéiert an enger fréierer Konservefabréck och e Konservemusée (Hermetikkmuseum).

E Puer Kilometer baussent der Stad läit de Sola-Airport, den drëttgréisste Fluchhafe vun Norwegen (IATA-Code: SVG). Hie gëtt haaptsächlech als Dréischeif tëscht de Buerplattformen un der Küst an dem internationale Fluchnetz benotzt. Den ale Stadzenter bei Øvre an Nedre Strandgate ass duerch wäiss ugestrachen Holzhaiser aus dem 18. and 19. Joerhonnert markéiert. Am Mëttelpunkt vun der Stad steet den Doum (Stavanger domkirke), dee no dem Doum vunTrondheim dat zweetgréisst romanescht Kirchegebai an Norwegen ass.

No bei der Stad sinn och vill Schigebidder.

All Joer am Mee gett och deMaiJazz-Festival ofgehalen, e grousst internationaalt Fest fir Jazzmusek, ausserdeem Ufang August denInternationale Kammermusik-Festival.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Stavanger – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Stavanger&oldid=2549060
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp