Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Spuenien

Vu Wikipedia
Reino de España

Fändel vu Spuenien

Wope vu Spuenien

Detailer

Detailer
National Devise:Plus Ultra
Offiziell Sprooch:Spuenesch
(regional:Katalounesch,Galizesch,Baskesch)
Haaptstad:Madrid
 • Awunner:3.155.359 (2005)
 • Koordinaten:40°43'N, 3°69'W
Staatsform:Parlamentaresch Monarchie
 • Kinnek:Felipe VI. vu Spuenien
 • Ministerpresident:Pedro Sánchez
Fläch:504.782km² (50.)
 • DovuWaasser:1,04 % %
Bevëlkerung:48.800.000(29.)
 • Bevëlkerungsdicht:95/km²
Onofhängegkeet:1492, d'Enn vun derReconquista
Nationalfeierdag:12. Oktober
Nationalhymn:Marcha Real
(Lauschteren)
Wärung:Euro (EUR)
Zäitzon:UTC +1
(Kanaresch Inselen: UTC)
Internet TLD:.es
Internationalen
Telefonsprefix
:
+34

Spuenien (sp.:España) ass e Staat anEuropa op deribeerescher Hallefinsel. D'Haaptstad vu Spuenien assMadrid.

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema:Geschicht vu Spuenien 

Cuenca, Spuenien

Ëm1.100 v. Chr. hunn d'Phönizier verschidden Handelsnéierloossungen op der Küst gegrënnt. Ab200 v. Chr. ass d'Land un d'Réimer gaangen, déi et 600 Joer laang an hirem Besëtz haten.Am Joer711 koumen d'Araber iwwer Gibraltar an d'Land. No nëmmen zwee Joer hate si bal déi ganzibeeresch Hallefinsel eruewert, ausser Asturien, dat sech erfollegräich verdeegegt hat. Spuenien huet zu der Zäit nachAl-Andalus geheescht.756 gouf d'Emirat vu Córdoba gegrënnt.

Vun1087 bis1563 warToledo d'Haaptstad vu Spuenien.

Eréischt1492 ass déi vollstänneg chrëschtlech Zeréckeruewerung d'Reconquista gelongen. Domat huet och d'Verdreiwung vun deMoslemen an deJudden ugefaangen.

Dat selwecht Joer huet deChristoph Kolumbus Amerika entdeckt an domat den Ufank fir spuenesch Virherrschaft um Mier agelaut. Mam Bestietnes vun derIsabella vu Kastilien mamFerdinand vun Aragón gouf am Joer1469 eng nei Epoch ageleet.

Ufank vum16. Joerhonnert koum déi spuenesch Kroun an de Besëtz vun denHabsburger, et war den Optakt zu engem Welträich.

1588 hunn d'Englänner déi spuenesch Armada vernicht an1700 geet déi Habsburger Dynastie mam Doud vumKarl II. op en Enn.No den Habsburger koumen d'Bourbonen un d'Muecht bis demNapoleon Bonaparte seng Truppen a Spuenien agefall sinn. Dee 6-järegen Onofhängegkeetskrich deen duerno zustane koum, hat ganz schlëmm Konsequenze fir déi spuenesch Ekonomie.

No der napoleonescher Invasioun gouf de Josef Bonaparte op den Troun beruff. Wéinst dem staarke Widderstand vun der spuenescher Populatioun koum et nees zu engem Muechtwiessel an d'Bourbonen hunn deFernando VII. op den Troun gesat.

1873 gouf déi éischt Republik proklaméiert, mä mat engem militäresche Putsch1875 gouf d'Monarchie erëm hiergestallt. DenAlfonso XII. an duerno säi Jong denAlfonso XIII. goufe Kinnek vu Spuenien.

Am Ufank vum19. Joerhonnert hu sech déi latäinamerikanesch Kolonië vum Mammeland geléist.

De faschistesche GenerolFrancisco Franco huet1936 d'Muecht mat engem Putsch u sech gerappt an e Biergerkrich ausgeléist. No senger Viktoire am Joer1939, gouf Spuenien politesch isoléiert. Am Ufank vumKoreakrich huet deKale Krich säin Héichpunkt erreecht an Amerika intresséiert sech fir Spuenien, wéinst sengem strategesche Wäert.

1953 hu béid Länner dePakt vu Madrid ënnerschriwwen, mat deem ekonomesch an aussepolitesch Hëllef versprach gouf. US-Militärbase ginn a Spuenien agericht. Mat der Ënnerstëtzung vun den USA gëtt Spuenien 1955 Member vun derUNO a mécht senger internationaler Isoléierung domat en Enn.

1975 ass de Franco gestuerwen an de KinnekJuan Carlos gouf Chef vum Land. Zwee Joer duerno goufen déi éischt fräi Wale zanter méi wéi 40 Joer ofgehalen.

1986 gouf Spuenien Member vun derEU.

Geographie

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckt heizou och den Haaptartikel:Geographie vu Spuenien.

Spuenien ass e Staat am Südweste vun Europa, op der ibeerescher Hallefinsel. En huet eng Fläch vu 504.782 km². Am Norde grenzt et uFrankräich anAndorra am Westen uPortugal an am Süden uGibraltar. Zu Spuenie gehéieren ausserdeem nach d'Balearen an d'Kanaresch Inselen.

Zu Spuenie gehéieren nach d'ExklavLlívia, déi am franséischenDepartement Pyrénées-Orientales läit, souwéi d'InselenIslas Chafarinas,Peñón de Vélez de la Gomera,Alhucemas,Alborán an d'Islas Columbretes, déi virun der marokkanescher Küst leien. D'Zougehéieregkeet vun derPéiterséileginsel ass tëscht Marokko a Spuenien net gekläert.

Geologie

[änneren |Quelltext änneren]

Spuenien huet vill Bierger. De Kär vun der ibeerescher Hallefinsel bilden zwou Héichflächen (Mesetas). Si huelen zesummen zwee Drëttel vun der totaler Fläch an. Et sinn d'Meseta vun Al-Kastilien/Léon déi 800 m héich ass an d'Mesata vun Nei-Kastilien mat Extremadura a La Mancha déi 200 m héich ass.

D'Kastilesch Bierger deelen d'Héichfläch, déi vu sëllege Bierger ëmginn ass: de Kantabresche Bierger an de Pyrenäen am Norden an der Sierra Morena am Süden.

Am Süden erstreckt sech dat andalusescht Déifland.

E Véirel vum Land ass Bësch. Am fiichten Norde fënnt een éischter Buchen, Eechen an Iesskäschten, am Mëttelmiergebitt déi typesch Planze wéi Macchjien oder Olivebeem.

Gréisst Stied

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckt den Artikel:Lëscht vun de spuenesche Groussstied

Klima

[änneren |Quelltext änneren]

Bevëlkerung

[änneren |Quelltext änneren]

Déi meescht Bevëlkerung gëtt et an de Ballungszentren laanscht d'Küst an an den industrialiséierte Gebidder. Nëmmen ee Véirel vun der Bevëlkerung wunnt um Land. De gréissten Deel stellen d'Kastilier, d'Andalusier, d'Asturier an d'Aragoner duer, also all déi Leit déikastilesch schwätzen. Et sinn 73 %. 17 % si Katalanen, 7 % Galizier an 2 % Basken.

Relioun

[änneren |Quelltext änneren]

Traditionell sinn déi meescht Spuenier kathoulesch.

Sproochen

[änneren |Quelltext änneren]

D'Originne vun der spuenescherSprooch kommen aus demLatäin.A Spuenie gëttSpuenesch (Kastilesch),Katalounesch,Galizesch aBaskesch geschwat. Spuenesch ass déi offiziell Sprooch a ganz Spuenien, wärend déi aner dräi just an de jeeweilegen autonome Gebidder offiziell Sprooch sinn.Leoneesesch anAragoneesesch gëtt och a Spuenie geschwat, mä si sinn net als offiziell Sprooch unerkannt. Zu Valencia an op de Balearen ginn och nach Ofwandlunge vum Katalounesche geschwat:Valencianesch aMallorquinesch.

Educatioun

[änneren |Quelltext änneren]

All Spuenier muss vum 6. bis zum 16. Liewensjoer an d'Schoul goen. No der Primärschoul kommen nach dräi weider Joer hannendrun.

Ekonomie

[änneren |Quelltext änneren]

Bis an d'60er Jore war Spuenie gréisstendeels en Agrarland. D'Industrialiséierung huet vill ekonomesch Problemer mat sech bruecht, soudatt deChômage bei 20 % läit.Den Undeel vun derLandwirtschaft um Bruttoinlandprodukt läit bei 4 %, de vun derIndustrie bei 34 %. Den Déngschtleeschtungssecteur ass dee gréisste mat iwwer 60 %.

Déi wichtegst Industrieberäicher sinn d'Stolproduktioun, d'Autos- an d'Schëffsbauindustrie, d'Liewensmëttelproduktioun, d'Textilindustrie an d'Chimieindustrie.Déi meescht grouss Firme gehéieren auslännesche Bedreiwer, wéi z. B. VW oder Bayer. Den Aussenhandel ass net ausgeglach, héich Importer sti géint niddreg Exporter. Dësen Defizit wiesst ëmmer méi.

E wichtege Faktor ass denTourismus, deem säin Zouwuess all Joer ëm 10 % klëmmt.

Politik

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckt och:Lëscht vun de spuenesche politesche Parteien

De fréiere spuenesche Kinnek Juan Carlos

Zanter derConstitutioun vun1978 ass Spuenien engparlamentareschMonarchie. Säi Gouvernement huet awer méi d'Form vun engerRepublik wéi vun enger Monarchie.Déi konstitutionell Organer sinn:

D'Kroun ass ierflech an de Kinnek ass den ieweschte Chef vum Staat. D'Funktioune vum Kinnek sinn haaptsächlech op representatif Zwecker vun der Verfassung festgeluecht, souwéi op d'Benennen an d'Entlosse vu Regierungscheffer an d'Bestätege vun de Gesetzer.

De Kongress gëtt fir véier Joer gewielt a besteet aus ongeféier 400 Memberen.De Senat besteet aus 208 Memberen déi direkt vum Vollek gewielt ginn, déi aner 51 Membere gi vun de jeeweilege Parlamenter vun den Autonome Gebidder bestëmmt. De Senat wiesselt och all Kéier no véier Joer.

Spuenien ass zanter Januar1986 Member vun derEU.

Autonom Regiounen

[änneren |Quelltext änneren]

Déi autonom Gebidder (Comunidades Autónomas) vu Spuenien sinn:

Déi zwou autonom Stied (Ciudades Autónomas) sinn:

Fauna a Flora

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckt dozou och den ArtikelFauna a Flora a Spuenien.

A Spuenie gëtt et méi wéi 400 verschidde Gebidder déi ënnerNaturschutz stinn. Si hunn am Ganzen eng Fläch vun iwwer zwou an eng hallef Millioun Hektar, déi déi wichtegst Ökosystemer vun der Ibeerescher Hallefinsel an den Inselen zesummefaassen.

Kultur

[änneren |Quelltext änneren]

Infrastruktur

[änneren |Quelltext änneren]

Duerch déi ongëschteg landwirtschaftlech Bedéngungen ass et ganz schwéier déi noutwendeg Infrastrukturen duerch ganzt Land anstänneg ze bauen.Persounen- aGiddertransport ginn haaptsächlech iwwer d'Stroosennetz gemaach. Déi privat an déi staatlechEisebunngesellschafte sinn net an der Lag den Transport uerdentlech ze garantéieren.Duerch den Tourismus si vill internationalFluchhäfe laanscht d'Küst entstanen, wou och ganz wichtegHäfe sinn (Barcelona, Gijón, …).

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel:Portal:Spuenien.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Spuenien – Biller, Videoen oder Audiodateien
Memberstaate vun derEuropäescher Unioun
Aktuell Memberen
Fréier Memberen
Memberstaate vun derNATO
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Spuenien&oldid=2608588
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp