D'Sproochaktiounstheorie ass engTheorie um Gebitt vun derSproochphilosophie, déi seet datt mam Geschwaten net nëmmen Tatsaache festgestallt ginn, mä datt duerch d'Schwätzen u sech och ka gehandelt ginn. Dat Geschwatent huet also en direkten Afloss op d'Ëmwelt. Doraus resultéiert, datt eng Ausso net nëmme richteg oder falsch ka sinn, mä, am Bezuch op d'Handlung déi se duerstellt, och kann erfollegräich sinn oder net. Beispill: Wann de Buergermeeschter seet: "Ech erklären Iech zu Mann a Fra", dann existéiert d'Bestietnes duerch déi Ausso.
D'Sproochaktiounstheorie ass an den 1950er Jore vumJohn Langshaw Austin entwéckelt an duerno vu sengem SchülerJohn Searle weiderentwéckelt ginn
Dem Austin senger Theorie no loosse sech véier Akten ënnerscheeden, déi gläichzäiteg geschéien:
Den Austin huet am Ufank eng relativ einfach Andeelung vun de Sproochaktioune proposéiert:[1]
Déi méi eng elaboréiert Klassifikatioun vum Searle gebraucht 5 Klassen:[1]
| Representativ/Assertiv | behaapten, matdeelen, beriichten | Deen, dee schwätzt, mécht eng Ausso opgrond vu sengem Wëssen oder Glawen. Di ka richteg oder falsch sinn. |
| Direktiv | ufroen, befielen, uroden | Deen, dee schwätzt, riicht eng Fuerderung un den Empfänger a wëllt d'Welt a sengem Sënn veränneren. |
| Kommissiv | verspriechen, vereinbaren, ubidden, dreeën | Deen, dee schwätzt, verflicht sech selwer zu enger zukënfteger Handlung. |
| Expressiv | merci soen, begréissen, felicitéieren, kloen | Deen, dee schwätzt, dréckt seng psychesch Astellung aus, fir sozial Kontakter z'etabléieren an oprecht z'erhalen. |
| Deklarativ | ernennen, entloossen, deefen | Deen, dee schwätzt huet, an engem bestëmmten institutionelle Kader, Muecht. |