Am Computerberäich ass eSpellchecker eng Komponent oder eSoftware-Programm, dee geschriwwe ginn ass fir d'Korrektheet vun eenzele Wierder an engem Dokument z'iwwerpréiwen. Normalerweis bitt e Spellchecker zousätzlech eng Méiglechkeet un, fir Korrekturvirschléi unzeweisen.
Den éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht gouf vum LinguistJérôme Lulling an dem InformatikerPierre Mousel tëscht de Joren 2000 an 2002 ausgeschafft. A senger Dokterthees iwwer déilexikalesch Kreativitéit amLëtzebuergeschen huet de Jérôme Lulling 2002 beschriwwen, wéi hien eng Wierderlëscht vun 125.000 Wuertforme fir dësen éischtePrototyp vun engem Spellchecker entwéckelt huet a wéi een d'Concatenatioun, also d'Buschtawereiefolleg, semiautomatesch ka simuléieren, eng Method déi souwuel beim Projet Cortina wéi och beim Projet Luxdico erfollegräich agesat gouf[1]. Den Utilitär Cortina (Correcteur orthographique informatique appliqué à la langue luxembourgeoise) kann och d'Eifeler Reegel erkennen a verbesseren. Mam Projet Cortina gouf 2002 opgehalen.
De Spellchecker.lu ass am Abrëll 2006 als Projet vun dräi jonke Leit, déi zuKaiserslautern studéiert hunn, an d'Liewe geruff ginn. Et waren dat den Tom Goedert, de Luc Heischbourg an deMichel Weimerskirch. Vun Ufank 2008 u gouf de Projet just nach vum Michel Weimerskirch weiderentwéckelt. Am Joer 2009 war eng éischt mobil Versioun disponibel.
Eng nei Versioun, déi de 7. Oktober 2016 erauskoum, gouf an Zesummenaarbecht mat der Sandra Souza Morais ausgeschafft. De Spellchecker.lu huet du méi wéi 230.000 Wierder kannt[2].
D'Wierderlëscht an d'Affixreegele stinn ënner der Europäescher Lizenz fir fräi SoftwareEUPL a sinn dorop ausgeluecht, mat de gängege Softwaren ze funktionéieren déi umHunspell baséieren (LibreOffice,Mozilla Thunderbird,Mac OS X asw.) a gëtt reegelméisseg weiderentwéckelt.
De Plugin fir d'Eifeler-Reegel ze kontrolléieren ass proprietär a kann als Plugin fir de LibreOffice erofgeluede ginn oder online op der Websäit vu Spellchecker.lu benotzt ginn.
Am spéide Summer 2023 gouf de Spellchecker.lu vumZLS iwwerholl an ass zanterhier an enger verbesserter Versioun disponibel, mat där ë. a. d'Eifeler-Reegel direkt iwwerpréift gëtt.
E Spellchecker, am übleche Sënn vum Wuert, iwwerpréift just eenzel Wierder, ouni op de Kontext an engem Saz opzepassen. Sou kann et och virkommen datt follgend Sätz fir e Programm richteg sinn, obwuel se kee Sënn hunn:
"Dënn Thierry assden." an "Maach eng Fënsterob."
Gemengt war natierlech:
"Den Thierry assdënn." an "Maach eng Fënsterop."
E kontextsensitive Spellchecker kuckt bei der Korrektur och nach d'Semantik vun engem Saz. Doduerch kann de Programm an engem begrenzten Ëmfang de Sënn vun engem Saz erkennen, an deemno och Wierder als falsch markéieren, déi zwar richteg sinn, mä am falsche Kontext gebraucht goufen.
- ↑Dës Method erënnert un d'Aarbechte vum russesche MathematikerAndrei Andrejewitsch Markow (Hidden Markov Model), déi zum Beispill och vumLarry Page bei der Entwécklung vun der Internet-SichmaschinnGoogle benotzt gouf
- ↑Vun Zukunftskeess iwwer Hipster bis Pokémon