Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Space Shuttle

Vu Wikipedia
Space Shuttle
D'Atlantis start zu der Missioun STS-115
D'Atlantis start zu der MissiounSTS-115
Orbiter
Längt37,24 m
Spanwäit23,79 m
Fligelfläch249,9 m²[1]
Startmass (maximal)109.000 kg
Notzlaascht an engem niddregen Orbit24.500 kg
Notzlaascht zu der ISS16.400 kg
maximale Schub op Miereshéicht3*1.76=5,27 MN[2]
maximale Schub amVakuum3*2.09=6,27 MN
Reegelberäich vun den Haaptdreifwierker65% bis 109%
Asazhéicht185–643 km[3]
BesatzungMaximal 8 Persoune
Aussentank
Längt48,9 m
Duerchmuiesser10,4 m
Volumen2.030 m³
Eidelgewiicht26.556 kg
Startgewiicht757.000 kg
Booster (2 Stéck)
Längt45,6 m
Duerchmiesser3,71 m
Startgewiicht590.000 kg
Startschub2*12,46=24,92 MN
Ganzt System
Startmass2.046.000 kg
Startschub30,16 MN
Startschub/Startmasse14,74 m/s² = 1,5 g
maximalen Tempo am Betrib3 g
De NASA-Logo als Erënnerung un de Space-Shuttle-Programm

DeSpace Shuttle (englesch firRaumfär), kuerzShuttle, ass eRaumfärentyp, dee vun der US-RaumfaartadministratiounNASA entwéckelt gouf.[4] D'Komponente sinn nieft der Raumfär (Orbiter) enexternen Dreifstofftank an zwouFeststoffrakéiten. De ganze System bezeechent een alsSpace Transportation System, kuerzSTS. Fachlech gëtt nëmmen den Orbiter als Space Shuttle bezeechent.

De Shuttle ass aus dem Versuch erausgaangen, e Raumgefier ze bauen, dat méi wéi eemol konnt gebraucht ginn. Dat sollt d'Onkäschte géintiwwer deene bis dohi gebrauchteRakéiten drécken. Beim ale System sinn allRakéitestufen nëmmen eemol gebraucht ginn. Déi Erspuernesser konnten zwar net erreecht ginn. E Shuttlestart kascht an der Tëschenzäit knapps eng hallef Milliard Dollar, ongeféier fënnefmol sou vill wéi e Start mat enger onbemannter Eeweerakéit mat der selwechter Notzlaaschtkapazitéit an ass an der Lescht bis op gutt eng Milliard Dollar geklommen.[5]

D'Raumfär ka gläichzäiteg 24,5 Tonnen Notzlaascht souwéi 7 Astronauten an engniddreg Äerdëmlafbunn (tëscht ongeféier 200 a 650 Kilometer Bunnhéicht) bréngen. Zudeem ass de Shuttle mat Hëllef vun Andockadaptere fäeg, un enger Raumstatioun (hautISS, fréierMir) unzedocken. Duerch seng Fäegkeet zum gläichzäitegen Transport vu Mannschaft a Fracht ass de Shuttle villsäiteg ze gebrauchen, beispillsweis kënneSatellitte reparéiert oder op d'Äerd zeréckbruecht, oder den Opbau an d'Versuergung vun enger Raumstatioun ënnerstëtzt ginn.

Zanter dem leschtenApollo-Fluch am Joer1975 ass de Shuttle déi eenzeg Méiglechkeet vun denUSA, mat eegene Mëttele Mënschen an deWeltraum ze bréngen. Den éischte Fluch vum System war am Joer1981, zanterhier goufen iwwer 130 Flich gemaach, woubäi et zweemol zu fatalen Accidenter koum, bei deenen all Kéier 7 Astronauten ëm d'Liewe koumen. Zu de wichtegsten Erfolleger gehéieren d'Aussetze vu verschiddene Raumsonde souwéi vumHubble-Weltraumteleskop, verschidde Flich mat agebaute Laboratoiren, Flich bei d'russesch Mir-Statioun souwéi bei d'International Raumstatioun (ISS). Am Ganze goufe fënnef raumfluchfäeg Orbiter gebaut, vun deenen no Ausserdéngschtstellung, de Space Shuttle „Atlantis“ den8. Juli2011 fir d'lescht gestart ass.[6] Als Nofollger ass d'MPCV-Raumschëff an Entwécklung, dat méiglecherweis vun2016 un asazbereet ass.

Raumfluchfäeg Orbiter

[änneren |Quelltext änneren]

Zanter dem Ufank vun de Shuttle-Flich am Joer1981 waren am Ganze fënnef verschidde Space Shuttlen an de Weltraum geflunn. Dovu ware bis zu der Astellung vum Programm am Joer2011 nach dräi Stéck (Discovery,Atlantis anEndeavour) am Asaz. Zwéi Space Shuttlen (Columbia anChallenger) goufe bei Onglécker an de Joren1986 an2003 zerstéiert.

NummOV-Nr.Éischte StartÉischt MissiounLeschte StartLescht MissiounZuel vu MissiounenBemierkung
ColumbiaOV-10212. Abrëll1981STS-116. Januar2003STS-10728Éischte raumfluchfäegen Orbiter. Zerstéiert duerch eng futtis Hëtzschëldverkleedung beim Neesantrëtt an d'Armosphär den1. Februar2003. Siwe Crewmembere koumen dobäi ëm d'Liewen.
ChallengerOV-0994. Abrëll1983STS-628. Januar1986STS-51-L10Zerstéiert kuerz nom Start den28. Januar1986 duerch en Defekt un engem Feststoffbooster, déi siwe Crewmembere koumen dobäi ëm d'Liewen.
DiscoveryOV-10330. August1984STS-41-D24. Februar2011STS-13339Lescht Landung den9. Mäerz2011.
AtlantisOV-1043. Oktober1985STS-51-J8. Juli2011STS-13533Lescht Landung den21. Juli2011.
EndeavourOV-1057. Mee1992STS-4916. Mee2011STS-13425Lescht Landung den1. Juni2011, Ersatzorbiter fir Challenger.

Kuckt ouch

[änneren |Quelltext änneren]

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]
  • David Baker:Die neuen Space Shuttles – Columbia, Enterprise & Co. Arena, 1979,ISBN 3-401-03882-6
  • Dennis R. Jenkins:Space Shuttle: The History of the National Space Transportation System. Midland Publishing, 2006,ISBN 978-1-85780-116-3
  • Pat Duggins:Final Countdown: NASA and the End of the Space Shuttle Program University Press of Florida, 2009,ISBN 978-0-8130-3384-6

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Space Shuttle – Biller, Videoen oder Audiodateien

Quellen

[änneren |Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Space Shuttle Technical Conference pg 238
  2. Space Shuttle Main Engines
  3. Space Shuttle BasicsArchivéiert den 19.01.2011.Gekuckt den 09.07.2011.
  4. NASA:Shuttle Reference Manual, 7. April 2002, ofgeruff de 24. September 2009 (englesch)
  5. US-Raumfähren
  6. NASA's Shuttle and Rocket Launch Schedule
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Space_Shuttle&oldid=2574855
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp