Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Sowjetesch Raumfaart

Vu Wikipedia
Wirtschaftshow zu Moskau - Hal vum Kosmos (1968)

D'sowjetesch Raumfaart huet zanter dem Start vumSputnik 1 am Joer1957 weltwäit als féierend gegollt; zäitweis huet denUS-amerikaneschenApollo-Programm mat derMoundlandung1969 hir de Rang oggelaf, si war awer weider virun allem am Beräich vun orbitale Statioune present.

Grondlagen

[änneren |Quelltext änneren]

Déitheoreetesch Grondlage vumWeltraumfluch goufe schonn am Ufank dem20. Joerhonnert vumrussesche WëssenschaftlerKonstantin Ziolkowski geluecht. Géint Ufank vuméischte Weltkrich hat dat zaristescht Russland a spéider dunn d'UdSSR mam Bau vu klenge Rakéiten ugefaangen,. Bekannt gouf virun allem ënner dem NummStalinuergel den zanter1938 militäresch agesateKatjuscha-Rakéitewerfer.

E wichtegen Impuls fir de sowjeteschen, geneesou wéi fir den US-amerikanesche Rakéiteprogramm war déi däitsch RakéitV2, déi no1945, begleet vun enger Rei vun Ingenieuren, als Krichstroffee an d'Sowjetunioun koum. Dës éischt Groussrakéit gouf analyséiert, nogebaut a schrëttweis a Prezisioun, Notzlaascht a Reechwäit verbessert. Anescht wéi an den USA, wou ë. a. de fréiere Chef vum däitsche Rakéiteprogramm, deWernher von Braun d'Weiderentwécklung geleet hat, goufen déi däitsch Techniker net an de sowjetesche Programm iwwerholl, mä no gemaachter Aarbecht nees an Däitschland geschéckt.

De Sergei P. Koroljow op engem sowjeteschen Timber (1969)

De wichtegste Kapp vun der sowjetescher Rakéitenentwécklung war deSergei Koroljow, deem seng Identitéit am Westen eréischt no sengem Doud, de14. Januar1966 bekannt gouf. De sowjetesche Raumfaartprogramm war, wéi den amerikanesche vun Ufank un enk un de militäreschen Interessi gebonnen an ënnerlouch strengster Geheimhalung. De Koroljow war, gradewéi de von Braun, vun de Raumfaartméiglechkeete faszinéiert, konnt sech awer ufanks nëmme hanner de Kulisse fir d'Benotze vu Groussrakéite fir friddlech Zwecker asetzen.

Déi sowjetesch Raumfaart war anescht organiséiert wéi déi vun den USA. Déi amerikanesch Rakéitenentwécklung gouf an den dräi Deelsträitkräften Arméi, Marinn a Loftwaff getrennt gemaach. Sou stoung dem von Braun sengRedstone-Entwécklung a Konkurrenz zu engem Marinne-Programm. Spéider gouf du mat derNASA eng eegen Agentur fir déi zivil Raumfaart gegrënnt, wärend déi militäresch Rakéitenentwécklung weider bei den dräi Deelsträitkräfte blouf.

An der UdSSR gouf dergéint eng eegen Deelsträitkraaft geschaf: Déikosmesch Sträitkraaft (WKS – Wojenno Kosmitscheskije Silui), déi souwuel fir déi militäresch wéi och fir déi zivil Entwécklung zoustänneg war. Eréischt mat der Grënnung vun derrussescher Federatioun1992 gouf och do eng eegen, zivil Raumfaartagentur d'Roskosmos gegrënnt.

Entwécklung

[änneren |Quelltext änneren]
R-7 zu Moskau

Als grouss Ingenieursleeschtung vum Koroljow, well besonnesch einfach an domat zouverlässeg, gëllt déi ufanks alsInterkontinentalrakéit konzipéiertR-7. Si gouf mat nëmme klenge Variatiounen déi am meeschten agesatDrorakéit weltwäit a gëtt bis haut als Dréier vumSojus-Raumschëff a vumProgress-Transporter agesat, ë. a. fir de Mannschaftstransport fir d'ISS an hir Versuergung.

Mat enger R-7 war och deSputnik 1 de4. Oktober1957 gestart, den éischtenÄerdsatellit – eng Sensatioun, déi och am Westen Begeeschterung fir d'Raumfaart bruecht hat. De Start war am Kader vumInternationale Geophysikalesche Joer1957 erfollegt an hat an de westleche Länner zum sougenannteSputnikschock gefouert.

De gréissten Erfolleg vun der sowjetescher Raumfaart awer war de Fluch vumJuri Gagarin, dem éischte Mënsch am Weltraum. No der erfollegräicher Äerdëmkreesung den12. Abrëll1961 gouf hien zu Moskau an an der ganzer Welt mat grousser Begeeschterung gefeiert. Beim Lenin-Prospekt zuMoskau gouf1980 dat gewaltegt,futuristescht Gagarin-Denkmal opgeriicht.

Fir déi sowjetesch Féierung a fir de RegierungschefNikita Chrustschow koumen dës Erfolleger zimmlech onerwaart. Et gouf awer net vergiess, fir se propagandistesch auszenotzen, fir d'Iwwerleeënheet vumKommunismus ze demonstréieren.

Wettlaf zum Mound

[änneren |Quelltext änneren]

D'Sowjetunioun huet och bei derCourse op de Mound matgemëscht a konnt do mat deLunik-Missioune schonn1959 Erfolleger verbuchen a vun1963 mat demLuna-Programm weiderféieren. Fir eng bemannt Missioun hätt een eng nei grouss Drorakéit gebraucht, awer nom Doud vum Koroljow am Joer1966 hunn s et net méi fäerdegbruecht d'Mëttelen an d'Fäegkeeten erfollegräich op déi Aufgab ze konzentréieren. No en ettleche Feelstarte gouf mat den Aarbechten un der gewaltegerN1-Rakéit1974 opgehalen an de sowjetesche bemannte Moundprogramm gestrach.

Planéitesonden

[änneren |Quelltext änneren]

MatLunochod goufen nach bemierkenswäertRoboter-Missiounen op de Mound gemaach. Déi verschidde Missiounen op deMars waren awer keng Erfolleger. Vun deMars-Sonde war Mars 1 am Joer1962 gestart an hat och de Planéit erreecht, konnt awer wéinst technesche Problemer keng Donnéeë liwweren. Änlech ergoung et och dem Mars 2 an 3, déi1969 gestart waren. Déi1973 fortgeschéckt Sonde 4 bis 7 ware mat Elektronikproblemer geplot, nëmme Mars 5 hat eng Rei Fotoe geliwwert. Och déi béidFobos-Sonde fir Erfuerschung vum MarsmoundPhobos am Joer1988 konnten hiert Zil net erreechen.1996 gouf och déi russeschMars 96-Sond no engem Feelstart ofgeschriwwen.

D'Sonden op den NopeschplanéitVenus hate méi Erfolleg. Tëscht1965 an1984 goufen am Ganze fofzéngVenera-Missioune gestart, mat haaptsächlech erfollegräichem Verlaf, woubäi vill Donnéeën, Radarkartéierungen an héichopgeleist Fotoen iwwermëttelt goufen. Tëscht1984 an1986 hu sech ënner Bedeelegung vun internationale Wëssenschaftler, d'Vega 1 an 2 Missiounen ugeschloss. Dobäi goufe Landesonden op der Venus ofgesat, gefollegt vun engemRendez-vous mat dem Koméit Halley. Wann och nëmme wéineg wëssenschaftlech neit Material entstoung, sou hunn d'Vega-Missiounen dach demonstréiert, datt se technologesch weider op der Héicht waren.

Buran an Energija

[änneren |Quelltext änneren]
D'Raumfähr Buran,1997 op enger Ausstellung

Mat der Entwécklung vun der RaumfährBuran mat der DrorakéitEnergija hat d'Sowjetunioun vun1976 un nach eng Kéier en neien, technologesch éiergäizege Weltraumprojet gestart. Op den éischte Bléck huet et dem US-amerikaneschenSpace Shuttle geglach, de System war awer méi flexibel konzipéiert. D'Energija war als eegenstännegDrorakéit mat 96 Tonnen, spéider alsVulkan mat 175 Tonnen Notzlaascht (fir enniddregen Äerdorbit) ausgeluecht an och fir e weidere Gebrauch gebaut. Déi relativ kleng Dreifwierker vum Buran goufe beim Start eréischt nom Erreeche vum Weltraum agesat. Dat hat et dem Buran erméiglecht, méi eng héich Notzlaascht vun 30 Tonnen, amplaz vu 25 Tonne vum ongeféier grad sou grousse Shuttle matzehuelen.

No enger Rei erfollegräicher, onbemannter Testflich gouf de Programm1993 offiziell agestallt, nodeems duerch d'Opléisung vun der Sowjetunioun de Budget ofgebrach war. Déi eegestänneg asetzbar Energija war duerno och kommerziell net méi ze benotzen.

D'RaumstatiounMir am Äerdorbit

An d'Bléckfeld vn der Weltëffentlechkeet koum d'sowjetesch Raumfaart zulescht virun allem mat derRaumstatioun Mir. Tëscht dem Start vum19. Februar1986 an dem gezilten Ofstuerz den23. Mäerz2001 goufen hei vill wëssenschaftlech Experimenter bedriwwen a Rekorder gebrach.

Iwwergank an déi russesch Federatioun

[änneren |Quelltext änneren]

Déi sowjetesch Ressourcë vu Mënschen a Material goungen domat gréisstendeels un déi russesch RaumfaartagenturRoskosmos (ufanks RKA) iwwer, déi vill vun de Projete fort- oder nei a Gank gesat huet. Zum Deel war dat an Zesummenaarbecht mat derUkrain, demKasachstan an anereGUS-Staaten, déi fréier en Deel vun der UdSSR waren, geschitt.

Grouss Deeler vun der sowjetescher Raumfaartgeschicht sinn amKosmonautemusée zu Moskau dokumentéiert.

Meilesteng

[änneren |Quelltext änneren]

Meilesteng an Éischtleeschtungen an der sowjetescher Raumfaart waren:

amerikanesch Gedenkplakett fir de Juri Gagarin
Blockeditioun vun der sowjetescher Post (1965); lénks: de Beljajew, riets: den Leonow

De villen Éischtleeschtunge stinn awer och Feelprojete géigeniwwer, wéi déi laang geheim gehale Moundrakéit N1 oder d'RaumfährBuran, déi no engem onbemannten Asaz ausrangéiert gouf. Vill Detailer iwwer Feelschléi goufen eréischt no derPerestroika bekannt.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]
  • Alfred Gugerell:Von Gagarin zur Raumstation Mir. Gugerell,Traisen (Niederösterreich)1998,ISBN 3-9500500-0-0.
  • Dennis Newkirk:Almanac of Soviet Manned Space Flight. Gulf Pub Co,Houston1990,ISBN 0-87201-848-2.
  • Peter Stache:Sowjetische Raketen. Elbe-Dnjepr-Verlag,Klitzschen (Sachsen)2001,ISBN 3-933395-27-5.
  • Matthias Schwartz:Die Erfindung des Kosmos: zur sowjetischen Science Fiction und populärwissenschaftlichen Publizistik vom Sputnikflug bis zum Ende der Tauwetterzeit. Lang, Frankfurt am Main2003,ISBN 3-631-51225-2.
  • Philipp Meuser (Hrsg.):Architektur für die russische Raumfahrt. Vom Konstruktivismus zur Kosmonautik. DOM Publishers, Berlin2013,ISBN 978-3-86922-219-6.
  • Levantovskij, Vladimir I., Leškovcev, Vladimir A., Rachlin, Il'ja E.:Sovetskaja raketa issleduet kosmos (Die sowjetische Rakete erforscht den Kosmos). Moskau, Verlag Gos. Izd. Fiz.-Mat. lit., in kyrillischer Schrift,1959.
  • Stefan Scholl:Anarchie im All. In:Brand eins. Nr. 10,2008,ISSN 1438-9339(PDF)

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Sowjetesche Raumfaartprogramm – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
    Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Sowjetesch_Raumfaart&oldid=2658165
    Kategorie:
    Verstoppt Kategorie:

    [8]ページ先頭

    ©2009-2026 Movatter.jp