Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Sojus TMA-15M

Vu Wikipedia
Sojus TMA-15M
RaumschëffSojus 7K-STMA-Z
Seriennummer 715
Mass?
DrorakéitSojus FG (GRAU-Index 11A511FG)
Crew3
Start23. November2014, 21:01UTC
StartplazBaikonur LC-31/6
StatiounISS
Station UndockmodulRasswet
Ukopplung24. November2014, 02:49 UTC
Dauer199d 16h 43min
Landung11. Juni2015, 13:44 UTC
LandeplazKZ-KAR
Bunnschréi51,65°
Terry Virts, Anton Schkaplerow, Samantha Cristoforetti

Sojus TMA-15M ass eng Missiounsbezeechnung fir de Fluch vumrussesche RaumschëffSojus zu derInternationaler Raumstatioun. Am Kader vum ISS-Programm huet de Fluch d'Bezeechnung ISS AF-41S kritt. Et war den 41. Besuch vun engem Sojus-Raumschëff un d'ISS an den 147. Fluch am Sojusprogramm.

Crew

[änneren |Quelltext änneren]

Haauptcrew

[änneren |Quelltext änneren]

Ersatzcrew

[änneren |Quelltext änneren]

Missiounsbeschreiwung

[änneren |Quelltext änneren]

D'Missioun hat dräi Crewmemberen zu denISS-Expeditiounen 42 an43 op d'International Raumstatioun bruecht.

Sojus TMA-15M hat plangméisseg am "Express-Modus", d. h. no véierÄerdëmleef um russeschen ISS-ModulRasswet ugekoppelt.

Nom Feelstart vum RaumtransporterProgress M-27M gouf d'Landung op Ufank Juni verréckelt, a spéider op den 11. Juni konkreetiséiert.

D'Sojus TMA-15M hat den11. Juni2015 pünktlech um 10:20UTC mat Schkaplerow, Cristoforetti a Virts u Bord ofgekoppelt. Domat hat op der ISS d'Expeditioun 44 matGennadi Padalka als Kommandant ugefaangen. De 4 Minutte an 40 Sekonnen laangenDeorbit Burn hat um 12:51 UTC op enger Distanz vun 12 km zu der ISS ugefaangen an hat d'Landekapsel um 13:21 UTC an déi dicht Beräicher vun derÄerdatmosphär bruecht. DeBremsschierm gouf op enger Héicht vun 10,8 Kilometer Höhe aktivéiert, an op enger ongeféier 7,5 Kilometer Héicht hat sech dann de risege wäiss-orange gesträiften Haaptfallschierm opgemaach. D'Landung war um 13:44 UTC 162 km südëstlech vuScheskasgan bei schéinemWieder matzen an derSteppeKasachstan erfollegt.

Galerie

[änneren |Quelltext änneren]
  • De Rollout vun der Rakéit den 21. November 2014
    De Rollout vun der Rakéit den21. November2014
  • De Start vum 23. November
    De Start vum 23. November
  • Nom Ofdocken den 11. Juni 2015
    Nom Ofdocken den11. Juni2015
  • D'Crew mat den Hëllefsleit kuerz no der Landung
    D'Crew mat den Hëllefsleit kuerz no der Landung

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Sojus TMA-15M – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Sojus_TMA-15M&oldid=2536522
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp