Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Snæfellsnes

Vu Wikipedia
Lokalisatioun

Snæfellsnes ass eng Hallefinsel an Weste vunIsland. Se läit westlech vumBorgarfjörður. No Norden hi läit se umBreiðafjörður-Fjord, no Süden hin un derFaxaflói-Bucht.

Den Numm heescht souvill wéi Schnéibierg-Hallefinsel, a bezitt sech op deSnæfellsjökull, en 1.446 héijeStratovulkan op der westlecher Spëtzt vun der Hallefinsel. Dëse läit amSnæfellsjökull-Nationalpark, engem vun de véier Nationalparken an Island.

Op der Hallefinsel leien d'GemengeSnæfellsbær,Helgafellssveit,Grundarfjörður,Stykkishólmur an en Deel vuDalabyggð mat hiren Uertschaften.

BeiHellissandur steet deSendemast Gufuskálar vum islännesche Radio, dee mat senge 412 Meter dat héchst Bauwierk an Europa ass.

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]
  • Ari Trausti Guðmundsson, Lebende Erde. Facetten der Geologie Islands. Reykjavík, Mál og Menning, 2007.
  • Thor Thordarsson, Ármann Höskuldsson: Iceland. Classic Geology in Europe 3. Harpenden, Terra, 2002, S. 162 ff.

Biller

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Snæfellsnes – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Snæfellsnes&oldid=2170462
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp