Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Smartphone

Vu Wikipedia
Dräi Smartphonë mat engemAndroid-Betribssystem

ESmartphone ass emobillen Apparat, deen d'Funktioune vun engemHandy a vun engemComputer verbënnt. En ënnerscheet sech vun engem "klasseschen" Handy duerch seng méi staarkHardware-Ausstattung an ëmfangräich mobilBetribssystemer, déi nieft de Kärfunktioune vum Telefon (Sproochappellen an Textnoriichten) och méi breetSoftware-,Internet aMultimediafunktiounen (Musek, Video, Kamera, Spiller) erméiglechen.

De Smartphone gëtt iwwer enTouchscreen navigéiert. E kann entweeder iwwer d'mobil Breetbandverbindung vum GSM-Operateur oder iwwerWLAN mam Internet verbonne ginn.

Zënter ongeféier 2010 assAndroid dat meeschtverbreet Smartphone-Betribssystem a gëtt vu bal alle Produzente benotzt. Deen eenzeg anere wäitverbreete Betribssystem assiOS, deen nëmmen op Apparater vunApple funktionéiert.

Déi éischt Handye mat Smartphone-Funktioune gouf et an de spéiden 1990er Jahren. De Begrëff "Smartphone" ass 1999 vun der schweedescher EntrepriseEricsson fir d'éischt benotzt ginn. Wéi Apple 2007 deniPhone erausbruecht huet, huet dat den Handysmaart revolutionéiert an de Smartphone huet sech ëmmer méi séier verbreet. Haut sinn déi meescht Handyen, déi verkaaft ginn, Smartphonen. Duerch de permanent méiglechen Internetzougank mam Smartphone huet dat och e Wandel am Internetgebrauch mat sech bruecht, besonnesch bei sozialen Netzwierker wéiFacebook. Et huet och nei Kommunikatiounsformen erméiglecht iwwer Déngschter wéiWhatsApp oderInstagram. Déi Méiglechkeet vun enger permanenter Notzung kann awer och zu engerSmartphonesucht féieren an d'Sozialbehuele vun de Benotzer veränneren.

Biller

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Smartphonen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Smartphone&oldid=2597836
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp