Slowenien huet sech de 25. Juni 1991 vu Jugoslawien onofhängeg gemaach. D'Land gouf den 1. Mee 2004 mat néng anere Länner Member vun derEuropäescher Unioun. Den 1. Januar 2007 gouf denEuro, deen desloweeneschen Tolar ofgeléist huet, agefouert.
Haaptstad vu Slowenien ass mat ronn 260.000 AwunnerLjubljana. Si läit zentral an ass doduerch Dréischeif vum Verkéier.
Trotz senge klengen Dimensiounen (24 % vun Éisträich) sinn a Slowenien d'Landschafte ganz verschidden. Am Nordweste läit d'Biergkette vun deJuleschen Alpen,Karawanken aSteiner Alpen, déi geologesch zu de südlecheKalkalpe gehéieren. Am Nationalpark Triglav läit déi héchst Spëtzt vumTriglav (2.864 m), héchste Punkt vum Land, no deem de sloweenesche Nationalpark genannt ass, deen och am sloweeneschen Nationalwope säin Ausdrock fënnt.
Vun de véier wichtegsteFlëss hunn der zwéin hir Quell an de Juleschen Alpen – d'Soča (ital. Isonzo) an d'Save (slow. Sava). Déi zwéi gréisst Flëss kommen awer ausÉisträich, nämlech d'Drau (slow. Drava) an d'Mur (slow. Mura). Wärend d'Soča an hirem ënneschte Laf italieenesche Buedem bewässert, an an d'Adria leeft, fléissen d'Save, d'Drau an hiren Niewefloss, d'Mur, no Osten an d'Donau (D'Mëndung ass aKroatien respektiv Serbien). Iwwer d'Hallschent vun der Landesfläch besteet aus Bëscher.
Am Nordoste vum Land dominéiere mëttelhéich Bierger an hiwweleg Landschaften, déi nordëstlech vun der Mur an d'Flaachland an an d'Hiwwele vumIwwermur-Gebitt (sloween.Prekmurje) iwwergeet, wärend an der Mëndungsgéigend Drau-Mur déi 50x20 km² grouss "Murinsel"Medimurje scho gréisstendeels op kroateschem Staatsgebitt läit. An der Mëtt an am Süde vum Land, en Deel vun der HallefinselIstrien, fënnt ee grouss typeschKarstflächen. Am äusserste Südweste vum Land läit déi 47 km laang Küst laanscht d'Adriatescht Mier. Dat ass den déifste Punkt vum Land. Zanter datt Slowenien sech vum fréiere Jugoslawie getrennt huet, huet Slowenien en eegene Mierkorridor, iwwer deen et elo matKroatien abezunn iwwer de Schëffsverkéier verhandelt.
Ethnesch Struktur: 83,06 %Sloweenen, 1,98 %Serben, 1,81 %Kroaten, 1,1 %Bosnier, kleng autochthon Minoritéite vunItalieener anIstrien (0,11 %),Ungarn an der ëstlecher RegiounPrekmurje (0,32 %), souwéi Aléisträicher (0,03 %, dt. Mammesprooch: 0,1 %, dorënner eng kleng Grupp vuGottscheer déi iwwereg bliwwe sinn). Bei 8,90 % vun der Bevëlkerung ass et net méiglech se ethnesch ze klasséieren, well keng Donnéeë virleien.
Bei enger Vollekszielung vun 2002 bekenne sech 57,8 % vun de Sloweenen zurRéimesch-Katholescher Kierch, 2,5 % siMoslemen, 2,3 %orthodox, 0,9 %Protestanten.(Als "Gleeweg, ouni Konfessioun" bezeechne sech 3,5 % vun de Sloweenen, alsAtheisten 10,1 %. Bei 22,8 % vun de Sloweene feelt d'Ausso).
Et gëtt allgemeng ugeholl, datt sech déi slawesch Virfahre vun de Sloweenen am6. Joerhonnert an d'Gebitt vum haitege Slowenien komm sinn a sech do niddergelooss hunn. Am7. Joerhonnert ass dat slawescht FürstentumKarantanien (Karantanija) am haitege Kärnten entstanen, den éischte Staat, slawescher Herkunft dee villes mat de sloweenesche Virfahre gemeinsam hat. Och wann et weeder eng territorial nach eng politesch Verbindung mat de Sloweene gouf, gëtt dëst Fürstentum allgemeng a Slovenien als éischte Sloweenestaat gesinn. Am Verlaf vun den zwee follgende Joerhonnerte koum Karantanie fir d'éischt ënner bayeresch, an du fränkesch Herrschaft. An der Mëtt vum 10. Joerhonnert war no der Victoire vum Kinnek a spéidere KeeserOtto I. an derSchluecht um Lechfeld (bei Augsburg) de Wee fir d'Kolonisatioun am Oste vumHellege Réimesche Räich fräi. An der Mëtt vum 13. Joerhonnert goufe grouss Géigende vu Slowenien habsburgesch, mat Ausnam vun der Grofschaft vun der Sanegg zuCilli (Celje). Duerno stoung Slowenien bis zum Enn vumÉischte Weltkrich - mat enger kurzer Ënnerbriechung wärend denNapoleonesche Kricher - ënner habsburgescher Herrschaft.
Am19. Joerhonnert huet d'Nationalbewusstsein ëmmer méi zougeholl an dat huet 1918 zur Proklamatioun vumKinnekräich vun de Serben, Kroaten a Sloweene gefouert;Italien huet duerop hin d'sloweenesch Küsteregioun, déi d'Kinnekräich dunn 1920 amGrenzvertrag vu Rapallo offiziell kritt hat, missen ofginn. Dat huet zu Ausenanersetzunge mat Italie gefouert. Okkupéiert vun de slaweschen Truppe gouf déi deemoleg Untersteiermark mat der Haaptstad Marburg ouni Referendum u Jugoslawien ugeschloss. 1929 ass d'Land dunn no engem Staatsstreech an d'Kinnekräich Jugoslawien ëmbenannt gi. Doduerch hunn d'Serben am Kinnekräich ëmmer méi dominéiert. Ausserdeem hunn d'Sloweenen de Verloscht vun hirer Küsteregioun staark bedauert. Well sech de Kinnek den Achsemuechte rapprochéiert huet, koum et zu Opstänn, an de Kinnek gouf ofgesat. Doropshin hunn d'Achsemuechte reagéiert; si sinn 1941 kurzerhand a ganz Jugoslawien ageréckt an hu Slowenien ënner Italien, Ungarn an Däitschland opgedeelt. Dat hat zur Folleg, datt onmëttelbar duerno eng vu Kommunisten dominéiert Fräiheetsfront (Osvobodilna Fronta) gegrënnt gouf. Eng Rei vu Partisaneverbänn hu sech forméiert. NomZweete Weltkrich gouf souzesoen déi ganz däitschsproocheg Minoritéit aus Revanche verdriwwen. Massakere sinn och net ausbliwwen.
Nom zweete Weltkrich ass den 29. November 1945 d'Demokratesch Federativ Volleksrepublik Jugoslawien, déi sech 1963 a Sozialistesch Federativ Republik Jugoslawien (SFRJ) ëmgedeeft huet, gegrënnt ginn. Déi staark Onzefriddenheet mat derBelgrader Regierung ass an den 1980er Joren ëmmer méi gewuess an et koum de 25. Juni 1991 zu engerOnofhängegkeetserklärung vu Slowenien. Jugoslawesch Truppe sinn amarschéiert an d'Sloweenen hu sech mat Erfolleg géint si gewiert. D'Ausscheedung aus der Jugoslawescher Republik ass zimmlech ouni gréisser Problemer erfollegt an den 23. Dezember 1991 huet sech Slowenien eng demokratesch Verfassung nom europäesche Virbild ginn. Slowenie gouf kuerzerhand vun allen europäesche Länner unerkannt, Bäitrëttsverhandlunge mat der EU opgeholl, wat den 1. Mee 2004 zu sengem Bäitrëtt gefouert huet. Vum 8. Oktober 1991 bis den 31. Dezember 2006 war déi offiziell Wärung denTolar. Den 1. Januar 2007 gouf et Member vun derEurozon.
Ieweschte Chef vun der Republik Slowenien ass dePresident, deen awer haaptsächlech nëmmen eng representativ Funktion ausübt an all fënnef Joer direkt vum Vollek gewielt gëtt. Hien ass en Deel vum exekutive Pouvoir, deen hien zesumme mam Ministerpresident a mat der Ënnerstëtzung vum Ministerrot ausübt. Dës béid gi vun der Nationalversammlung gewielt.
Dat sloweenescht Parlament besteet aus zwou Chamberen: DerNationalversammlung (Državni zbor) a demNationalrot (Državni svet). D'Nationalversammlung setzt sech aus 90 Deputéierten zesummen, déi zum Deel duerch eng direkt Wal respektiv op Basis vun engem Proporzsystem bestëmmt ginn. Déi autonom Minoritéite vun Italieener an Ungarn profitéiere vun engem garantéierte Volleksgruppemandat. A Froen, déi sech exklusiv op d'Rechter vun der Minoritéit bezéien, hunn dës Volleksgruppendeputéiert en absolutVetorecht.
An den Nationalrot gi 40 Deputéierten aus sozialen, wirtschaftlechen a regionalen Interessesgruppe geschéckt. D'Parlamentswale ginn all véier Joer ofgehalen.
Slowenien ënnerhält gutt Bezéiungen zu Lëtzebuerg. Am Zweete Weltkrich gouf nämlech déi lëtzebuergesch Fräiwellegekompanie vun den Däitschen no Slowenien versat, fir do géint d'Partisanen agesat kënne ze ginn. D'Lëtzebuerger hunn du gemeutert a goufen du vun den Däitschen an de Prisong oder an d'Kazett gestach. D'Sloweenen, déi zu hinnen Zougank haten hu si heemlech versuergt. D'Sloweenen hunn hinnen héich ugerechent, datt si sech geweigert hunn, fir op d'Partisanen ze schéissen. Zanter deemools sti lëtzebuergesch a sloweenesch betraffe Familljen nach ëmmer an enker Bezéiung.
An derWeltbank an amInternationale Wärungsfong si Lëtzebuer a Slwenien des Weideren an der selwechter Grupp a ginn an hire Verwaltungsréit duerch een an de selwechten Exekutivdirekter vertrueden. Dat trëfft och fir d'BERD zou.
Vu sämtleche Länner aus Osteuropa, déi der Europäescher Communautéit nei bäigetratt sinn, ass Slowenien de Musterschüler, dat Land, wou d'Privatisatioun am beschten iwwer d'Bün gaangen ass a wou d'Ekonomie sech eenegermoossen, ouni allzegrouss Schwieregkeeten, un de westleche Standard ugepasst huet. Slowenien huet eng gemëscht Wirtschaft, déi op der enger Säit op déi lokal Traditioune vum Handwierk an der Landwirtschaft opgebaut ass, an zum aneren den Usprëch vu modernen Dengschtleeschtunge gerecht gëtt. Slowenien ass mat knapps zwou Milliounen Awunner zwar e klengt Land, ass awer wirtschaftlech ganz gesond.
Pro-Kapp läit d'Akommes vun de Sloweenen am europäesche Mëttelfeld. Zanter dem 1. Januar 2007 ass denEuro déi offiziell Wärung vu Slowenien.
An der Industrie si ronn 40 % vun der aktiver Bevëlkerung beschäftegt. D'Liewensmëttelindustrie huet mat iwwer 10 % de gréissten Undeel un der gesamter Industrieproduktioun. Nieft hir sinn d'Elektro- an d'Elektronikindustrie (zirka 10 %), d'Metallveraarbechtung an de Maschinnebau (10 %) wéi och déi cheemesch a pharmazeutesch Industrie (9 %) vu gréisserer Bedeitung. Eng nei Industriebranche, déi ëmmer méi Bedeitung kritt ass d'Automobilindustrie (an d'Automobilzouliwwerungsbranche am wäitste Sënn) ë. a. wéinst den neie Renault-Wierker.
Zanter senger Onofhänegkeet am Joer1991 huet Slowenien säinDéngschtleeschtungssecteur staark ausgebaut; e begräift mëttlerweil 53 % vun den Aarbechtsplazen am Land. Slowenien huet ee fir Mëtteleuropa gutt ausgebaute Verkéierssystem. Nieft de kulturellen a wirtschaftlechen Zentren zuLjubljana, Haaptstad mat eegenem internationaleFluchhafen) aMaribor besti virun allem an de Juleschen Alpen an un der Küst vumAdriatesche Mier gutt ausgebaut Strukture fir d'Entwécklung vum Tourismus.
Iwwer de Mierhafe vuKoper huet Slowenien Schëffsverbindunge mat der ganzer Welt an ass en Duerchganksland fir Wueren no Mëtteleuropa.
Sowards, Steven W.:Moderne Geschichte des Balkans. Der Balkan im Zeitalter des Nationalismus. Seuzach, Schweiz: G. Liebetrau, 2004.ISBN 3-8334-0977-0 (BoD)