Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Simple Mail Transfer Protocol

Vu Wikipedia
SMTP amTCP/IP-Referenzmodell
UwennungsschichtSMTP
TransportschichtTCP
InternetschichtIP
NetzzouganksschichtEthernetToken
Ring
FDDI...

DeSimple Mail Transfer Protocol (kuerzSMTP) ass enNetzwierkprotokoll, deen zum Austausch vunelektronescher Post, méi genee zum Verschécken a schliisslech zum Weiderleede vun Emailen, benotzt gëtt. Fir Noriichten aus der elektronescher Bréifkëscht ofzehuelen, komme Protokoller wéiPOP3 oderIMAP zum Asaz.

SMTP gouf1982 eng éischt Kéier amRFC 821 standardiséiert an huet mëttlerweil eng ganz Rei vun Erweiderunge matgemaach.

Den SMTP-Protokoll, deen demBenotzer duerch säi Mailprogramm, dem sougenannteMail User Agent (MUA), verstoppt bleift, baut amTCP/IP-Referenzmodell um zouverlässegemTransmission Control Protocol op a läit sou op der véierter Schicht vun dësem Modell. Well de relativ einfachen, textbaséierte Protokoll Noriichten amASCII-Code (7-Bit) Kloertext austauscht, funktionéiert en net firbinär Dateien z'iwwerdroen. Fir dëse Problem aus der Welt ze schafe si Standarte wéiMIME entwéckelt ginn.

Funktiounsweis

[änneren |Quelltext änneren]

Fir eng Email-Noriicht ze verschécken, muss deMail User Agent (Sender) fir d'éischt eng TCP-Verbindung iwwer den TCP-Port 25 zum Destinataire opbauen. Nodeem de Sender dës Verbindung opgebaut huet, operéiert hien alsClient a waart bis datt den Empfänger (Server) mat derKommunikatioun ufänkt. De Server start mat dem Sende vun enger Textzeil, déi seng Identitéit noweist a matdeelt, ob e bereet ass eng Noriicht z'empfänken. Klappt dëst net, brécht de Client d'Verbindung of a probéiert zu engem spéideren Zäitpunkt nach eng Kéier. Am anere Fall äntwert de Client mat engerHELO-Meldung mam Bewäis vu senger Identitéit. Schliisslech confirméiert de Server, datt eng SMTP-Verbindung tëscht Client a Server besteet.

Server: 220 xyz.com SMTP READY FOR MAILClient: HELO abcd.comServer: 250 xyz.com says HELO to abcd.com

De Client kann elo eng oder méi Noriichte verschécken oder d'Verbindung nees zoumaachen. Am Fall datt en eng Noriicht verschécke wëll, fänkt e mat enger Zeil déi seng Email-Adress beinhalt un an de Server quittéiert den Empfank. Doropshi schéckt de Client elo d'Email-Adress vum Destinataire. Wann den entspriechende Konto existéiert, signaliséiert de Server, datt e bereet ass d'Noriicht unzehuelen an drop s waart.

Client: MAIL FROM <123@abcd.com>Server: 250 server okClient: RCPT TO <789@xyz.com>Server: 250 server ok

De Client fänkt fir d'éischt mam SchlësselwuertDATA un an de Server quittéiert. Doropshi start de Client schliisslech mat der Iwwerdroung vum vollstännegen Noriichtentext, dee mat engem Punkt ophale muss. Schliisslech quittéiert de Server nees eng Kéier an d'Verbindung kann elo ofgeschloss ginn.

Client: DATAServer: 354 Send mail; end with "."Client: From: <123@abcd.com>To: <789@xyz.com>Subject: TestmailDate: Thu, 26 Oct 2006 13:10:50 +0200Testmail.Server: 250 message accepted <message-id>Client: QUITServer: 221 xyz.com closing connection

Well den SMTP-Protokoll en textbaséierte Protokoll ass, ka mat Hëllef vuntelnet eng Emailvun Hand verschéckt ginn. Heibäi sinn d'Sender- an Empfängeradress fräi wielbar an engAuthentifizéierung ass net méiglech. Aus deem Grond ass d'Zouverléissegkeet vun der Senderadress vun enger Email net garantéiert. Souguer kënnen d'Adresse sech amMAIL FROM- anRCPT TO-Kommando vun deenen amFROM:- anTO:-Mailheader ënnerscheeden.

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Simple_Mail_Transfer_Protocol&oldid=2471743
Kategorie:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp