Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Shell

Vu Wikipedia
Shell
De « Shell Centre », Sëtz vum Grupp zu London
TypPublic limited company
Grënnungsdatum1890
GrënnerMarcus Samuel, Henri Deterding
SëtzLondon
BesëtzerBlackRock, The Vanguard Group, Norges Bank Investment Management
PresidentAndrew Mackenzie
GeneraldirekterWael Sawan
Mataarbechter90.000
 (2023)
Ëmsaz316.620.000.000US-Dollar
 (2023)
BranchePëtrolsindustrie, Extraktioun vu Pëtrol an Äerdgas
Homepagehttps://www.shell.com/

Shell (offiziellShell plc[1], bis Januar 2022Royal Dutch Shell plc) ass eng multinationalbritteschPëtrolsfirma mat Sëtz zuLondon. Et ass eng vun de gréisste Pëtrolsfirmaen op der Welt. De Shell-Grupp ass a méi wéi 70 Länner aktiv an huet 2023 weltwäit ronn 90.000 Leit beschäftegt.

D'FirmaRoyal Dutch Shell Group ass am Abrëll 1907 aus der Fusioun vun der hollännescherKoninklijke Nederlandse Petroleum Maatschappij (op Englesch:Royal Dutch Petroleum Company) mat derThe Shell Transport and Trading Company entstanen.

Shell stoung 2024 op der 17. Plaz vun de weltwäit gréissten Entreprisë mat engem Ëmsaz vun 289,74 MilliardenDollar an engem Gewënn vu 17,91 Milliarden Dollar[2].

Shell huet Kontroversen am Beräich vun derGlobaler Erwiermung ausgeléist; de Konzern gëtt all Joer am Duerchschnëtt 49 Milliounen Dollar fir Lobbying aus, fir domat Mesuren ze blockéieren déi sech géint d'global Erwiermung asetzen. Bei enger Etüd vun 2019 gouf festgestallt, dattRoyal Dutch Shell zënter 1965 mat Emissioune vun 31,95 Milliarden Tonnen CO2-Equivalent, déi Firma mat de siwenthéchsten Ausstéiss an deem Zäitraum war[3].

Numm, Logo a Musek

[änneren |Quelltext änneren]

De BegrëffShell (Englesch firMuschel) gouf fir d'éischt am Joer 1891 als Markennumm firKenkispëtrol benotzt, dee vun derMarcus Samuel and Company an deFären Osten exportéiert gouf. Ursprénglech war dëse klenge Londoner Buttek op de Verkaf vun Antiquitéiten, Kuriositéiten an orientalesche Muschele spezialiséiert. D'Muschele goufe besonnesch gebraucht fir Bijouskëschten ze dekoréieren.

Dem Marcus Samuelseng zwee Jongen, de Marcus Samuel jun. an de Samuel Samuel, hunn d'Geschäft iwwerholl an d'Muschele waren esou beléift, datt se séier den Haaptartikel vun den Import-Exportaktivitéiten vum Buttek goufen. Méi spéit hu sech d'Aktivitéiten éischter op den Transport vuKerosin konzentréiert an am Joer 1890 gouf dunn decidéiertTankschëffer ënner dem FirmennummThe Shell Transport and Trading Company p.l.c.ze bauen. Aus Sentimentalitéit huet de Marcus Samuel jun. sengem Papp säin etabléierte Firmennumm bäibehalen an engCoquille Saint-Jacques als Logo gewielt.

Iwwer d'Joren huet d'Form vum Shell-Logo an de grapheschen Design evoluéiert; den aktuelle Logo geet op den IndustriedesignerRaymond Loewy zeréck a staamt aus dem Joer 1971, och wann en duerno nach liicht g'ännert gouf: Upasse vun de Faarwen (1995) an Ewechloosse vum Firmennumm (1999).

Zënter dem Ufank vum20. Joerhonnert huet Shell Musek a seng audiovisuell Kommunikatiounsmedien integréiert. 2015 gouf an Zesummenaarbecht mam brittesche KomponistTom Howe, “Sound of Shell” geschaaft. Et ass eng Orchesterkompositioun vun dräi Minutten, déi a méi wéi 50 Variatioune vu verschiddene Genren a musikalesche Stiler verfügbar ass. Eng kuerz Versioun vun zwou Sekonnen ass e sougenannteGimmick, a gëtt zum Beispill zesumme mam Logo um Enn vun engem Shell-Film gespillt.[4]

Shell zu Lëtzebuerg

[änneren |Quelltext änneren]

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]
Plang vum Depot Bartreng

Den 31. Mäerz 1920 ass déi Lëtzebuerger Filial alsShell LuxembourgeoiseSàrl gegrënnt ginn[5].

Shell hautdesdaags

[änneren |Quelltext änneren]

Shell Luxembourgeoise beschäftegt 12 Mataarbechter an de Reseau besteet aus 38 Bensinnsstatiounen zu Lëtzebuerg[6], woubäi d'Statioun op derAire de Berchem déi weltwäit gréisst Shell-Statioun ass[7].

Depot zu Bartreng

[änneren |Quelltext änneren]

De Shell-Depot zu Bartreng huet eng Capacitéit vu knapp 34.700 m³ firBensinn anDiesel ze stockéieren, dobäi kënnt nach en Tank vun 3.179 m³ mat Läschwaasser. DenDreifstoff gëtt mam Zuch ausDäitschland oder derBelsch geliwwert an duerno mat Camione weiderverdeelt.

Den Depot fält ënnert déi sougenanntEU-Direktiv „Seveso-III“[8] iwwer d'Beherrsche vun de Geforen déi mat Accidenter mat geféierleche Substanzen zesummenhänken.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Shell – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. URI. data.companieshouse.gov.uk. Gekuckt de(n) 08.08.2024.
  2. (en)ANDREA MURPHY, MATT SCHIFRIN, Forbes 2024 Global 2000 List - The World’s Largest Companies Ranked. Forbes. Gekuckt de(n) 08.08.2024.
  3. (en)Matthew Taylor, Jonathan Watts, Revealed: the 20 firms behind a third of all carbon emissions. The Guardian (09.10.2019). Gekuckt de(n) 08.08.2024.
  4. (fr)La marque Shell. www.shell.lu. Gekuckt de(n) 13.08.2024.
  5. (fr)B7479 – Shell Luxembourgeoise, Statuts coordonnés. www.lbr.lu. Gekuckt de(n) 13.08.2024.
  6. (fr)Qui sommes-nous. www.shell.lu. Gekuckt de(n) 13.08.2024.
  7. (fr)Shell à Berchem. www.shell.lu. Gekuckt de(n) 13.08.2024.
  8. Directive 2012/18/UE du Parlement européen et du Conseil du 4 juillet 2012 concernant la maîtrise des dangers liés aux accidents majeurs impliquant des substances dangereuses, modifiant puis abrogeant la directive 96/82/CE du Conseil Texte présentant de l'intérêt pour l'EEE

sentreprisen]]

Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Shell&oldid=2574760
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp