Seraing stéisst am Norden un d'Meuse, an d'Alstad mat deSchmelze läit am Dall. Am Hank dee sech no Süde bis opBoncelles eropzitt, sinn haaptsächlech Aarbechterwunnungen ze fannen, déi meeschtens a Citéeë regruppéiert sinn. Déi stoussen op der Kopp, un de grousse BëschBois de la Vecquée am Osten un deBois de la Marchandise d'Arras an am Westen un deBois de l'Abbaye an deBois de Rognac. Am Weste läit déi natierlech GéigendCondroz.