Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Scy-Chazelles

Vu Wikipedia
Scy-Chazelles
D'Kierch an där de Robert Schuman begruewen ass

D'Kierch an där de Robert Schuman begruewen ass
D'Kierch an där de Robert Schuman begruewen ass
LandFrankräich
RegiounGrand Est
DepartementMoselle
ArrondissementMetz
KantonMontigny-lès-Metz
Postcode57160
Gemengecode57642
Koordinaten49° 06’ 52’’ N
      06° 06’ 54’’ O
Fläch 452 ha
Bevëlkerung 2 482(2005)

Scy-Chazelles ass engfranséisch Gemeng amDepartement Moselle an der RegiounGrand Est.

D'Uertschaft läit um lénksen Uwänner vun derMusel um Südwesthank vumMont Saint-Quentin.

Scy a Chazelles ware laang zwee verschidden Dierfer, bis se1809 zesummegeschloss goufen. Op den Häng vum Mont Saint-Quentin ware fréier Wéngerten an deenen an der Hallschent vum16. Joerhonnert deRoy des Vins produzéiert gouf.

An der Uertschaft gëtt et 13 reliéis Plazen, Kierchen, Kapellen, Kräizer a Gebietsplazen, vun deenen awer déi bekanntst déibefestegt Kierch ass, an där deRobert Schuman begruewen ass.

D'Parkierch ass d'KierchSaint-Rémi aus dem6. Joerhonnert, op der Esplanade vis-à-vis vun der Märei.

Aner Plazen a Gebaier

[änneren |Quelltext änneren]

Persounen déi mat der Gemeng ze dinn hunn

[änneren |Quelltext änneren]
  • DeRobert Schuman, franséische Politiker a Pionéier vun derEU huet zu Scy-Chazelles gewunnt, an ass do begruewen.
  • DePaul Tornow, däitschen Architekt a Responsable fir déi historesch Monumenter a Loutrengen tëscht 1892 an 1906 ass do begruewen.

Kuckt och

[Quelltext änneren]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Scy-Chazelles&oldid=2152371
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp