E Schreiwer an engem Scriptorium (Miracles de Notre Dame, fol. 19; no 1456).
Scriptorium ginn déi Schreifateliere genannt, déi an derSpéitantikitéit opkoumen a meeschtens aKléischter ënnerbruecht waren. An hinne goufesakral an deelweis ochprofan Texter vun Hand reproduzéiert an duplizéiert.
D'Klouschterskriptorien hu virun allem am Fréimëttelater bal nëmme fir hiren eegene Gebrauch, oder awer op Commande, fir en Adlege geschafft. Zanter dem 13. Joerhonnert koumen och biergerlech Schreifatelieren op (z. B. fir de Besoin uBicher vun denUniversitéiten ze decken, déi no an no entstane sinn).
Mat der Etabléierung vumBuchdrock mat beweeglecheLettere gouf d'Kultur vum Skriptorium bal ganz duerch d'Typographeum ofgeléist.
Ëm d'11. Joerhonnert war d'Klouschter Iechternach bekannt fir säi Scriptorium, an deem verschiddeCodices geschafe goufen.
Selbstportrait vum Illuminator Rufillus (Enn 12. Joerhonnert)
De Commeanditaire vum Buch (Codex) huet festgeluecht, wéi d'Ofschrëft auszegesinn hätt, an huet zum Deel och d´Produktiounsmaterialie wéiGold oderPigmenter zur Verfügung gestallt. Wichteg war et fir deScriptor, eng Virlag ze hunn, fir de Layout an d'Säitenzuel kënnen ofzeschätzen.
Geschriwwe gouf opPergament. vum 14. Joerhonnert un och opPabeier. Dorop goufe fir d'éischt Linne gezunn, deenen hir Héicht an Zuel ausgerechent gouf, woubäi och der Zuel vun de Béi - duebel oder véierfach gefaalt - Rechnung gedroe gouf. Da gouf geschriwwen, woubäi d'Plaz firInitialen (Ufanksbuschtawen) a soss Illustratioune fräi gelooss gouf. Dës goufen an der Reegel duerno vun Zeechner -Rubricator fir d'Initialien anIIlustrator fir d'Molereie genannt - ausgemoolt.
EBuchbënner huet dono dann déi fäerdeg Béi zesummegebitzt a mat engem Aband verbonnen. Grad bei liturgesche Bicher konnten op dësem Aband wäertvoll Materialie verschafft ginn, wéi Edelsteng,Elfebeen versëlwert oder vergolt Relieffer, asw.
Siegfried Both:Die Schreibstube im Kloster des Mittelalters. Michael Imhof, Petersberg 2007,ISBN 978-3-86568-216-1.
Stephanie Hauschild:Skriptorium. Die mittelalterliche Buchwerkstatt. Philipp von Zabern, Darmstadt 2013,ISBN 978-3-8053-4606-1.
Katja Rother, Jan H. Sachers:Die Schreibwerkstatt. Schrift und Schreiben im Mittelalter. G-&-S-Verlag, Zirndorf 2009,ISBN 978-3-925698-85-9, (DragonSys – Lebendiges Mittelalter 8).
Vera Trost:Skriptorium. Die Buchherstellung im Mittelalter. Belser, Stuttgart 1991,ISBN 3-7630-1212-5.