Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Schwäiz

Vu Wikipedia
DëseGeographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schweizerische Eidgenossenschaft
Confédération suisse
Confederazione Svizzera
Confederaziun svizra
Confoederatio Helvetica

Fändel vun der Schwäiz

Wope vun der Schwäiz

Detailer

Detailer
National Devise: Unus pro omnibus, omnes pro uno
("Ee fir s'all, all fir een")
Offiziell Sprooch:Däitsch,Franséisch,Italieenesch,Rätoromanesch
Haaptstad:Bern
Staatsform:FederalRepublik
 • Bundespresidentin:Karin Keller-Sutter
 •Bundeskanzler:Viktor Rossi
Fläch:41 285km²
 • DovuWaasser:3,7 %
Bevëlkerung:8.401.120[1]
 • Bevëlkerungsdicht:182/km²
Onofhängegkeet:1. August1291 (ausgeruff)
24. Oktober1648 (unerkannt)
1848: modern Schwäiz
Nationalfeierdag:1. August
Nationalhymn:Schwäizerpsalm
(Lauschteren)
Wärung:Schwäizer Frang (CHF)
Zäitzon:UTC +1 (+2 vu Mäerz-Oktober)
Internet TLD:.ch
Internationalen
Telefonsprefix
:
+41

D'Schwäiz (däitsch:Schweizerische Eidgenossenschaft, fr.:Confédération suisse, it.:Confederazione Svizzera, rätoroman.:Confederaziun svizra, lat.Confoederatio Helvetica) ass e Staat aMëtteleuropa. D'Land grenzt am Norden unDäitschland, am Osten uLiechtenstein anÉisträich, am Süden unItalien an am Westen uFrankräich.

Bundesratsfoto 2022

D'Schwäiz ass zanter demWiener Kongress vun1815 baussepoliteschneutral a mat der Zäit Sëtz vun enge sëllegeninternationalen Organisatioune ginn. D'Alperepublik selwer ass Member vun derEFTA, demEuroparot, derWelthandelsorganisatioun (GATT) an zanter 2002 och vun deVereenten Natiounen.

Bern ass de Schwäizer Regierungssëtz ("Bundessëtz") ande facto d'Haaptstad. Déi gréisst Stad assZürich.

Bevëlkerung

[änneren |Quelltext änneren]

Sproochen

[änneren |Quelltext änneren]

D'Schwäiz huet um Niveau vun der Federatioun véieroffiziell Sproochen:Däitsch,Franséisch,Italieenesch aRätoromanesch. Alle véier sinn anengems och d'Nationalsprooche vun der Republik.

Dat war net ëmmer sou. D'Rätoromanesch, wat vu manner wéi engem Prozent vun der Bevëlkerung geschwat gëtt, gouf eréischt1938 Nationalsprooch (Landessprooch). Iwwer en halleft Joerhonnert drop, den10. Mäerz1996, hu sech d'Schwäizer dunn an engemReferendum fir d'Romanescht als hir véiert offiziell Sprooch (Amtssprooch) decidéiert. D'Ännerung ass zanter der Revisioun vun derConstitutioun am1999er Joer a Kraaft, gëllt awer just fir d'Kommunikatioun tëscht Staat a Bierger mat rätoromanesch alsMammesprooch.

Sproochen an der Schwäiz (2005):[2]██ Däitsch (62.7 %)██ Franséisch (20.4 %)██ Italieenesch (6.5 %)██ Rätoromanesch (0.5 %)

Fir de Rescht ass d'Schwäizsproochpolitesch nom sougenannteTerritorialprinzip organiséiert. D'Republik garantéiert zwar Sproochfräiheet fir d'Bierger, léisst d'Kantonen an d'Gemengen awer selwer doriwwer decidéiere wat fir e Status déi jeeweileg Sproochen op regionalem Plang hunn. Domat ass d'Méiglechkeet ginn traditionell Sproochraim z'erhalen. D'Konsequenz dovun ass, datt an deene meeschte Schwäizer Gemengen nëmmen eng Sprooch als offiziell unerkannt ass. Nëmmen an e puer Bezierker a Gemengen laanscht d'Sproochgrenzen huet een de Choix tëscht de Sproochen. Dat gëllt natierlech nëmme fir den Ëmgang mat ëffentlechen Institutioune wéi der Verwaltung, de Schoulen an de Geriichter.

Am Schwäizer Schoulsystem mussen d'Schüler nieft hirer Mammesprooch op d'mannst nach eng weider Landessprooch a meeschtens och nachEnglesch léieren.

D'Majoritéit vun de Schwäizer gehéiert zu der däitscher Sproochcommunautéit (62,7 %). Geschwat gëtt allerdéngsSchwizerdütsch wat historesch gesinn zu der alemannescher Sproochefamill gehéiert an eng méi al Sproochform wéi d'Héichdäitsch ass. Et gëtt zwou Haaptrichtungen:Berndütsch anZüridütsch. Genee wéi och zuLëtzebuerg gëtt et an der Schwäiz engDiglossie amDäitschen. Dat heescht a verschiddene Beräicher gëtt den Dialekt benotzt, z. B. beim Schwätzen, Talkshow, etc, an an aneren d'Standardsprooch z. B. an de Printmedien oder de Schoulbicher.

Franséisch hunn 20,4 % vun de Schwäizer als Mammesprooch. Geographesch konzentréiert sech d'francophone Bevëlkerung am Beräich vun derRomandie, am Weste vum Land.

Am KantonTessin an a véier Däll vum KantonGraubünden (Grigioni Italiano) gëtt Italieenesch (6.5 %) geschwat.

Anerwäerts ass Graubünden och dee Kanton an deem d'Rätoromanesch, eng alromanesch Sprooch, nach eng relativ staark Positioun huet (an der Géigend vumEngad). D'Minoritéitesprooch (0,5 % Mammesproochler) ass laang Zäit vun offizieller Säit aus vernoléissegt ginn an huet och haut nach schwéiere Stand vis-à-vis vum Däitschen. Zanter 1860 sinn 51 Gemengen zu Graubünden vum Romaneschen an d'Däitscht gewiesselt. Déi véiert offiziell Landessprooch gëtt a verschiddenen Dialekter geschwat an hautdesdaags och nees an der Schoul geléiert. D'Schwäizer Tëlee huet sech dozou verflichte gelooss e gewëssene Prozentsaz Sendungen -och spezielle Kannersendungen- op Rätoromanesch ze weisen.

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

Administrativ Ënnerdeelungen

[änneren |Quelltext änneren]
Déi 26 Kantone vun der Schwäiz

D'Schwäiz besteet aus 26Kantonen:

Bierger, Flëss a Séien

[änneren |Quelltext änneren]

D'Matterhorn zuZermatt ass ee vun den héchsteBierger vun denAlpen an e reegelrecht Nationalsymbol vun der Schwäiz.

Bibliographie

[änneren |Quelltext änneren]
  • William Martin,Histoire de la Suisse, 8e éd. conforme aux précédentes avec une suite de Pierre Béguin:Lhistoire récente 1928-1973, complétée par A. Bruggmann; Lausanne (Payot), 1980.
  • Dieter Fahrni,Histoire de la Suisse - Survol de l'évolution d'un petit pays depuis ses origines jusqu'à nos jours ; Zürich (Pro Helvetia), 1983; 3. Oplo = 1986; 111 Säiten.- Originaltitel:Schweizer Geschichte. Ein historischer Abriss von den Anfängen bis zur Gegenwart.
  • Kollektiv,Nouvelle histoire de la Suisse et des Suisses ; 3 Bänn; Lausanne (Comité pour une Nouvelle Histoire de la Suisse, présidé par J.-C. Farez), 1982-1983.- Dëst Wierk koum simultan och op Däitsch an op Italieenesch eraus.
  • Grégoire Nappey,Histoire suisse ; Le Mont-sur-Lausanne (LEP / Éditions Loisirs et Pédagogie, S.A.), 2007; 94 Säiten (ill. vum Mix & Remix).ISBN 978-2-606-01200-7
  • Jean-Pierre Felber,De l'Helvétie romaine à la Suisse romande ; Genf (éd. Slatkine & Société d'histoire de la Suisse romande), 2006; 387 Säiten (ill.).ISBN 2-8321-0252-2 &ISBN 978-2-8321-0252-7
  • Michel Charrière & Anton Bertschy,Fribourg: un canton, une histoire ; Freiburg, 1991; 146 Säiten (ill.).
  • Raffaello Ceschi,Geschichte des Kantons Tessin ; erausgi vum Max Mittler; Frauenfeld-Stuttgart-Wien (Verlag Huber), 2003; 302 Säiten (ill.).ISBN 3-7193-1314-X
  • Oswald Sigg,Les institutions politiques en Suisse ; Zürich (Pro Helvetia), 1983; 4. Ausgab = 1988; 62 Säiten.- Originaltitel:Die politischen Institutionen der Schweiz.
  • Vincent Golay,Institutions politiques suisses ; Le Mont-sur-Lausanne (LEP / Éd. Loisirs et Pédagogie, S.A.), 2005; Neioplo = 2009; 94 Säiten (ill. vum Mix & Remix).ISBN 978-2-606-01263-2
  • Joëlle Kuntz,La Suisse ou le génie de la dépendance; Carouge-Genève (éd. Zoé & Le Temps), 2013; 175 Säiten.ISBN 978-2-88182-907-9

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Zuele fir 2016, Quell:BFS/OFS[1]
  2. Quell: BFS/OFS[2] (Stand 2005)

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Schwäiz – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal Schwäiz – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Schwäiz.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Schwäiz&oldid=2637930
Kategorie:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp