Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Schnëssen-App

Vu Wikipedia
Logo

D'Schnëssen-App ass engApp, déi vumInstitut de linguistique et de littératures luxembourgeoises vun derUni Lëtzebuerg entwéckelt gouf, fir Toundokumenter ze sammelen iwwer de Vokabular an d'Aussprooch vu verschiddene Wierder an Ausdréck amLëtzebuergeschen.[1]

Et handelt sech ëm eCrowdsourcing-Projet, bei deem d'Daten aus der Bevëlkerung vun de Leit selwer gesammelt ginn. D'App erméiglecht et jidderengem, unhand vu Froen oder Biller opzehuelen, wéi ee fir eppes seet. Well d'Leit déi matmaachen, och d'Plaz uginn, wou se wunnen oder opgewuess sinn, zu wat fir enger Alterskategorie se gehéieren, ob se Mammesproochler sinn, asw. ass et méiglech, Sproochwandel, dialektal oder geographesch Ënnerscheeder erauszeschaffen. D'Zil ass et, d'Sprooch vun all Generatioun aus all Uertschaft am Land fir de Grand public an d'Fuerschung ze dokumentéieren.[1]

Laangfristeg soll awer och en neie Lëtzebuerger Sproochatlas entstoen, woubäi déi aktuell Date matdeene vum Ufank vum 20. Joerhonnert verglach kënne ginn. Op dës Manéier gëtt et méiglech d'Entwécklung vun der Sprooch aus de leschten honnert Joer nozevollzéien.[1]

D'App kann ee sech an deene gängegen App-Platformen eroflueden.

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]
  • Nathalie Entringer, Peter Gilles, Sara Martin, Christoph Purschke (2019): "Schnëssen. Surveying language dynamics in Luxembourgish with a mobile research app." In:Linguistics Vanguard, vol. 7, no. s1, 2021, pp. 20190031.Online op degruyter.com (gekuckt: 2021-08-25).

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,01,11,2Wat ass d'Schnëssen-App? op infolux.uni.lu, gekuckt 2021-08-25.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Schnëssen-App&oldid=2456500
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp