Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Schmuebelen

Vu Wikipedia
Schmuebelen
Eng Suppeschmuebel

EngSuppeschmuebel
EngSuppeschmuebel
Systematik
Räich:Déiereräich
Stamm:Chordata
Klass:Vullen
Uerdnung:Spatzevullen
Ënneruerdnung:Sangvullen
Famill:Schmuebelen
Wëssenschaftlechen Numm
Hirundinidae
Vigors, 1825

D'Schmuebelen, och nachSchmuelefen oderSchmuewelen (Hirundinidae), sinn eng Famill mat 75Aarten an der Uerdnung vun deSpatzevullen (Passeriformes).

D'Schmuebele fänkenInsekten am Fléien, wouru si mat engem schlanken, stromliniefërmege Kierper a laange, schmuele Flilleken ugepasst sinn. DeSchniewel ass kuerz a ka ganz wäit opgerappt ginn. Si hu kleng Féiss, dat well se sech kaum um Buedem ophalen. Eng Rëtsch Schmuewelaarten hu laang Schwanzfiederen.

D'Schmuebele sinnZuchvigel. Hiren ausgeprägten Orientéierungssënn erlaabt et hinnen, all Joer op déi selwecht Bruttplaz zeréckzefléien.

Dëse Sënn ass awer nëmmen op hir Orientéierung no Norden ausgeriicht. DenHoratio Kitchener huet dëst bewisen doduerch, datt en an Nordafrika Schmuebele fänke gelooss huet, a se markéiert huet. Duerno huet hie probéiert fir erauszefannen, wou se an Europa am Summer dru wieren. Wéi se dann am Wanter erëm zeréck an Nordafrika waren, huet hie se do eng 500 - 600 Kilometer no Osten transportéire geloss. Wéi d'Schmuebelen dann erëm no Norde gezu sinn, goufen se an Europa op enger Plaz erëm fonnt déi och 500–600 km méi ëstlech louch an op der selwechter Distanz wéi déi, déi se tëscht hiren éischte Bruttplazen an hirer Wanterplaz an Afrika hat.

Net verwiesselen däerf een d'Schmuebele mat deLeeëndecker, déi méi laang a schmuel Flilleken hunn.

Schmuebelen zu Lëtzebuerg

[änneren |Quelltext änneren]
Schmuebelen ënnert dem Iwwerdaach vun enger Scheier zuLeideleng

ZuLëtzebuerg gëtt et dräi Schmuebelaarten:[1]

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Schmuebelen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Fir d'lëtzebuergesch Nimm, cfVögel Luxemburgs, 2010.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Schmuebelen&oldid=2544612
Kategorie:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp