Et steet op enger strategescher wichteger Plaz, op engem Fiels ronn annerhallwe Kilometer flossof vum Zesummefloss vun der Loire an derVienne, um Schnëttpunkt vun den dräi RegiounenAnjou ,Poitou anTouraine. D'Gebai ass eng Mëschung tëscht Festung a Loschtschlass an et ass dat eenzegt Loire-Schlass dat direkt um Uwänner vun der Loire gebaut gouf[3].
Nieft dem Schlass stinn nach zwou weider Konstruktiounen an zwar e gallo-réimeschen Tempel, an e Festungstuerm, deen den Eudes I. Grof vu Blois gebaut hat. D'Schlass gouf an der Renaissance vum Jean II. vu Chambes gebaut[4].
D'Schlass ass haut eMusée fir zäitgenësseschKonscht, deen all Joer vu ronn 50.000 Visiteure besicht gëtt[5].
D'Schlass gouf 1862 alsMonument historique klasséiert[6].
D'Presenz vu gallo-réimesche Miwwele beweist mat grousser Sécherheet d'Existenz vun enger wichteger réimescher Plaz, et ass awer nach net vill iwwer déi geschichtlech Period bekannt. Bei Ausgruewungen am südlecheRampli vum Schlass gouf e gewellte Fouss vun enger Sail fonnt, dat léisst drop schléissen datt do warscheinlech en Tempel oder en ëffentlecht Gebai stoung. Wärend den Ausgruewungen am Summer 2000, goufen och nach Deeler vum südlechen Haff aus dem11. Joerhonnert entdeckt[3],[8].
Dat éischt Schrëftstéck iwwer Montsoreau, staamt aus dem Domaine de Restis aus dem6. Joerhonnert. De Grof Eudes I. vu Blois baut do ëm 990 eng Festung a kuerz virun 1001 kënnt déi an d'Hänn vun denAngeviner. De Grof Foulques Nerra iwwerléisst dem RitterGautier vu Montsoreau deen aus enger vun de bedeitendste Familljen aus dem Anjou ass, d'Ophutt vun der Buerg, [9]. An der ganzer Festungsgeschicht ass se nëmmen eemol a friem Hänn geroden. Dat war 1156 wéi denHenry II. vun England s'eruewert hat, s'awer kuerz drop sengem Besëtzer zeréckginn hat.[10].
Fir seng grouss Scholden ze begläichen huet de Louis II. Chabot seng Domainer vu Montsoreau a vuCoutancière sengem Schwoer dem Jean II. vu Chambes verkaf. Dee war Kummerhär,Maître d'Hôtel du Roi a Beroder vum KinnekCharles VII. De Charles VII. huet dem de Chambes verschidde kriddeleg diplomatesch Missiounen uvertraut, ënner anerem war e Botschafter zu Roum, an an der Tierkei a vu 1459 un huet hie vu Venedeg aus en neie Kräizzuch organiséiert. Well de Jang II. vu Chambes demLouis XI. net esou no stoung wéi dem Charles VII. huet hie sech no 1461 lues a lues aus der Politik zeréckgezunn.[11].
1505, wärend se iwwer d'Loire an d'Bretagne gefuer sinn, huet d'Anne de Bretagne an hir DuechterClaude de France ee Mount am Schlass Montsoreau gewunnt[12]. D'Claude de France war deen Ament mamKarel vun Habsburg verloobt. Déi Verlobung huet den drëtte Feldzuch géint Italien erliichtert a sou d'Allianz mat Spuenien verstäerkt. DeLouis XII. huet déi Verlobung réckgängeg gemaach a 1505 Bestietnes mam François de Valois-Angoulême, dem zukünftege François I. befuel. De Jean IV de Chambes (Jang IV. vu Chambes) ierft en Deel vum Domaine vu Coutancière an en Deel vu Montsoreau, seng Lännereie ginn 1560 an eng Baronnier iwwer. Montsoreau geet 1568 vun de Protestanten ausgeraibert a och Stëft vu Sainte-Croix geet dem Buedem gläich gemaach, Festungsmauere vun der Staat ginn esou och zerstéiert. Duerch den onermoosslechen Äifer grënnt de Jean IV de Chambes (Jang IV vu Chambes) véier Joer méi spéit seng Baronnerie Saint-Barthélemy Angevine, Saumur an dono Angers. Ob Uerder vum Kinnek geet 1573 alles zur Grofschaft erhuewen. Säin Brudder Charles de Chambes (Charel vu Chambes) gëtt 1575 Grof an bestitt Françoise de Maridor (Franziska vu Maridor), awer dësen Numm bleift an éiwegem Verruff mam Mord um Louis de Bussy d'Amboise (Lui vu Bussy d'Amboise)[10].
Alles wat no derFranséischer Revolutioun vum Schlass nach iwwreg blouf, gouf verkaaft. Vun 1804 un, huet Gebai 19-mol den Eegentëmer gewiesselt, all eenzelen et Site no senge Virstellungen ëmgebaut.
Schlass war 1910 a sou engem bedauernswäerten Zoustand datt Membere vun derSociété Française d'Archéologie zu déifst entsat waren. D'Departement Maine-et-Loire huet, vun 1913 un, déi verschidden Deeler vum Besëtz, Stéck fir Stéck opkaaft. D'Restauratiounsaarbechten hu vun 1923 bis zum Ufank vumzweete Weltkrich gedauert.
Am Abrëll 2016 huet de Rot vum Departement Maine et Loire Schlëssele vum Schlass demPhilippe Méaille uvertraut. Deen huet zanterhier seng Sammlung mat Zäitgenëssescher Konscht do installéiert[13]. De Philippe Méaille huet den neie Musée,Château de Montsoreau-Musée d'art contemporain (Schlass vun Montsoreau, Musée vun der Zäitgenëssescher Konscht) gedeeft. DeMusée stellt déi weltwäit gréisst Sammlung vu Wierker vunArt & Language (Konscht a Sprooch) aus, an zwar vun Artisten ausEngland, Amerika anAustralien, déi als Erfinder vun derkonzeptueller Konscht gëllen[14].
Schlass vu Montsoreau ass tëschent 1845 a 1846 mamAlexandre Dumas sengem RomanLa Dame de Monsoreau veréiwegt ginn. An deem Roman ass d'Schlass, Kuliss fir dem Dumas seng Trilogie iwwer Renaissance, matLa Reine Margot,Les quarante-cinq aLa Dame de Monsoreau.[15] :
Eng historesch Liebesaventure tëschent dem Louis de Clermont, Guttshär vu Bussy d'Amboise an der Diane de Méridor, Fra vum Grof vu Monsoreau souwéi eng Intrig déi déi politesch sou wei déi reliéis Onrouen ënnert der Herrschaft vumHenry III. ënnersträichen, ënner anerem d'Rivalitéite géigeniwwer vu sengem Brudder, demFrançois de France, Herzog vun Alençon a vum Anjou, en intrigante Personnage ouni Éier.
2009 : La Dame de Monsoreau, Televisiounsserie déi 2006 vum Michel Hassan realiséiert gouf, mat derEsther Nubiola (Diane vu Monsoreau),Thomas Jouannet (Bussy d'Amboise), Anne Caillon (Herzogin vu Guise), ausgestraalt op France 2 de 26. August 2009.
Déi massiv Struktur vum Schlass vu Montsoreau, dat um Ufer vun der Loire läit, inspiréiert am 19. Joerhonnert, en ettlech Romanisten a Pre-Impressioniste fir op d'Loire ze reesen. DeJoseph Mallord William Turner realiséiert 1832 eng Aquarelle déi d'Schlass Montsoreau weist mat am Hannergrond den Zesummefloss vun derLoire an derVienne.