Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Schetzel

Vu Wikipedia
Schetzel
De Schetzel op enger Wandmolerei an der Walfer Dräifaltegkeetskierch
Titel
Biographie
Gestuerwen11. August1138
AktivitéitKlausener
Aner Informatiounen
Gedenkdag6. August
Dem Schetzel seng Hiel.
Bannen an der Grott. Riets de Schetzel, lénks den hl. Achardus.
D'Tak mam Schetzel vumEdmond Lux. Lénks steet: Hl Schetzel + (D'Tak ass ënne lénks signéiert, EL 74)

DeSchetzel war eKlausener, deen am12. Joerhonnert déi lescht 14 Joer laang bis zu sengem Doud (1138 oder 1139) an engerKlaus amGréngewald beiLëtzebuerg gelieft huet.

Aner Nimm ënner deenen hie bekannt war sin: Schetzelo[1], Ghislenus, Gosselinus, Gezzelinus; op Franséisch: Scocelin, Ghislain, Goslin, Jocelin.

Säi Liewen

[änneren |Quelltext änneren]

De Schetzel ass wuel enZisterzienser gewiescht a koum warscheinlech aus derAbtei vun Orval[2]. Hien huet sech an enger Klaus am Gréngewald zeréckgezunn fir do als strenge Béisser ze liewen an ze bieden an demHär no ze sinn. Vill Leit hunn hien ëm säi Rot gefrot.

Hien huet an enger Hiel gelieft an op dem plakege stengene Buedem geschlof. Als Kascht hat hien d'Planzen aus dem Bësch an d'Waasser aus enger Baach, déi hir Quell ronn 200 m vu senger Hiel ewech huet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel:Schetzelbaach.

Wéinst den uerge Wanteren huet de Schetzel a senge leschte Joren de Bësch nuets verlooss an huet a Bauerenhaiser an der Géigend geschlof an Iessen ugeholl, fir net vun Honger ze stierwen.

Schonn zu senger Liefzäit war de Schetzel an der ganzer Ëmgéigend bekannt a veréiert, wat sech no sengem Doud iwwer d'Joerhonnerten eraus bis haut erhalen huet.

De Schetzel ass den11. August1138 oder1139 gestuerwen. Seng kierperlech Iwwerreschter louchen an derKierch vun derAbtei Almënster an der Stad Lëtzebuerg, wou se véier Joerhonnerte laang veréiert goufen. Zanter1543, wéi d'Abtei amfranséisch-spuenesche Krich zerstéiert gouf, si seng Iwwerreschter verschwonnen.

De Schetzel gëtt dacks alshelleg bezeechent, dat obschonn d'kathoulesch Kierch hien ni helleg, an och netséileg gesprach huet. D'Vollek huet him deen Titel ginn, wat d'Kierch toleréiert huet.

Historesches

[änneren |Quelltext änneren]

Iwwer d'Liewe vum Schetzel gëtt et nëmmen eng eenzeg zouverlässeg historesch Quell, an zwar den Text deen de Brudder Herbert vun derZisterzienserabteiClairvaux (Frankräich) no dem mëndleche Rapport vum hl.Achardus niddergeschriwwen huet[3]. Den Achardus huet, op senger Rees vu Clairvaux opImmerode an derÄifel, de Schetzel opgesicht fir hie kennen ze léieren an him Geschenker z'iwwerreechen (haaptsächlech Kleeder). All aner Berichter sinn duerno entstanen an alsLegenden unzegesinn.

Den Achardus insistéiert drop, de Schetzel als gléckleche Mann erlieft ze hunn, deen op all materiell Wäerter verzicht huet, a sech jorelaang nëmme vu Planzen aus dem Bësch erniert huet. Eréischt an de véier leschte Wantere viru sengem Doud huet hien Iesse vun deBaueren aus der Ëmgéigend ugeholl.

De Schetzel gouf bei senger Hiel begruewen. Zwee Joer drop huet denAbt Folmare seng Iwwerreschter an d'Abtei Almënster brénge gelooss, wou se an engerDoudelued ausSëlwer virum Haaptaltor an der Klouschterkierch ënnerbruecht goufen. Do goufen d'Reliquie vum Schetzel ronn 400 Joer laang veréiert.

1543 gouf d'Abtei Almënster am franséisch-spuenesche Krich zerstéiert. Zwar hat den Abt Johannes Harder virdrun all wäertvoll Objeten opTréier a Sécherheet brénge gelooss, déi sëlwer Doudelued awer ass zeréckbliwwen a gouf vun den Zaldoten zerluecht. Ob déi kierperlech Iwwerreschter vum Schetzel, wéi déi vumJang de Blannen, och a Sécherheet bruecht goufen, ass net bekannt. Si gëllen zanterhier als verschollen.

Veréierung

[änneren |Quelltext änneren]

De Schetzel  säin Dag ass de 6. August.

Éierungen

[änneren |Quelltext änneren]

Fir un den Schetzel z'erënneren, sinn zu Lëtzebuerg zwou Stroossen no him genannt:

  • ZuWeimeschkierch leeft d'rue Schetzel vun derrue des Sources bis bei d'rue de Kirchberg. Hiren Numm krut se duerch eng Decisioun vum 16. Mee 1925 vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.[4]
  • ZuUeweraanwen gëtt et och eng Schetzel-Strooss, se verbënnt d'rue du Scheid mat der Iernster Strooss.

Nom Schetzel sinn deSchetzelbuer an d'Schetzelbaach genannt, déi eng ronn 200 Meter vun der Schetzelhiel ewech leien.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel:Schetzelklaus.

De Schetzel an der Kathedral zu Lëtzebuerg

[änneren |Quelltext änneren]

An derKathedral gëtt zweemol un de Schetzel erënnert:

  • An der Fënster „Regina Confessorum“ (drëtt Chouerfënster vu riets),
  • Als Statu iwwer dem Säiteportal.

De Schetzel an der Literatur

[änneren |Quelltext änneren]

DeWilhelm Weis (1894-1964) huet eRoman mam TitelKnecht der Liebe iwwer d'Liewe vum Schetzel geschriwwen.

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]
  • Arendt , C., 1860.Brief über die Schetzel-Grotte. Publications de la Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le grand-duché de Luxembourg vol. XV (année 1859). S. 224, pl. VI.
  • Henri Beck, 2001.Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? (Rue Schetzel).ons stad 66, S. 25.PDF
  • Luscombe D. & J. Riley-Smith:Schetzel the Hermit inThe New Cambridge Medieval History, Vol. IV, Säit 353.
  • Muller, J.-C., 2013.Un ermite luxembourgeois contemporain de saint Bernard: le bienheureux Schetzel(on)/Gezzelinus/Scotelinus/Gôssê. In J.-C. Muller (éd.): Ermites en Europe et au Duché de Luxembourg d'Ancien Régime. Actes du Colloque de Schengen 7 & 8 III 2003: 17-32. Imprimerie Heintz, Péiteng.
  • Schumacher, J. 1984.Sankt Schetzel. In: Niederanven I. Beiträge zur Geschichte einer großen Gemeinde. S. 79. Erausgi vun der Gemengeverwaltung Nidderaanwen (ouni Indikatioun vum Publikatiounsjoer). Dréckerei Fr. Faber, Miersch.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Schetzel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Quell: Informatiounspanneau am Gréngewald
  2. Quell: Informatiounspanneau am Gréngewald
  3. Heriberto de miraculis s. Bernardi, libri 3, lib. 1, cap. 6
  4. Henri Beck, 2001.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Schetzel&oldid=2546155
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp