ESchaltjoer ass eJoer mat 366 amplaz vun 365 Deeg.
Zanter der Aféierung vumgregorianesche Kalenner gëllt:
- Nëmme Joren, déi ouni Rescht duerch 4 deelbar sinn, si Schaltjoren.
- Ausnam: Joren, déi ouni Rescht duerch 100 deelbar sinn, si keng Schaltjoren.
- Ausnam zur Ausnam: Joren, déi ouni Rescht duerch 400 deelbar sinn, si Schaltjoren.
Sou war d'Joer2000 e Schaltjoer wéinst der 3. Reegel,1900 dogéint war keent wéinst der 2. Reegel.
Dejulianesche Kalenner, de Virgänger vum gregorianeschen, huet nëmmen déi éischt Reegel kannt.
E Joer op der Äerd huet genee 365,2422Deeg. Am julianesche Kalenner hat e Joer am Duerchschnëtt eng Längt vun 365,25 Deeg, an dat huet am Laf vu 15Joerhonnerten zu engem Ënnerscheed vun 10 Deeg gefouert. De gregorianesche Kalenner huet dësen Ënnerscheed duerch e Joer mat 10 Deeg manner ausgeglach, an zwar1582, wou nom4. Oktober direkt de15. Oktober koum. Zanterhier huet d'Joer am Duerchschnëtt 365,2425 Deeg. Dat ass zwar ëmmer nach ze vill, ma eréischt an 10.000 Joer entsteet e Feeler vun 3 Deeg.
De Schaltdag ass deen Dag, deen an engem Schaltjoer derbäigesat gëtt.
Deen Dag gëtt amFebruar bäigefléckt, soudatt an engem Schaltjoer de Februar 29 amplaz vun 28 Deeg, huet.