 | DëseGeographiesartikel iwwerAsien ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'KinnekräichSaudi-Arabien (arabesch:المملكة العربية السعودية) ass eng absolutMonarchie amNoen Osten. Saudi-Arabien läit op derarabescher Hallefinsel a grenzt un denIrak,Jordanien,Kuwait,Oman,Katar,Bahrain, d'Vereenegt Arabesch Emirater, deJemen, d'Rout Mier an dePersesche Golf. Bekannt ass d'Land fir seng restriktiv Gesetzer, säi wirtschaftleche Wuelstand, de Räichtum vum Staat an déi enorm Buedemschätz. Militäresch zielt d'Land zu de modernsten a stäerksten an der Regioun, obwuel d'Arméi eigentlech relativ kleng ass.Freideg ass e komplette Roudag asamschdes ass deelweis Roudag. Déiislamesch Zäitrechnung gëtt ugewannt. (Moundkalenner)
D'Arabesch Hallefinsel besteet gréisstendeels aus engem groussenHéichland. Am Westen huet de Plateau e géie Randofbroch, dee parallel zur Küst vumRoude Mier verleeft. Am Nordweste gëtt et praktesch keng Küst. Déi héchst Bierger leien am Südwesten amAsir, wou och den héchste Punkt, de BiergDschabal Saura mat 3.133 m Héicht läit.
Am Oste fält d'Héichland bis bei d'Waasser vumPersesche Golf of, deem seng Küst mat lauter Dëmpelen a Salzfläche bedeckt ass. D'Héichland ass gréisstendeels matSandwüst a mat e puer Gebidder vun natierlechem vulkanesche Gestengs bedeckt. E breet Wüsteband, "dat eidelt Véirel"Rub al-Chali, erstreckt sech iwwer de ganze Süde vum Land.
|
|---|
| Aktuell Memberen | |
|---|
| Fréier Memberen | |
|---|