Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Sailor Moon

Vu Wikipedia
Sailor Moon
Serie
ProduktiounslandJapan
Dauer20-25
OriginalsproochJapanesch
Follgen200
Éischt Folleg7. Mäerz1992
Ekipp
IddiNaoko Takeuchi
ProduzentJun'ichi Satoh
Kunihiko Ikuhara
Takuya Igarashi
Schauspiller

Sailor Moon (japanesch: 美少女戦士セーラームーン -;bishōjo senshi sērā mūn) ass den Titel vun engerAnime-Serie, déi ursprénglech eManga vun derjapanescher ZeechnerinNaoko Takeuchi war. Si kann zumMagical Girl-Genre gezielt ginn. No deSimpsons an deFlintstones assSailor Moon weltwäit déi drëtterfollegräichst Zeechentrickserie vun allen Zäiten, an huet virun allem anDäitschland derzou bäigedroen, datt sech denAnime-Genre etabléiere konnt, deen aFrankräich zum Beispill scho méi fréi ganz populär war.

Ëm wat geet et?

[änneren |Quelltext änneren]

D'tollpatschegt MeedcheBunny (am OriginalTsukino Usagi) begéint enges Daags der KazLuna, déi schwätze kann. Dës Kaz erzielt dem Bunny seng Beruffung: eng Sailor-Krigerin fir Léift a Gerechtegkeet ze sinn, a géint dat Béist ze kämpfen.

Sailor-Krigerinne sinn d'Beschützer vun dePlanéiten amUniversum. Eigentlech huet all Liewewiesen e sougenannte Stärekristall an sech. Wa sech e Meedche staark genuch erweist, gëtt aus dem Stärekristall e Sailorkristall, a si ka sech an eng Sailorkrigerin verwandelen, fir hiren Heemechtplanéit ze beschützen. Sou gesinn huet all Planéit eng Sailorkrigerin - mat Ausnam vun derÄerd. Dat ass och net noutwenneg, well si gëtt vu baussen duerch d'Moundräich a vu bannen duerch d'Goldräich geschützt. De Prënz vun der Äerd, denEndymion oderMamoru, representéiert d'Äerd amplaz vun enger eegener Sailor-Krigerin.

Haaptpersonnagen

[änneren |Quelltext änneren]
  • Sailor Moon / Bunny (Usagi) Tsukino: D'Bunny ass e sensibelt an tollpatschegt jonkt Meedchen. Gläichzäiteg ass hatt awer och eng "Sailor"-Krigerin, déi den Optrag huet, fir d'Léift an d'Gerechtegkeet ze kämpfen. Hatt ass u sech de Chef vun der "Sailor"-Trupp.
  • Sailor Merkur / Ami Mizuno: D'Ami ass souzesoen d'"Gehier" vun der Trupp, mat engem IQ vun 300. Well hatt ëmmer immens gutt Zensuren hat, ass hatt zu enger Aussesäiterin ginn. Hatt ass och d'Krigerin vum Waasser, d'Sailor Merkur. Dem Ami seng Mamm ass Doktesch, an och hatt hofft, eng Kéier dëse Beruff ergräifen ze kënnen.
  • Sailor Mars / Rei Hino: D'Rei ass d'Krigerin vum Feier, d'Sailor Mars. Hatt lieft mat sengem Grousspapp an engem aleShintō-Schräin. Hatt ass engMiko a gouf an der Konscht vun derMeditatioun ausgebilt.
  • Sailor Jupiter / Makoto Kino: D'Makoto ass d'Kämpferin vum Blëtz a vum Donner. Nodeem hatt seng Eltere bei engem Fligersaccident verluer huet, lieft hatt eleng, an ass och eng guttKampfsportlerin.
  • Sailor Venus / Minako Aino: D'Minako ass eng opgedréite Persoun. Laut der ZeechnerinNaoko Takeuchi ass d'Minako 1,50m grouss an huet himmelblo Aen. An der Serie gëtt hatt dacks mam Bunny verwiesselt, wat déi zwee Meedercher awer och fir sech ausnotzen.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]

Offiziell Säit vuSailor Moon(ja)

Commons: Sailor Moon – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Sailor_Moon&oldid=2590390
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp