Fréier gouf meeschtens mat Hunneg (Europa) an Zockerrouerjus (Indien) geséisst. Et gëtt ugeholl datt d'Verfahre fir den Zockerrouerjus an Zocker ze kristalliséieren am4. Joerhonnert no Christus anIndien entwéckelt gouf. Iwwer arabesch Händler koum dunn dëst Wëssen eriwwer an Europa a vun do aus an déi verschidden europäesch Kolonien, wou du grouss Zockerrouerplantagen entstane sinn.
Zocker war am Ufank haaptsächlech en Heel- a Stäerkungsmëttel, an huet sech eréischt méi spéit alsGenossmëttel entwéckelt.
An der Mëtt vum18. Joerhonnert gouf dunn den Zocker aus Zockerrommele gewonnen a gouf am19. Joerhonnert zu engem groussen Industriesecteur ausgebaut.
Saccharos kënnt a ville Friichten- a Planzejuse vir a gëtt haaptsächlech ausZockerrouer,Zockerrommelen,Zockerahorn an derZockerpalm gewonnen. De Grondstoff aus dëse Planze gëtt fir d'Zockerproduktioun benotzt.
den Kristallzocker: ass déckkärege wäissen Zocker.
de Geléierzocker: wäissen Zocker gëtt matPektin anZitrounen-- oderWäisaier versat a gëtt benotzt fir z. B. Gebeess ze machen.
den Amachzocker: ass déckkärege wäissen Zocker dee fir d'Amaache vu Friichte benotzt gëtt.
de wäisse Kandiszocker: sinn déck Kristaller déi aus rengen Zockerléisunge ganz lues kristalliséiert ginn.
de bronge Kandiszocker: en ass d'selwecht wéi dee wäissen, just datt do nach karamelliséierten Zocker dobäi kënnt.
den Invertzocker: do gëtt bei der Saccharos nach duerch en Zousatz vu Saier d'Glukos an d'Fruktos opgespléckt a gëtt haaptsächlech zur Hierstellung vuKamelle gebraucht.
Bei der Verdauung gëtt den Zocker a seng Bestanddeeler zersat: an d'Glukos an an d'Fruktos. Hien huet guer keng Mineralstoffer oder Vitaminnen, mä e ganz héijenEnergiegehalt.Den Nährwäert vun 1 g Zocker läit bei 4kcal. Den Zocker verursaacht Karies, well en duerch seng pecheg Eegenschafte laang un den Zänn hänke bleift.
Weltwäit ginn all Joer bal 90 Milliounen Tonnen Zocker hiergestallt. An den Industrielänner gehéiert en zu deGrondernierungsmëttelen.Vun de Kuelenhydrater ginn eleng 28 % a Form vun Zocker konsuméiert. 12 % vun der Energiezoufuhr staamt vum Zocker. Zocker gëtt benotzt fir Gedrénks wéi Kaffi oder Téi ze séissen an ass a ville Liewensmëttelle wéi am Schokola oder a Bakwueren ze fannen.