Südafrika ass e Staat a Form vun engerRepublik am Süde vunAfrika. D'Haaptstad ass gespléckt. De Sëtz vun der Regierung ass zuPretoria, dee vum Parlament zuKapstad an d'iewescht Geriicht ass zuBloemfontein etabléiert.
Südafrika huet 44.344.136 Awunner (Juli2005). Et ass e Land mat enger jonker Bevëlkerung: 30,3 % vun der Populatioun hu manner wéi 14 Joer. D'Liewenserwaardung ass déif. Déi geschat Awunnerzuelen a Südafrika droen der héijer Kannerstierflechkeet an der staarker Stierflechkeet wéinstAIDS Rechnung.
Nodeem d'Englänner sech am Joer1806 umKap vun der Gudder Hoffnung néiergelooss haten, hu vill fréier hollännesch Siidler, d'Buren, sech no Norden ofgesat, fir do hir Eegestännegkeet kënnen ze behalen. D'Entdeckung vu räichen Äerdschätz,Diamanten (1867) aGold (1886), huet zu enger Verschäerfung vun de Spannungen tëscht den zwou Communautéite gefouert. D'Buren hu sech den Englänner widdersat an et koum zumBurekrich (1899-1902), e Krich deen d'Buren trotz hartnäckegem Widderstand verluer hunn.D'Unioun vu Südafrika, déi dunn entstanen ass, war bis zu hirer Ofschafung duerch e Regime vuRassentrennung (Apartheid) gekennzeechent.