 | DëseGeographiesartikel iwwerEuropa ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Rumänien (rumänesch:România) ass eng Republik am südëstlechenEuropa, am Nordoste vun derBalkanhallefinsel. Rumänie grenzt am Norden un d'Ukrain, am Osten uMoldawien, am Südosten un d'Schwaarzt Mier, am Süden uBulgarien, am Südwesten uSerbien an am Westen unUngarn. D'Donau mécht am Süden eng natierlech Grenz mat Bulgarien a Serbien.
D'Haaptstad an anengems och déi gréisst Stad vum Land assBukarest.
Sibiu (dt.Hermannstadt), aSiwebiergen, wou zanter demMëttelalter och eng däitschsproocheg Minoritéit mat deelweislëtzebuergesche Wuerzele lieft, war2007 zesumme mat derGroussregioun LëtzebuergKulturhaaptstad vun Europa.
Rumänien ass den29. Mäerz2004 derNATO bäigetrueden a gouf den1. Januar2007 Member vun derEuropäescher Unioun. Den 1. Januar 2025 gouf Rumänie vollstännege Member vumSchengen-Raum, vum 31. Mäerz 2024 bis den 31. Dezember 2024 war et nëmmen am Schëffs- a Fluchverkéier.[3][4]
|
|---|
| Aktuell Memberen | |
|---|
| Fréier Memberen | |
|---|
- ↑UNO 2004
- ↑Populatioun fir den 1. Juli 2005. Quell:UNO 2005
Beim leschten Zensus, den 18. Mäerz 2002, goufen 21 680 974 Leit gezielt. Quell:Institutul National de Statistica (August 2007) - ↑(lb) No 13 Joer Waardezäit: Rumänien a Bulgarien sinn offiziell Deel vum Schengen-Raum. www.rtl.lu. Gekuckt den 22.07.2025.
- ↑(lb) Vum 31. Mäerz 2024 un: Bulgarien a Rumänien ginn zum Deel Member vum Schengenraum. www.rtl.lu. Gekuckt den 22.07.2025.