Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Rudolf Diesel

Vu Wikipedia
Rudolf Diesel
GebuertsnummRudolf Christian Karl Diesel
Gebuer18. Mäerz1858
Paräis
Gestuerwen30. September1913
Äermelkanal
DoudesursaachErdrénken
EducatiounTechnesch Universitéit München,
Universitéit vu München
AktivitéitErfinder, Entreprener,Ingenieur, Esperantist
Member vunVDI Verein Deutscher Ingenieure e. V.
Famill
Bestuet matLouise Martha Diesel
KannerEugen Diesel

DeRudolf Christian Karl Diesel, gebuer den18. Mäerz1858 zuParäis, a gestuerwen den29. September1913 erdronk amÄermelkanal, war en däitschenIngenieur an Erfinder.

No engem Studium am Maschinnebau gouf de Rudolf Diesel e Mataarbechter vumCarl von Linde an huet sech mat dem Bau vu Wärmekraaftmaschinnen ofginn.

1893 gëtt an der MaschinnefabrikAugsburg mat finanzieller Bedeelegung vun der Firma FriedrichKrupp un der Entwécklung vun engemDieselmotor geschafft.1897 geléngt et dem Rudolf Diesel, deen deemools och bei der FirmaMAN AG zu Augsburg geschafft huet, deen éischte Modell vun deem Motor ze bauen, deen och ouni gréisser Problemer leeft. OP déi Manéier konnte bëllegen Ueleg mat gerengem Verbrauch benotzt ginn.

Duerch Patentprozesser war de Rudolf Diesel a senger Aarbecht staark behënnert a konnt eréischt 1908 d'Weiderentwécklung vu sengem Motor virundreiwen, fir datt si a Camionen a Lokomotive gebraucht konnte ginn.

Iwwer den Doud vum Rudolf Diesel ass net vill bekannt. En ass fir d'lescht u Bord vum DampschëffDresden gesi ginn, mat deem e vunAntwerpen opLondon fuere wollt fir do un enger Reunioun vun derConsolidated Diesel Manufacturing Ltd. deelzehuelen. En ass awer ni do ukomm. Spéider solle Fëscher zwee Réng bei enger gutt gekleeter Waasserläich fonnt hunn, déi allerdéngs wéinst engem Stuerm ne konnt gebuerge ginn. Et gëtt gesot, datt déi Réng dem Rudolf Diesel gehéiert hunn. Déi genee Doudesëmstänn konnten ni gekläert ginn.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Rudolf Diesel – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Rudolf_Diesel&oldid=2534614
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp