HirschkouA mat der AnorbitaldrüsDat fréiert (hellgréng) an haitegt (donkelgréng) Verbreedungsgebitt vum Routhirsch.Plazhirsch mat Hirschkéi
DeRouthirsch (Cervus elaphus) ass engAart aus derGattungCervus, bannent derFamill vun deCervidae. A Mëtteleuropa ass de Routhirsch mat dat gréisst vun de wëllen Déieren, déi fräi liewen. Ursprénglech huet d'Aart an oppenen an hallefoppene Landschafte gelieft, haut ass dat bal nëmme méi nach a Bëschbiotopen. Markant um Routhirsch ass dat imposantGewei, dat d'Männercher am Laf vun de Joren opbauen.
D'Weibche vum Routhirsch gëtt "Hirschkou", dat Jonkt "Kallef". D'Männercher sinn "Hirsch"en, woubäi d'Jeeër weiderhin no der Zuel vun de Wutzen um Gewei ënnerscheeden: En "Zwielefenner" ass en Hirsch deem säi Gewei zweemol sechsEnner huet oder eemol sechs an eemol fënnef (ongrueden Zwielefenner). Wat d'Zuel vun den "Enner" méi grouss ass, wat se fir Jeeër eng méi grouss Bedeitung alsJuegdtrophee hunn, a wat den Hirsch méi al ass.
Et gëtt e puer Ënneraarte vum Routhirsch, déi an Europa an an Asie verbreet sinn;
Europäesche RouthirschCervus elaphus elaphus: Kontinental-Europa a Brittesch Inselen;
Jarkandhirsch (Cervus elaphus yarkandensis):Xinjiang; et gëtt nach just eng 5.000 Déieren amTarimbaseng. Ganz rar.
Et gëtt staark Ënnerscheeder tëscht den Ënneraarte vun de Routhirschen, wat hir Gréisst ugeet: déi opSardinien an an derCorse z. B. si relativ kleng a gi just maximal 80 Kilo schwéier. Bei den Aarten a Mëtteleuropa sinn d'Männercher vu Kapp bis Hënner 180 bis 210 cm laang a kënne bis 110 Kilo schwéier ginn. D'Gewiicht variéiert awer bis zu 25 % jee no Joreszäit. Allgemeng geet d'Gewiicht an d'Gréisst och an d'Luucht wat ee méi vu West- an Osteuropa geet.
Wéi déi meescht aner Hirschaarten och hunn d'Routhirschen eng Rëtsch vunDrüsen, mat deene s'olfaktiv Signaler setzen an déi am Sozialliewen eng Roll spillen. Déi opfällegst ass déi sougenanntAnorbitaldrüs beim A. Si sekretéieren, besonnesch an derBrunftzäit, eng Flëssegkeet, déi net gutt richt, an déi u Beem a Gestrëps ofgeriwwe gëtt. Aner Drüse sinn d'Metatarsaldrüs, un den hënneschte Been, an d'Circumcaudaldrüs beim Schwanz vun den Hirschen. Och d'Gewei sekretéiert Flëssegkeet, fir Gerochsmarquen ze setzen.
De Pelz gëtt 2-mol am Joer, fir de Summer a fir de Wanter, gewiesselt; de Wanterpelz ass méi groelzeg brong a méi laang a méi wolleg wéi dee fir de Summer, deen éischter roudelzeg-brong ass (an der Aart den Numm ginn huet). Charakteristesch ass deen hellgroe Fleck ronderëm d'hënnescht Hamen. Männercher an der Brunft, déi a Mëttel- a Westeuropa liewen, kréien eng Zort Mähn ronderëm den Hals. D'Kaalwer hu wäiss Flecken.
D'Männercher stoussen all Joers am Fréijoer hiertGeweiof, sou datt bannent den nächste 5 Méint en neit nowiisst. Bei gudde Liewensverhältnesser gëtt d'Zuel vun den Enne bis 12 Joer ëmmer méi grouss (maximal bis ongeféier 20, d. h. 10 pro "Aascht"). Wärend d'Gewei wiisst, ass et mat enger Basthaut iwwerzunn. Mat der Zäit stierft déi Haut of, an d'Hirsche feeën, wann de Wuesstem bis fäerdeg ass, déi Basthaut un Äscht a Gestrëpps of.
Routhirschen hunn e gutt entwéckelte Gerochssënn an Aen, déi Beweegunge gutt registréieren. Si si virun allem an derSchummerecht an an der Nuecht aktiv, an hunn dofirPupillen, déi grouss opgoe kënnen.
D'Routhirsche si sozial Déieren a liewe gewéinlech amRuddel. D'Ruddele bleiwe gewéinlech an der selwechter Géigend, an hir Gréisst hänkt vum Biotop of wou se liewen.
Déi erwuessen Déiere liewen, ausser an der Brunftzäit, a Ruddelen, déi no Geschlechter getrennt sinn. D'Kaalwer liewen am Ruddel bei hirer Mamm. Männlech Hirsche kënnen, wa se méi al sinn, och alt Eenzelgänger sinn. Wa s'am Ruddel sinn, da gëtt duerch Imponéieren an Dreeën, och alt duerch Dueller, eng hierarchesch Ranguerdnung opgestallt.
D'Brunftzäit ass a Mëtteleuropa am September, bis an den Oktober eran. D'Hirsche léisen dann hire Ruddel op a sichen déi vun de Weibercher. Well meeschtens méi wéi een Hirsch vun de Kéi ugelackelt gëtt, kënnt et dann zu Gestreits a richtege Kämpf, bis just nach een als Vainqueur Rescht bleift, dee säin Trapp Weibercher verdeedegt.
Typesch fir d'Brunftzäit sinn och d'Riff vun den Hirschen, an en intensiivt Markéiere mat Drüsesekreter anUrin vun hirem Territoire.
D'Kaalwer kommen tëscht Mëtt Mee an Ufank Juni op d'Welt, meeschtens eent pro Mamm. Si hu bei der Gebuert tëscht 6 a 14 Kilo. Si hunn, alsTarnung, wäiss Flecken op hirem Pelz, wat mécht, datt ee se kaum gesäit, wa s'ouni ze wibbelen, zesummegerullt um Buedem leien.
Wärend am Mëttelalter de Routhirsch an der Géigend vum haitege Lëtzebuerg wäit verbreet war, war en am 19. Joerhonnert extreem rar ginn[1]: An de groussen Ardennerbëscher gouf et z. B. 1845 just nach eng Plaz (d'Forêt de Freyir beiSaint-Hubert), wou sech eng kleng Populatioun erhale konnt. An derÄifel gouf et an der éischter Hallschecht vum 19. Joerhonnert sou gutt wéi keng méi. Si ware sou rar ginn, datt d'Gewei vun engem Aachtenner, deen zuRoetgen geschoss gi war, 1900 op derWeltausstellung zu Berlin ausgestallt gouf. A Frankräich gouf et de Routhirsch just nach an der Bretagne an de Kinnekleche Bëscher ronderëm Paräis, souwéi, méi rar, amElsass. ALoutrengen gouf et am 19. Joerhonnert praktesch keng méi. Zu Lëtzebuerg selwer war de Routhirsch demAlphonse de la Fontaine no, scho 1795, demJean-Pierre-Joseph Koltz no 1810, ausgerott ginn. Geleeëntlech gouf uechtert d'19. Joerhonnert alt nach dat eent oder anert Exemplar gesinn, respektiv geschoss.
1921 an 1922 goufen am Deel vumGréngewald, deen dem Groussherzog gehéiert, jee 4 Routhirschen aus Holland ausgesat. Eréischt an der zweeter Hallschecht vum 20. Joerhonnert huet de Bestand vun de Routhirschen am Land, besonnesch am Eislek, lues a lues nees zougeholl. De Grond war, datt Déieren aus den Nopeschlänner an d'Land komm sinn, an allgemeng, datt et de Leit besser goung, a se net méi heemlech op d'Juegd hu misse goen, fir eppes z'iessen ze hunn. 1955, sou gouf vun engem Forstinspekter geschat, louch d'Zuel am Land bei 175 Exemplaren.
D'Zuel vun den Déieren, déi pro Joer geschoss ginn (oder iwwerrannt goufen) geet zënterdeems och an der Moyenne an d'Luucht: 1963 waren et der ronn 100, 1980 der 170; 2002 goufen 202 dout Déiere gemellt, an 2006 der 313[2]. Wat d'Gesamtpoplulatioun vu Routhirschen am Land betrëfft, sou gouf déi 2003 op ronn 3.200 Béischte geschat. An de Joren duerno goufe geleeëntlech Déiere fonnt, déi am Land illegal ausgesat gi waren.
ZuNidderkuer amTurbelslach gouf 1860 e Relief mam HirschgottCernunnos fonnt (haut Kollektioun vumNationalmusée fir Geschicht a Konscht). ZuBollendorf gëtt et enDiana-Monument aus dem 2. Joerhonnert, op deem d'Juegdgëttin mat enger Hirschkou ze gesinn ass. Vumhellegen Hubert (oder Haupert; ca. 656-727), dee Bëschof vuLéck aMaastricht war, gëtt et d'Legend, datt hien am Ardenner Bësch en Hirsch mat engemKruzifix am Gewei gesinn hätt, iwwerdeems eng Stëmm him gesot hätt, hie soll ophalen, seng Zäit mat weltleche Plaiséieren ze verbëtzen, a bei denhellege Lambert goen, deem him scho soe géif, wat e misst maachen.[3] Déi Geschicht war vun der Legend vumHellegen Eustachius geknäipt ginn, deen a südleche Länner dePatréiner vun de Jeeër war. D'Abtei Saint-Hubert huet s'am 15. Joerhonnert iwwerholl an op "hiren" Hellegen - mat Succès - iwwerdroen, sou datt dee bis haut Juegd-Patréiner an de Beneluxlänner an an Norddäitschland ass.
Déi fréierGemeng Munzen hat en Hirsch an hirem Wopen. Dëse war vum Gemengerot erausgesicht gi, well Munzen wéinst sengemHaupeschmaart bekannt war.
Well fréier Hirschprodukter als Heelmëttel benotzt goufen, gouf och déi eng oder anerApdikt nom Hirsch genannt, sou och zuIechternach, wou op der Maartplaz bei der fréiererPharmacie du Cerf nach haut iwwer der Entrée eng Skulptur vun engem Hirsch, dee läit, ze gesinn ass.