Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Rocroi

Vu Wikipedia
Rocroi
Rocroi aus der Loft gesinn

Rocroi aus der Loft gesinn
Rocroi aus der Loft gesinn
LandFrankräich
RegiounGrand Est
DepartementArdennes
ArrondissementCharleville-Mézières
KantonRocroi
Postcode08230
Gemengecode08367
Koordinaten49° 55’ 34’’ N
      04° 31’ 20’’ O
Fläch 5.041 ha
Bevëlkerung 2.442(2008)
Rocroi, 1643.

Rocroi ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng amDepartement Ardennes amGrand Est an de Kantonalhaaptuert vumKanton Rocroi. Bis1926 war et och de Sëtz vun derËnnerprefecture Rocroi.An der Geschicht ass Rocroi haaptsächlech bekannt duerch d'Schluecht vum 19. Mee 1643. Haut ass et eng gutt besicht Touristestiedche wéinst den aleVaubansbefestegungen, déi zum sougenanntePré carré gehéiert hunn.

Wéi 2011 deParc naturel régional des Ardennes entstanen ass, war Rocroi eng vun de Grënnungsgemengen.

Tëscht1895 an 1950 war Rocroi mat engerSchmuelspuerbunn un d'Eisebunnsnetz ugeschloss. Am Ufank huet se an der 800 mm-Spuer vunTremblois-lès-Rocroi bis op Rocroi gefouert huet, a gouf duerno1903 op d'Meterspur ëmgebaut, an1905 bis op d'belsch Grenz ausgebaut wou se zuPetite-Chapelle en Uschloss un de belsche Vicinalreseau hat.

Vun 1953 bis 1976 war d'Andrée Viénot, d'Duechter vun derAline anEmile Mayrisch, Buergermeeschtesch vu Rocroi.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Rocroi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och

[Quelltext änneren]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Rocroi&oldid=2309741
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp