Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Robert Fico

Vu Wikipedia
Robert Fico
Gebuer15. September1964
NationalitéitSlowakei
AktivitéitPolitiker
FonctiounEuropadeputéierten, Suppleant vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot, Representant vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot
Member vunParlamentaresch Versammlung vum Europarot

DeRobert Fico ("Fitso" ausgeschwat) gebuer de15. September1964 zuTopoľčany, ass eslowakesche Jurist a Politiker (Smer-SD). Hie war vun 2006-2010, vun 2012-2018, an ass nees zanter dem Oktober 2023 Premierminister.

1999 huet hien d'Smer-SD gegrënnt (hien ass hire President), där sech an de Joren duerno anerLénksparteien ugeschloss hunn.2006 huet d'Smer-SD d'Wale géint déi liberal Mëtt-Riets-Regierung gewonnen.De Fico gouf Premierminister vun enger Koalitiounsrtegierung mat der nationalistescher Slowakescher Nationalpartei (SNS) an derpopulistescher Vollekspartei-Beweegung fir eng demokratesch Slowakei (ĽS-HZDS).

Bei de Parlamentswalen am Juni2010 gouf d'Smer-SD nees stäerkste Partei, mä d'Regierungsparteie krute keng Majoritéit méi. Et koum zu enger Véiererkoalitioun ënner der RegierungschefinIveta Radicová. Dës huet am November e Vertrauensvote am parlament verluer, soudatt et am Mäerz 2012 zu Neiwale koum.

Als Resultat dovu gouf de Robert Fico nees Premierminister.

2014 huet hie fir d'Presidentewale kandidéiert, huet dës awer am 2. Tour géint denAndrej Kiska verluer.

De 15. Mäerz 2018 ass hien, am Kader vun enger politescher Kris, déi duerch d'Ermuerdung vun engem Journalist an deem senger Frëndin ausgeléist gi war, zeréckgetrueden. Säi VizePeter Pellegrini gouf domat chargéiert eng nei Regierung op d'Been ze stellen.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Robert Fico – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Robert_Fico&oldid=2479764
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp