Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Roald Amundsen

Vu Wikipedia
Roald Amundsen
GebuertsnummRoald Engelbregt Gravning Amundsen
Gebuer16. Juli1872
Gestuerwen18. Juni1928
Arkteschen Ozean
DoudesursaachFligeraccident
NationalitéitNorwegen
AktivitéitExplorateur,Schrëftsteller, Séimann, Fuerscher, Pilot, Reesenden,Filmregisseur
GielercherChevalier vun der Légion d'honneur‎

DeRoald Amundsen, gebuer de16. Juli1872 zu Borge/Östfold a gestuerwen am Juni1928 tëschtTromsö an derBiereninsel am ArchipelSpitzbergen war enorwegesche Polarfuerscher.

No engem ofgebracheneMedezinstudium (1894) huet den Amundsen sech der Erfuerschung vun de Polarregioune vun eisem Planéit verschriwwen.

1897 bis 1899 huet hien un engerbelscher Südpolexpeditioun deelgeholl.

Op der Sich nom magnéiteschenNordpol huet den Amundsen op senger 1. Expeditioun op engem ëmgebaute Fëscherboot an de Joren 1903-1906 als Éischten d'Nordwestpassage duerchfuer.

An enger Course mamRobert Falcon Scott huet den Amundsen de15. Dezember1911 mat senge 4 Begleeder op Grond vu sengem bessere Material als Éischten deSüdpol erreecht.

Am Kader vun enger Rettungsmissioun fir den italieenesche PolarfuerscherUmberto Nobile koum den Amundsen bei engem Fligeraccident ëm d'Liewen. Seng Läich gouf net fonnt.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Roald Amundsen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Roald_Amundsen&oldid=2459600
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp