Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Rio de Janeiro

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Stad Rio de Janeiro. Fir de Bundesstaat, kuckt wgl.Rio de Janeiro (Bundesstaat).
Rio de Janeiro
Owespanorama vu Rio de Janeiro
LandBrasilien
VewaltungseenheetRio de Janeiro
Awunner6.775.561 (geschat)[1]
 2021
Fläch1.197,46
Héicht2
Koordinaten22° 54’ 30’’ S
      43° 11’ 47’’ W
Telefonszon21
Postcode20000-000
Websäitwww.camara.rj.gov.br

Rio de Janeiro ass déi zweetgréisst Stad aBrasilien an d'Haaptstad vumBundesstaat mam selwechten Numm. Se läit an derGuanabara-Bucht am Südoste vum Land. Den Numm (portugisesch fir "Januar-Floss") ass entstanen, well deGaspar de Lemos den 1. Januar 1502 d'Bucht entdeckt huet an iertemlech gemengt huet, et wier d'Mëndung vun engem grousse Floss. D'Stad hat 2016 ronn 6,4 Milliounen Awunner; 2021 waren et der geschat 6,76 Milliounen[1]. An derAgglomeratioun liewen eng 13,634 Milliounen Awunner (2020)[2].

Rio de Janeiro war tëscht1763 an1960 d'Haaptstad vu Brasilien, ierBrasília dës Funktioun iwwerholl huet, an ass noSão Paulo dee wichtegsten Handels- a Finanzzentrum vum Land. D'Awunner giCariocas genannt, dat heescht opTupinambá "Häip vum wäisse Mann".

Déi bekanntst Attraktioune vu Rio de Janeiro sinn den 394 m héijenZockerhutt, déi 38 Meter héichChristusfigur op der Spëtzt vumCorcovado (dee 704 m héich ass) an d'Plagë vuCopacabana anIpanema. D'Stad ass och bekannt wéinst demKarneval vu Rio, deen do all Joer deeglaang gefeiert gëtt.

D'Olympesch Summerspiller 2016 goufen zu Rio de Janeiro ausgedroen.

Arrondissementer

[änneren |Quelltext änneren]

Rio de Janeiro ass an 33 Arrondissementer (Regiões Administrativas) agedeelt, déi hirersäits 5 Plang-Flächen (Áreas de Planejamento) zougeuerdent sinn:

  • Área de Planejamento 1: Centro, Paquetá, Portuária, Rio Comprido, Santa Teresa, São Cristóvão;
  • Área de Planejamento 2: Botafogo,Copacabana, Lagoa, Rocinha, Tijuca, Vila Isabel;
  • Área de Planejamento 3: Anchieta, Complexo do Alemão, Ilha do Governador, Inhaúma, Irajá, Jacarezinho, Madureira, Maré, Méier, Pavuna, Penha, Ramos, Vigário Geral
  • Área de Planejamento 4: Barra da Tijuca, Cidade de Deus, Jacarepaguá;
  • Área de Planejamento 5: Bangu, Campo Grande, Guaratiba, Realengo, Santa Cruz.

D'administrativ Regioune sinn an 160 Quartieren (Bairros) ënnerdeelt.

Biller

[änneren |Quelltext änneren]
  • d'Plage vun Ipanema
    d'Plage vun Ipanema
  • De Cristo Redentor um Corcovado
  • D'Parlament vum Bundesstaat Rio de Janeiro
    D'Parlament vum Bundesstaat Rio de Janeiro
  • D'Avenida Rio Branco
    D'Avenida Rio Branco
  • Vue op de Flamengo-Park
    Vue op de Flamengo-Park
Vue vumCorcovado erof op denZockerhutt, an d'Quartiere vu Botafogo,Copacabana anIpanema.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Rio de Janeiro (city) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 12(pt) População.cidades.ibge.gov.br.Gekuckt de 06.06.2022.
  2. (en) Brazil.Central Intelligence Agency(26.05.2022).Gekuckt de 06.06.2022.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Rio_de_Janeiro&oldid=2576303
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp