 | DëseGeographiesartikel iwwerEuropa ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
DeRhäin ass e Floss deen duerch oder laanscht d'Schwäiz,Liechtenstein,Éisträich,Däitschland,Frankräich anHolland fléisst.
Lëtzebuerg läit bal ganz am Anzuchsgebitt vum Rhäin, well sou gutt wéi all Baachen a Flëss iwwer d'Musel an de Rhäin lafen. Just d'Kuer an e puer Nieweflëss, am Südweste vum Land, an d'Fooschtbaach am Norde gehéieren zum Anzuchsgebitt vun derMeuse[1].
De Rhäin huet eng Gesamtlängt vun 1.232,7 km. Dovu leien der 376 km an der Schwäiz (e groussen Deel dovun ass den 170 km laangen Héichräin, inklusiv dem Untersee, op der Grenz mat Däitschland), 695,5 km leien an Däitschland (182 km dovu leien op der Grenz mat Frankräich; wann een den Héichrhäin inklusiv dem Untersee matzielt, kritt een 865,5 km fir Däitschland) an 161,2 km an Holland. 883 km si fir grouss Schëffer benotzbar. Den duerchschnëttlechen Oflaf just virun der Verzweigung vun den Estuarien ass ongeféier 2.300 m³/s. Den héchsten Oflaf, deen do jee gemooss gouf, war 12.000 m³/s (1926) an deen niddregste 600 m³/s (1947).[Quell?]
- Laurenz Janscha: Collection de cinquante vues de rhin. Artaria & Comp., Wien 1798 (digitalisierte Ausgabe bei dilibri vom Landesbibliothekszentrum Rheinland-Pfalz, aufgerufen am 27. Januar 2024).
- Robert Batty: Scenery of the Rhine, Belgium and Holland. 4 Bände, Hrsg. R. Jennings. London 1824 (Digitalisat von Internet Archive).
- Johann Georg Kohl: Der Rhein. 2 Bände. Brockhaus, Leipzig 1851 (Digitalisat der Universität zu Köln, aufgerufen am 27. Januar 2024).
- Elly Heuss-Knapp: Der Rhein (= Die Blauen Bücher). Robert Langewiesche Nachfolger, Königsstein im Taunus 1963.
- Jörg Koch: Entlang des Rheins. Eine Reise in historischen Bildern. Wartberg Verlag, Gudensberg-Gleichen 2018,ISBN 978-3-8313-3220-5, Inhaltsverzeichnis, Bildband.
- Max Tauch: Rheinische Landschaften. Gemälde und Aquarelle aus dem 19. und 20. Jahrhundert. Rheinischer Verein für Denkmalpflege und Landschaftsschutz e. V., Jahrbuch 1972/73, Neuss 1973.
- ↑F. Schneider, 1952.Géographie du Luxembourg, S. 40.