Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Republik

Vu Wikipedia
D'Allegorie vun der Republik zuParäis (Place de la République)

EngRepublik (lat.res publica) ass engStaatsform, bei där d'Muecht prinzipiell an den Hänn vun der Allgemengheet läit, am Géigesaz zu derMonarchie an zu derOligarchie, wou d'Muecht an den Hänn vun engem, oder enger klenger Grupp vu Leit ass.

D'Wuert kënnt vun delaténgesche Wierderres apublica. D'Wuertres kann ee matSaach iwwersetzen an denAdjektivpublica matpublik,ëffentlech. Engres publica ass also am éischte Sënn engëffentlech Saach.

EngRepublik' ass eng Staatsform, wou de Staatschef keeMonarch ass. D'laténgescht Wuertres publica suggeréiert datt de Staat vun der Bevëlkerung kontrolléiert gëtt. Eng Republik ass awer domat net ëmmer engDemokratie. E Gouvernement mat republikanescher Staatsform kann och nëmmen eng limitéiert Demokratie beinhalten, wou d'Rechter nëmmen enger bestëmmter Grupp vu Leit virbehale sinn. An deem Fall kann eng Republik ochdiktatorial odertotalitär sinn. D'Konzept ass ausserdeem wäitleefeg genuch, datt ochrepresentativ Demokratie eng Republik ka sinn.

Historesche Sënn

[änneren |Quelltext änneren]

VerschiddeCourtisanen um franséischen Haff am18. Joerhonnert hu Gedichter geschriwwen, an deenen si demLouis XIV. seng gutt Gestioun vun derRepublik gelueft hunn. De Sënn war natierlech e ganz aneren, an deem Kontext war d'Republik d'res publica, d'ëffentlech Saach.

Et goufen awer zu där Zäit scho Republicken am haitege Sënn vum Wuert. D'klassesch Kultur war denAdelege vun där Zäit wäitleefeg bekannt, an all gebilte Mënsch hat scho vun derRéimescher Republik héieren, déi et virun de réimesche Keeser ginn hat. Leit déi vill gereest sinn, hunn och d'helvetesch Republik kannt, oder d'RepublikVenedeg. An all deene Regimmer hunn ëmmer d'Wieler wann et noutwenneg war decidéiert, wiem si géifen d'Staatsgeschäfter an d'Hand leeën.

D'Republik an de klasseschen Texter an an der Renaissance

[änneren |Quelltext änneren]

D'Réimer haten hirerConstitutioun den NummRepublik ginn, nodeem si d'Kinneke verdriwwen haten. Si haten d'Wuert gréisstendeels aus demgriicheschepoliteia iwwerholl, d'ëffentlech Affären an engerPolis, engem Stadtstaat. Dräi Texter hunn déi verschidde Sënner vun dëse Begrëffer an d'Neizäit bruecht:Politeia vumPlaton,Politike vumAristoteles anDe re publica vumCicero. Fir d'Leit aus demMëttelalter war dem Cicero säin Text an Extraiten amAugustin sengerCivitas dei ze fannen. Dem Aristoteles seng Texter waren nëmmen nach opLatäin ze fannen, déi aus demarabeschen odergriicheschen iwwersat gi waren; vum Platon waren nëmme Fragmenter iwwreg. D'historesch Erfarung aus dem Mëttelalter war déi vun engem post-republikanescheRoum, engem ideale Räich, universell a monarchistesch. Sou hu Leit wéi denThomas vun Aquin d'Tendenz gehat, engres publica als e reglementéierten a monarchistesche Staat z'interpretéieren. Sou hu si och dacks vun derRes Publica Christiana geschriwwen. Am Géigesaz dozou huet sech an de Stied déi sech am Laf vum12. Joerhonnert entwéckelt hunn, déi al Form vun derRes publica Romana breet gemaach, si hunn engRepublik als e Staat ouni Kinnek definéiert - ob elo aristokratesch oder demokratesch.

De mëttelalterleche Sënn huet sech gehalen, sou zum Beispill an deSix livres de la République vumJean Bodin (1576), mä och d'humanistesch Definitioun vun engemfräie Staat oder Staat ouni Kinnek konnt een an de Schrëfte vumBartolus vu Saxoferrato (De regimine civitatis,Perugia, ëm1350),Coluccio Salutati (De tyranno, Florenz,1400) aLeonardo Bruni (Laudatio fiorentinae urbis, 1403-04) fannen. Déi humanistesch Iddie goufe vumMachiavelli a sengemDiscorsi sopra prima deca di Tito Livio nees opgegraff, a si hu virun allem an denamerikanesche Kolonien,Holland, an amCommonwealth Uklang fonnt.

Beispiller

[änneren |Quelltext änneren]

Hautdesdaags gëtt et vill Republicken an der ganzer Welt. Eng republikanesch Staatsform ka mat ville verschiddenenekonomeschen an demokratesche Systemer kombinéiert ginn. Hei sinn e puer Beispiller, fir verschidde republikanesch Staatsformen ze weisen:

  • D'Vereenegt Staaten anDäitschland sifederal Republicken, déi vun enger representativer Demokratie gouvernéiert ginn.
  • D'Schwäiz ass eng Federatioun vu Staaten (Kantonen) déi vun enger Mëschung aus direkter a representativer Demokratie gouvernéiert gëtt.
  • Russland ass eng Federatioun vu semi-autonome Republicken (Staaten) a Provënzen déi direkt dirigéiert ginn.
  • DenIran ass engtheokratesch Republik.

Lëscht vun demokratesche Republicken

[änneren |Quelltext änneren]

Dës Lëscht ass eng Opstellung vun den demokratesche Republicken déi et hautdesdaags gëtt.

Republicken déi sech nëmmen demokratesch nennen awer a Wierklechkeet net den Uspréch vun enger Demokratie gerecht ginn, sinn net hei opgefouert, mä an enger Extralëscht.

Bei deene mat Stärercher (*) gezeechente Staaten ass den demokratesche Status wéinst rezenten Evenementer zweiwelhaft.

Literatur zum Theema

[änneren |Quelltext änneren]
  • Régis Debray,La République expliquée à ma fille, Le Seuil, 1998.(ISBN 2-02-034714-8)
  • Jean-Michel Ducomte,La République, Les Essentiels, Mailand, 2002.
  • Serge Bernstein an Odile Rudelle (Ersg.),Le modèle républicain, PUF, 1992.
  • Blandine Kriegel,Philosophie de la République, Plon, 1999.
  • Claude Nicolet,L'idée républicaine en France, Gallimard, 1982.
  • Hugue Jallon a Pierre Monier,Les enragés de la République, La Découverte, 1999.
  • Frédéric Monera,L'idée de République et la jurisprudence du Conseil constitutionnel, L.G.D.J., Paräis, 2004.-;
  • William R. Everdell,La fin des rois: Histoire des républiques et des républicains, Éd. Publisud, Paräis, 1987.
  • Philip Pettit,Republicanism. A Theory of Freedom and Government, Oxford University Press, 1997.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Republik&oldid=2638113
Kategorie:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp