Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Reptiller

Vu Wikipedia
Reptiller
En Därendäiwel

EnDärendäiwel
EnDärendäiwel
Systematik
Räich:Déiereräich
Stamm:Chordata
Ënnerstamm:Wierbeldéieren
Iwwerklass:Kiefermünder
Klass:Reptiller
Wëssenschaftlechen Numm
Reptilia
Laurenti 1768
Uerdnungen

Schuppereptiller
Deckelsmouken
Krokodiller
Eidechsen

D'Reptiller sinn engKlass vuWierbeldéieren, déi am Laf vun der Äerdgeschicht no denAmphibien, aus deene se sech eraus entwéckelt hunn, entstane sinn.

Bescht bekannt Vertrieder vun de Reptiller sinn d'Eidechsen, d'Schlaangen, d'Deckelsmouken, d'Krokodiller an d'Dinosaurier (déi virun zirka 66 Millioune Joer ausgestuerwe sinn).

Anatomie

[änneren |Quelltext änneren]

De Kierper vun de Reptiller ass matHarschuppe bedeckt a si ootmen duerchLongen. Si siwiesselwaarm (heterotherm), d. h. datt hir Kierpertemperatur sech der Baussentemperatur upasst, well se hir Kierpertemperatur net selwer reegele kënnen. D'Reptiller planze sech duerch Eeër fort.

Hir Longe si méi kleng a manner komplizéiert opgebaut wéi déi vun deVullen an deMamendéieren, well se wéinst hirem nidderegen Energieverbrauch vill manner Loft brauchen. Och hiertHäerz ass méi kleng (2 % vun hirem Kierpergewiicht) sinn den Ufuerderungen déi hiremBluttkreeslaf gestallt ginn, ugepasst.

An enger waarmer Ëmgéigend ass hireStoffwiessel séier genuch, mä soubal d'Temperatur fält, fänke si u méi roueg ze ginn, si friessen näischt méi bis si dann eng Kéier ganz estarren. Deen Zoustand kënne si iwwer Méint halen ouni iergendwéi Schied z'erleiden. Dat ass de sougenannteWanterschlof.

Well d'Reptiller sou staark vun enger héijer Temperatur an hirer Ëmgéigend ofhängeg sinn, liewen déi meescht vun de 5000 Aarten a waarme Länner. Obwuel déi meeschtFleeschfrësser sinn, gëtt et eng Rëtsch Aarten déi vegetaresch liewen, wéi déigrouss Mierechs vun deGalapagosinselen.

Fortbeweegung

[änneren |Quelltext änneren]

D'Fortbeweegung vun de Reptiller ass och ganz ënnerschiddlech. En Deel kraucht mam Bauch iwwer de Buedem (Schlaangen oder verschiddenEidechsenzorten), anerer kënnen op den hënneschte Been lafen a mam Schwanz steieren (Kragenechsen, Chlamydosaurus kingi), déi meescht ginn awer op véier Patten (Krokodiller). Et gëtt der souguer déi schwammen oder duerch d'Loft seegele kënnen.

Ofstamung

[änneren |Quelltext änneren]

Vun der stammesgeschichtlecher Entwécklung hir stamen d'Reptiller vunamphibescheLandwierbeldéieren of. An der Grupp vun den Tetrapode gehéiere se zu den Amniota.

D'Amniota ginn an zwou Gruppe gedeelt, déi sech ob d'Zuel vun de Schädelëffnungen (ausser déi vun den Aen, der Nues an den Oueren) baséieren: d'Synapsida (eng Ëffnung) an d'Diapsida (zwou Ëffnungen); d'Ur-Amniota (Anapsida) hate keng Ëffnungen. Zu den Diapsida ginn d'Reptiller an d'Vulle gezielt, mat ausgestuerwene Gruppe wei d'Dinosaurieren (Dinosauria) an d'Fluchsaurieren (Pterosauria).

Deckelsmouken allerdéngs hu keng Ëffnung, wouduerch s'eigentlech missten zu den Anapsida zielen. VerschiddePaleontologe mengen zwar datt dat wéinst eng spéider Zeréckentwécklung vun den Diapside wier. Si zielen haut zu der Schwëstergrupp vun denArchosaurieren aus der Famill vun de Reptiller duerch d'Lag vun hirer Halsoder an der Ausbildung vun hirerAorta. D'Fossilsituation ass awer nach net definitiv gekläert.

Déi éischt Reptiller triede virun ongeféier 300 Millioune Joer amPerm op. Eng éischt Opdeelung kënnt scho ganz fréi vir: déi oneigentlech Reptiller (Parareptilia) an déi eigentlech Reptiller (Eureptilia).Vertrieder vun de Parareptilia sinn déi amTrias ausgestuerwe Procolophonida, déi dacks als no Famill vun de Schildkröten ugesi ginn, an déi am Perm ausgestuerwe Pareiasauria.D'Eureptilia ginn agedeelt an: d'Archosauria, also d'Krokodiller, d'Fluchsaurieren an d'Dinosaurieren (an haut och d'Vullen) an d'Leptosauria, wéi d'Eidechsen, d'Schlaangen, Duebelschläichen an d'Bréckenechsen. Donieft gëtt et och nach den ausgestuerwenen Aascht Sauropteriygia, déi grouss Mieresreptiller.

Systematik

[änneren |Quelltext änneren]

D'Systematik vun de Reptiller gëtt et an zwou Versiounen:

Versioun 1 (klassesch Versioun): Schildkröten als Anapsida

Dës Versioun stellt d'Reptiller als eng vollkomme kënschtlech Grupp duer (Polyphylum), well si souwuel d'Synapsida (mat deMamendéieren) wéi och d'Vullen ausschléisst:

Versioun 2: Schildkröten als Schwëstergrupp vun denArchosauria, Reptiller an d'Vullen alsSauropsida.An dësem Fall bilden d'Reptiller nach ëmmer keng vollstänneg natierlech Grupp, well si d'Vullen ausschléissen. D'Alternativ Sauropsida, déi d'Vullen als Deel vun denDinosauria mat ëmfaasse sinn awer en echtenTaxon:

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Reptilia – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Reptiller&oldid=2632558
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp