Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Reims

Vu Wikipedia
Reims
D'Gemengenhaus vu Reims

D'Gemengenhaus vu Reims
D'Gemengenhaus vu Reims
LandFrankräich
RegiounGrand Est
DepartementMarne
ArrondissementReims
KantonChef-lieu vun 10 Kantonen
Postcode51100
Koordinaten49° 15’ 05’’ N
      04° 01’ 24’’ O
Bevëlkerung 180.318(2020)
Fläch 47,02 ha

Reims (IPA:[ʀɛ̃ːs]) ass eng Stad am Nordoste vuFrankräich, ëm déi 130 km vuParäis ewech. Si ass engËnnerprefecture vumDepartement Marne, an der RegiounGrand Est a gëtt ochCité des Sacres genannt well hei d'franséisch Monarche gekréint goufen.

D'Stad ass Sëtz vun engemÄerzbëschof an huet zanter1969 och eng Universitéit. D'Geschicht vu Reims geet bis op d'Réimescht Räich zeréck.

Geographie

[änneren |Quelltext änneren]

Reims ass eng Stad am Nordoste vuFrankräich, ëm déi 130 km vuParäis ewech, an der sougenannterChampagne crayeuse. Mat 187 206 Awunner[1] steet Reims domat op zwielefter Plaz vun de franséische Stied no hirer Awunnerzuel. Och wa Reims keeChef-lieu ass, sou ass et dach déi gréisst Stad an der RegiounChampagne-Ardenne. Ausserdeem ass Reims d'Sous-préfecture vumArrondissement Reims am Departement vun der Marne, Sëtz vun engem Äerzbëschof, enger Cour d'Appel, enger Akademie an enger Universitéit. Reims ass zesumme matTroyes e wichtege Pol an der Regioun.

D'Stad läit an engem Flaachland, um Uwänner vun derVesle, engem Zoufloss vun derAisne, an umAisne-Marne Kanal. Am Süden an am Westen erhieft sech d'Montagne de Reims. Vu 17 Uertschaften an der Champagne, deenen hir Wéngerten d'AppellatiounGrand-Crû hunn, sinn der eleng 9 an der Montagne de Reims ze fannen.

D'Haaptplaze vu Reims sinn d'Place Drouet-d'Erlon[2], wou een eng Konzentratioun vu Restaurantsen, Caféen a Geschäfter fënnt, am hirem Zentrum steet d'Fontaine Subé; d'Place Royale mat enger Statu vumLouis XV. an d'Place du Cardinal-Luçon virun derKathedral mat enger Statu vumJeanne d'Arc. Z'ernimme sinn och d'Place de la République an d'Place des Droits-de-l'Homme, déi op de grousse Boulevarde ronderëm Reims leien, an d'Entrée an den Zentrum vun der Stad sinn. D'Rue de Vesle, d'Haaptgeschäftsstrooss, leeft ënner verschidden Nimm an no engem Schema wat vum anticke Plang vu Reims ofgekuckt gouf, vum Südwesten an den Nordosten. Aner grouss Geschäftsstroossen am Zentrum sinn d'Rue de l'Étape, d'Rue du Cadran-Saint-Pierre, d'Rue des Élus an d'Rue de Talleyrand.

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]
D'Porte de Mars zu Reims (3. Joerhonnert).

Éischt Spuere vun engem bewunnte Gebitt gi bis an denNeolithikum an deChalkolithikum zeréck. Urnen aus derBronzezäit goufen ausgegruewen, an am ganzen Dall vun derVesle hunn an derEisenzäit Leit gewunnt. Ëm80 v. Chr. hunn d'Remer um aktuelle Site vu Reims enOppidum gebaut.

DeJulius Caesar ernimmt a senge Commentairen eng Stad mam NummDurocortorum. DeStrabon schwätzt vunDurocortora. Wéi den Caesar ëmmer méi Deeler vuGallien eruewert huet, hu sech d'Belsch zesummegedoen, fir dës Invasioun zeréckzedrécken. D'Remer allerdéngs wollten näischt vun dëser Allianz wëssen, an hu sech deRéimer ugeschloss. Dës Allianz gouf vum réimescheSenat gestëmmt, an d'Belsch hu kuerz drop géint d'réimesch Arméi verluer.53 v. Chr. huet den Caesar deConcilium Galliae zuDurocortorum zesummegeruff, fir en Urteel iwwer d'Verschwörung vun deSenonen an deKarnuten ze fällen.

Well d'Remer hir Fidelitéit zuRoum bewisen haten, goufDurocortorum zu de federéierte Stied gezielt, a war onofhängeg. Ënner demAugustus goufen d'Remer zu der belscher Provënz gezielt, anDurocortorum gouf zu der Haaptstad. Ausgruewungen hu gewisen, datt Reims zu der Réimerzäit eng räich Stad war, a siwe grouss Stroosse sinn duerch d'Stad gelaf.

406 hunn d'Vandalen d'Stad eruewert a geplëmmt. D'Remer hate sech an engerchrëschtlecher Kierch verstoppt. Denhellegen Nicasius, de Bëschof vu Reims, gouf an der Kierch gekäppt.451 sinn d'Hunnen agefall.

DeClovis gëtt496 an der Kathedral vu Reims gedeeft.

Am fréieMëttelalter ass Reims eng wichteg Stad bliwwen.496 huet de BëschofRemi do de FrankekinnekClovis I. gedeeft. Heiduerch gouf Reims zu der Stad vun deKréinunge vun de franséische Kinneken an den Äerzbëschof-Herzog zu engemPair de France.

Ënner deMerowenger war Reims zesumme matMetz eng vun den Haaptstied vunAustrasien. Am Joer719 gouf Reims vumKarl Martell ausernaner geholl. Vill Monumenter hu vu fréieren Zäiten erzielt, a lues awer sécher ass et mam grousse Reims aus der gallo-réimescher Zäit biergof gaangen.804 huet deKarel de Groussen hei de PoopstLeo III. empfaangen.1119 gouf zu Reims eKonzil ofgehalen.

Am16. Joerhonnert krut Reims engUniversitéit, déi awer wärend derRevolutioun zerstéiert gouf, an eréischt am20. Joerhonnert nees opgebaut gouf.

En neien Opschwong koum am20. Joerhonnert mat de Fligeren. Den30. Oktober1908 huet denHenri Farman sech eng éischt Kéier an d'Loft gewot, an dëst fir d'StreckBouy-Reims (27 km). Déi éischtGrande semaine d'aviation de la Champagne gouf vum20. bis29. August1909 organiséiert.

AmÉischte Weltkrich gouf e groussen Deel vun der Stad zerstéiert. Virun allem d'Kathedral gouf schwéier beschiedegt, a gëtt nach haut restauréiert.

An den20er Joren ass zu Reims en neieliteraresche Mouvement op d'Welt komm:Le Grand Jeu, deen haaptsächlech vuRené Daumal aRoger Gilbert-Lecomte animéiert gouf.

Vun1940 bis1944 war Reims vunDäitschland besat, nom Enn vum Krich huet denEisenhower hei säin Haaptquartier ageriicht. De7. Mee1945 huet den däitsche MarschallAlfred Jodl d'Kapitulatioun an engem Klassesall vumCollège technique et moderne (haut:Lycée Roosevelt) ënnerschriwwen.

1962 waren deCharles de Gaulle an deKonrad Adenauer zesummen an enger Mass an der Kathedral vu Reims, fir nei franséisch-däitsch Relatiounen opzebauen.

1996 ass de PoopstJean-Paul II. op Reims komm, fir 1.500 JoerchrëschtlechMonarchie aFrankräich ze feieren. Virun iwwer 200.000 Gleewege gouf um Feld vun derBase aérienne 112 Reims-Champagne eng grouss Mass ofgehalen.

Demographie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Awunner vu Reims giRémois genannt. D'Agglomeratioun (Reims Métropole) zielt 6 Gemengen:Reims,Bétheny,Bezannes,Cormontreuil,Saint-Brice-Courcelles anTinqueux.

Awunnerentwécklung
179318001840187219141921193619541962196819751982199019992006201120162020
32 37130 00039 00070 000115 00076 785117 229121 753134 856154 534178 381177 234180 620187 206183 837180 752183 113180 318

Awunnerzuel virun 1921: Pierre Desportes,Histoire de Reims.

Bekannt Leit vu Reims

[änneren |Quelltext änneren]

Ekonomie

[änneren |Quelltext änneren]

Zu den Haaptwirtschaftssecteure vu Reims zielen:

  • Agroalimentatioun (besonnesch deSchampes) ;
  • Pharmazeutesch Industrie ;
  • Automobilindustrie;
  • Banken, Assurancen a Servicer fir Entreprisen;
  • Bautewiesen ;
  • Gesondheet a Soziales ;
  • Bildung a Fuerschung ;
  • Hotellerie a Restauratioun ;
  • Metallindustrie ;
  • Glasindustrie ;

Eng Agence fir den Developpement vun der Wirtschaft[3] gouf2004 an d'Liewe geruff, fir Investissementer an a ronderëm Reims ze favoriséieren. Dës Agence gëtt vun der Stad Reims a vun der Handelskummer vun der AgglomeratiounReims Métropole finanzéiert.

Reims ass ausserdeem de Sëtz vun der Handels- an Industriekummer vu Reims anÉpernay, déi sech ënner anerem ëm d'Gestioun vum Hafe bekëmmert.

Schoulen

[änneren |Quelltext änneren]

Politik an Administratioun

[änneren |Quelltext änneren]

1964 huet Reims ugefaangen, sech mat de Nopeschgemengen an engem urbanen Distrikt z'associéieren an huet1970 mat der klenger NopeschgemengLa Neuvillette fusionéiert. Nom Gesetz zu derInterkommunalitéit vun1999 (Gesetz Chevènement) hat den Distrikt säi Sënn verluer, an d'Gemengen hu sech eng nei Form vun Interkommunalitéit misse sichen. Well sech d'Gemengen net iwwer d'Modalitéite vun engerCommunauté d'agglomération eens goufen, gouf den Distrikt den1. Januar2002 an engCommunauté de communes transforméiert. Eréischt den1. Januar2004 ass et zu engem Accord komm, an domat zu der neier CommunautéitCommunauté d'agglomération de Reims, déi2005 den NummReims Métropole krut. An dëser Communautéit si sechs Gemengen:Bétheny,Bezannes,Cormontreuil, Reims,Saint-Brice-Courcelles, anTinqueux.

An der AgglomeratiounReims Métropole wunnen 218 928 Leit(1999).

Reims ass an 10Kantonen an 8 Quartieren opgedeelt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel:Lëscht vun de Buergermeeschtere vu Reims.

Jumelage

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckeswäertes

[änneren |Quelltext änneren]
D'Kathedral Notre-Dame vu Reims vu bannen.

Reims zielt zu de franséischeKonscht- a Geschichtsstied[4] (fr.:Ville d'art et d'histoire. Nieft der gotescherKathedral Notre-Dame, wou d'franséisch Kinneken traditionell gekréint goufen, zielt och den äerzbëscheeflechePalais du Tau, deen tëscht1498 a1509 gebaut gouf, zu de kuckeswäerte Plaze vu Reims. Zanter1972 ass an dësem Gebai, dat op der Lëscht vun de Weltierwe vun derUNESCO steet, e Musée ze fannen. wou een ënner anerem den Talisman bewonnere kann, deen de KalifHarun ar-Raschid demKarel dem Groussen geschenkt hat.

2007 feiert d'Basilika Saint-Remi hiert dausendjäregt Jubiläum. Do leien d'Reliquie vumhellege Remi, deen deClovis gedeeft hat.

Zu anere grousse reliéise Gebaier zielen d'Kierch Saint-Jacques, d'Basilika Sainte-Clotilde an d'Kapell Foujita.

Nach ausRéimerzäit erhale sinn d'Porte de Mars, en 33 m laangen Triumphbou, an de sougenannteCryptoportique, eng ënnerierdesch Galerie op der Plaz, wou fréier deForum Romanum war.

Zu Reims gëtt et och eng Partie Privathaiser, déi sougenanntenHôtels. Hei sinn z'ernimmen: denHôtel de Brimont aus dem Joer1897, denHôtel Mignot aus dem Joer1911, denHôtel Godbert (1875) an denHôtel Werlé.

An der Ëmgéigend vu Reims lount sech e Besuch an de Musée vumFort de la Pompelle an an d'Schlass Condé.

Eng hallef Dose Kilometer vum Fort de Pompelle ass an derMontagne de Reims déi touristesch Plaz mat de kromme Bichen, d'Faux de Verzy.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Reims – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och

[Quelltext änneren]
Portal Frankräich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Frankräich.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. INSEE,1999.
  2. Vun der Bevëlkerung och einfach Place d'Erlon genannt.
  3. Reims Légend'R
  4. "Liste des "villes et pays d'art et d'histoire" labellisés dans le Grand Est" um Site vum franséische Kulturministère
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Reims&oldid=2530754
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp