Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Reen

Vu Wikipedia
Reen iwwer puerBeem

Reen ass flëssegtWaasser a Form vunDrëpsen déi vu Waasserdamp aus derAtmosphär zuWolleke kondenséieren an dafalen - dat heescht, déi schwéier genuch gi si fir ënner dem Afloss vun derSchwéierkraaft ze falen. Reen ass eng Haaptkomponent vumWaasserkreeslaf a verantwortlech fir de gréissten Deel vumSéisswaasser, dat op d'Äerd kënnt. E liwwert gëeegent Konditioune fir villEkosystemer an och firWaasserkraaftwierker anIrrigatioun.

Reendrëpse banneStëbs anAerosolen, déi an d'Atmosphär geklomme sinn. Dës Bestanddeeler bestëmmen depH-Wäert vum Reen. VuSauerem Reen schwätzt een zum Beispill, wann de pH-Wäert méi niddreg ass wéi de pH-Wäert vu rengem Waasser. Dat kënnt vir, wann Ofgase mam Waasser eng nei Verbindung aginn an de Reen zu enger liicht sauerer Léisung maachen. Dat trëtt haaptsächlech op Plazen op, an deene vill Mënsche liewen an d'Loftverschmotzung héich ass, mä och an der Ëmgéigend vun aktiveVulkaner. Sauere Reen schiedegt der Natur an der Ëmwelt an ass eng vun de Ursaache vumBëschstierwen.

Reen ass ënnerschiddlech jee no Formatioun, Dauer, Intensitéit, Wierkung a geographeschem Virkommen. Festen Nidderschlag, wéiKnëppelsteng oderSchnéi, besteet aus gefruerenem Waasser a Kondensatiouskeimen a kann och mat Reen gemëscht falen.

Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Reen&oldid=2005511
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp