Riets: D'US-amerikanesch Raumschëffer Apollo, Gemini a Mercury am Gréisstevergläich. D'Rakéite lénks sinn an engem anere Moossstaf.
AlsRaumgefier oderRaumschëff, munnechmol och (wéinst dem Gebrauch vu Landekapsele fir de Retour op d'Äerd)Raumkapsel genannt, amEngleschen heefeg ofgekierzt alsS/C firspacecraft, ginn am Allgemengen allGefierer bezeechent, déi fir d'Fortbeweegung amWeltraum gebaut goufen.
Als Raumgefier ginn (analog zuWaassergefier aLoftgefier) allgemengGefierer bezeechent, déi haaptsächlech fir d'Fortbeweegung baussenzeg vun derÄerdatmosphär gebaut sinn an op techneschem Wee Bunnännerunge virhuele kënnen. E Raumgefier, mat deem Transport- a Versuergungsflich op Raumstatioune gemaach ginn, bezeechent een alsRaumtransporter. Bei alle bis elo entwéckelte Raumtransporteren handelt et sech ëm onbemannt Raumgefierer. Déi nëmme rar ageschränkt manövréierfäeg onbemanntRaumsonden,Raumstatiounen a virun allemSatellitte gi meeschtens direkt der méi héijer Klass vun deRaumfluchkierper zougeschriwwen, obwuel och si mat eegenem Undriff fir Bunnkorrekturen ausgerëscht sinn an domat Eegenschafte vu Raumgefierer opweisen. OchRaumgezei (virun allem wéi d'Manned Maneuvering Unit) sinn de Raumgefierer zouzeschreiwen.[1]
Raumschëffer sinn ëmgangssproochlech an am enke Sënn Raumgefierer, déi am Kader vun derbemannter Raumfaart fir de Persounen- oder Frachttransport am Weltraum gebaut goufen. Awer och modular opgebaut Systemer, déi aus Undriffseenheet, Landekapsel a Sektioune fir Laascht (Notzlaascht, ofgekierztP/L fir engl.payload) a Crew bestinn, ginn als Raumschëff bezeechent.
Zu de bemannte Raumgefierer gehéieren och d'Raumfären aRaumfliger déi méi dacks gebraucht kënne ginn, an d'Raumkapselen déi nëmmen deelweis nees gebraucht kënne ginn. Well déi éischt bemannt Raumfluchkierper wéiWostok aMercury nach keng Bunnännerungen erlaabt hunn, sinn et nach keng Raumgefierer am eigentleche Sënn.
Den éischte bemannte Raumfluchkierper am Weltraum war de sowjeteschen eesëtzegeWostok 1, deen den12. Abrëll1961 d'Äerd verlooss an d'Äerd eenmal ëmkreest hat. D'USA konnten e puer Woche méi spéit, de5. Mee1961, am Kader vumMercury-Programm esuborbitale Fluch vu 16 Minutten duerchféieren. Duerno goufen déi zwou- bis dräisëtzegWoschod-,Gemini- aSojus-Raumschëffer agesat. Spéider si mat demApollo-Programm déi bis elo eenzeg Missioune gestart, an deene Mënschen denOrbit vun der Äerd verlooss haten. Dëst waren d'Flich op denÄerdmound mat den Apollo-Raumkapselen. Déi éischt Missioun,Apollo 8, war op de Mound geflunn, huet en zéngmol ëmkreest an war nees op d'Äerd zeréckgeflunn. Mat dem US-amerikanescheSpace Shuttle koum an den1980er Joren dat éischt recycléiert Raumgefier zum Asaz. Mat him konnte bis zu siwen Astronauten an de Weltraum fléien. Als bis elo lescht Natioun koum2003 d'Volleksrepublik China an d'Grupp vun den Natiounen, déi bemannt Raumschëffer bauen a starten. An Zukunft wëllen och privat Firmen (z.B. matSpaceShipTwo) wéi och aner Länner wéi zum BeispillIndien bemannt Raumgefierer entwéckelen.
Bis zu der Aféierung vum Space Shuttle huet d'NASA ausschliisslech Raumschëffer mat Landekapsele benotzt déi net méi duerno konnte gebraucht ginn.
Am Géigesaz zu der NASA hat sech déi russesch Raumfaart ni vun der Kapseltechnologie getrennt, obwuel et mat demBuran-Programm Versich dozou gouf. Obschonn de Grondkonzept aus den1960er Jore staamt, gëllen haut d'Sojus-Raumschëffer an d'Progress-Transporter déi op der selwechter Technologie baséieren, als déi zouverlässegst Fluchgefierer fir d'Versuerge vun derInternationaler Raumstatioun.
Bei bemannte Raumgefierer ass zousätzlech eLiewenserhalungssystem installéiert, dat de Mënschen u Bord en Iwwerliewen am Weltraum erméiglecht. Gläichzäiteg gi bei dëse souwuel d'Drorakéit wéi och d'Raumgefier konstruktiv sou ausgeluecht, datt si géintiwwer den onbemannte Versiounen eng erhéichtZouverlässegkeet aFeelertoleranz hunn. Dat gëtt zum Beispill duerch erhéichtRedundanz vun zousätzleche Sécherungs- an Iwwerwaachungssystemer fir d'Erkennung, Vermeiden an Ofwier vu Feelersituatiounen, realiséiert. Sou gi fir besonnesch risikoräich Momenter vum Raumfluch (zum Beispill Start a Landung, Docking) entspriechend Bestëmmunge getraff. Dat reecht vum Startofbroch (kuckt z.B.Space Shuttle abort modes),Rettungsrakéite bis hin zu der Kontroll vum Raumgefier am Orbit (z.B.Rendez-vous Pitch Maneuver beim Space Shuttle).
Bei Raumgefierer, déi fir denNeesantrëtt an d'Atmosphär vun der Äerd (oder vun aneren Himmelsobjeten) an déi (mëll)Landung op der Uewerfläch resp.Waasserlandung ausgeluecht sinn, gëtt nach enHëtzschëld resp. e Landesystem gebraucht. Bei der Landung op Himmelskierper ouni Atmosphär (wéi den Äerdmound) kann op en Hëtzschëld verzicht ginn. D'Landesystemer ënnerscheede sech zum Deel enorm. Wärend bei den éischte Raumfluchkierper (wéi z.B. Wostok) d'Landesystem aus engemSchleidersëtz an engemFallschierm fir de Raumfuerer bestoung, koume bei spéidere Systemer meeschtens Fallschiermsystemer an an der Endphas vun der LandungBremsrakéiten oder ochAirbaglandesystemer zum Asaz. Raumfären a Raumfliger lande wéi e Fliger op enger Landebunn. Bei den US-amerikanesche Moundfären a bei geplangten zukënftege Raumgefierer gëtt och eng reng Landung mat Bremsrakéiten agesat.
Am Géigesaz zu recycléierbareRaumfäre wéi dem US-amerikanescheSpace Shuttle si bemannt Raumfluchkierper, deenen hir Crew mat Landekapselen op d'Äerd zeréckbruecht ginn, technesch manner opwendeg an dofir méi bëlleg. Si konnten allerdéngs bis elo nëmmen eemol agesat ginn, well d'Hëtzschëld vun der Landekapsel net recycléierbar ass, a beimNeesantrëtt an d'Äerdatmosphär staark abiméiert gëtt. Et gouf bei de Landekapselen op eng aerodynamesch Form verzicht, well si sech haaptsächlech am Weltraum beweegen a bei derLandung net fléien, mä uFallschiermer op de Buedem zeréckkommen. Trotzdeem hunn d'Landekapselen eng bestëmmt Form, déi et erlaabt, wärend dem Antrëtt an d'Äerdatmosphär de Kurs an d'Stabilitéit bäizebehalen.