D'Sowjetunioun an d'Vereenegt Staaten, als éischt Länner mat engem bemannte Raumfaartprogramm, hu mat „Kosmonaut“ (космонавт) resp. „Astronaut“ (astronaut) zwou ënnerschiddlech Bezeechnunge fir Raumfuerer etabléiert. Doraus huet sech d'Traditioun entwéckelt, de Beruff vun engem Raumfuerer no der Blockzougehéieregkeet vum Raumfaartprogramm ze benennen. Sou gëtt och den éischten däitsche RaumfuererSigmund Jähn aus derDäitscher Demokratescher Republik an den éischten éisträichesche RaumfuererFranz Viehböck, déi mat sowjetesche Raumkapselen an den All geflu waren, alsKosmonaute bezeechent[1]. Dogéint nennt een d'RaumfuererUlf Merbold,Reinhard Furrer anErnst Messerschmid aus der BundesrepublikDäitschland, déi mat engemSpace-Shuttle an de Weltraum geflu waren,Astronauten. Och nom Ëmschwonk sinn däitsch Raumfuerer beim elo russesche Raumfaartprogramm als Wëssenschaftskosmonaute matgeflunn. Den Astronaut Ulf Merbold gouf domat nach virum US-amerikaneschen AstronautNorman Thagard och zum Kosmonaut.
Och haut gëtt weiderhin d'BezeechnungKosmonaut fir russesch Raumfuerer anAstronaut fir Raumfuerer vun derNASA gebraucht[2]. D'ESA huet den NummAstronaut als Beruffsbezeechnung iwwerholl, wärend aner Länner mat eegenem Raumfaartprogramm och weider Bezeechnungen entwéckelt hunn.
De BegrëffKosmonaut (vu κόσμοςkosmos = Weltraum + ναύτηςnautēs = Séifuerer/Matrous, resp. vum russ.: Космонавт) bezeechent esowjetesche Raumfuerer. Och am haitege Russland, de GUS-Staaten, an Deeler vu Mëttel- an Osteuropa souwéi an den neie Bundeslänner vun der Bundesrepublik Däitschland gëtt weiderhi vu Kosmonaute geschwat. De Begrëff gouf wärend der Course an de Weltraum an den1950er Jore geformt, a mam Juri Gagarin als éischte Mënsch am Weltraum weltwäit bekannt. D'Bild vum Kosmonaut hat an der Sowjetunioun eng Bedeitung gespillt, déi iwwer den techneschen oder politesche Wäertzouwues wéi am Westen erausgoung.
De BegrëffAstronaut (vun ἄστρονastron =Stär + ναύτηςnautēs = Séifuerer/Matrous) leent sech un d'WuertAeronaut (Loftschëff) un. D'NASA hat sech den1. Dezember1958 entscheet fir hir Raumfuerer Astronauten ze nennen, an der Meenung, en neit Wuert geformt ze hunn, dobäi gouf dëse Begrëff schonn1927 vum franséischeScience-Fiction-AuteurJ.-H. Rosny Aîné a sengem BuchLes Astronautes gebraucht.
De BegrëffTaikonaut ass aus zwéi Wierder zesummegesat: „Taikong“ bedeit „Weltraum“ oder „Kosmos“. Déi virdru gestallt Silb „taiko-“ ass änlech wéi „astro“ wouduerch déi dräi Wierder „Astronaut“, „Kosmonaut“ an „Taikonaut“ perfekt symmetresch sinn, souwuel an der Bedeitung wéi och an der Form. Duerch d'Ewechloosse vum Buschtaf „g“ vun „Taikong“ gëtt de Begrëff méi kuerz a méi einfach auszeschwätzen.
„Taikonaut“ ass d'Bezeechnung fir e Raumfuerer dee fir e chineesesche Raumfaartprogramm an de Weltraum flitt.China ass als drëtt Land an der Lag, Mënsche mat engem selbststänneg entwéckelte Rakéitesystem op eng Äerdëmlafbunn ze schécken.
D'Bezeechnung „Taikonaut“ gouf fir d'éischt am Mee1998 vum Chiew Lee Yih ausMalaysia an engerNewsgroup gebraucht. Bal zur selwechter Zäit gouf et vum Chen Lan vuShanghai gebraucht a koum iwwer seng Internetsäit „Go Taikonauts!“ eraus. „Go Taikonauts!“ war zu der deemoleger Zäit déi eenzeg zouverléisslech engleschsproocheg Informatiounsquell iwwer déi chineesesch Raumfaartustrengungen. De Chiew Lee Yih an de Chen Lan hunn de Begrëff parallel entwéckelt, wat dorop hiweist datt et warscheinlech dat Wuert ass, wat fir e chineesesche Raumfuerer am beschte passt. Duerch d'Internetsäit „Go Taikonauts!“ gouf de Begrëff vun de westleche Medien opgegraff a weider verbreet.
Op Chineesesch gëtt d'WuertYǔhángyuán fir Weltraumfuerer gebraucht[3]. D'chineesesch Regierung hat de 15. Oktober2003 mat dem RaumschëffShenzhou 5 an dem RaumfuererYang Liwei den éischte bemannte chineesesche Weltraumfluch gestart.
Vyomanaut gouf Ufanks2010 fir zukënfteg indesch Raumfuerer gewielt. D'Bezeechnung ass ofgeleet aus demSanskrit (vunvyomagami = „eppes, wat sech um Himmel beweegt“) a griich. ναύτηςnautēs = Séifuerer. Den éischten indesche Raumfluch ass fir2015 geplangt[4].
Der BegrëffAngkasawan fir Raumfuerer a gläichzäiteg demalaysesche Raumfaartprogramm leet sech vummalayseche Wuertangkasa (Weltraum) of. Déi béid malaysesch RaumfuererFaiz Khaleed aSheikh Muszaphar Shukor si bis elo déi zwéin eenzeg Raumfuerer mat där Bezeechnung. Si ware bei enger russescher Raumfaartmissioun dobäi. Fir se z'ënnerscheede krute si de Bäinumm Angkasawan.
Jean-Loup Chrétien, éischte Westeuropäer am All, als Fransous („Spationaut“) Gaascht vun der Sowjetunioun (1982)
Sally Ride, éischt US-Amerikanerin am All, drëtt Fra am All no zwou Sowjetbiergerinnen (1983)
Ulf Merbold, (1983) éischte westdäitschen Astronaut, hat zu der éischter Crew vumSpacelab gehéiert. Éischten Däitschen, dee mat den Amerikaner wéi och mat de Russen am Weltraum war.
Sergei Krikaljow, Start als leschteSowjetbierger, Heemrees als éischte Bierger vu Russland (1991) am Weltraum, dréit den aktuelle Rekord mat dem am Total längsten Openthalt am Weltraum.