Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Ranger-Programm

Vu Wikipedia
Ranger 4 Sond (Ranger Block 2)
Ranger 9 Sond (Ranger Block 3)

DeRanger-Programm ass en US-amerikanescheRaumfaartprogramm vun néngRaumsonden, déi tëscht1961 an1965 op denÄerdmound geflu sinn an do virum Opschlag Biller iwwerdroen hunn. De Programm gouf vun derNASA duerchgefouert a stoung ënner der Leedung vumJPL.

Missioun

[änneren |Quelltext änneren]

Scho beimPioneer-Programm sinn néng US-Sonden op den Äerdmound geflunn. Dobäi war eleng de Fluch vu Pioneer 4, de4. Mäerz1959 laanscht de Mound en Erfolleg, déi aner aacht Sonde waren alleguer Feelschléi.

No der Ukënnegung vum US-PresidentJohn F. Kennedy am Abrëll1961, bis zum Enn vum Joerzéngt e Mënsch op de Mound ze bréngen, huet d'NASA hir Beméiunge intensivéiert. De Programm Ranger war en Allzweckprogramm. Et huet fir Tester vu Manöveren am Raum gedéngt, souwéi der Virbereedung fir Landung um Mound. De Ranger-Projet gliddert sech an dräi Bléck:

Block I
D'Sonden 1–2, 306 kg schwéier, solltenÄerdsatellite bleiwen, awer an de moundnoe Raum an doriwwer eraus virstoussen (mat engemApogeum vu ronn 1 Mill. km).
Block II
Déi 330–340 kg schwéier Sonden 3–5 sollten op dem Mound opschloen an onmëttelbar virdru Biller iwwerdroen. Virdru sollt d'Mammesond eng ronn 40 kg schwéier Instrumentekapsel ausstoussen, déi geschützt an engem kugelfërmege Gehais ausBalsaholz den Opschlag no e puer Spréng onbeschiedegt iwwerstoe sollt. U Bord vun der Kapsel war ënner anerem en einfacheSeismograph.
Block III
Bei de Sonde 6–9 mat engem Gewiicht vun 365 kg gouf no de Feelschléi vu Block II op eng „mëll Landung“ verzicht, a mat Hëllef vu sechs Kameraen, héichopléisend Fotoe virum Opschlag ugestrieft.

Verlaf

[änneren |Quelltext änneren]

Block I (Systemtest an der Äerdëmlafbunn)

[änneren |Quelltext änneren]

Block II (Landung vun enger Kapsel)

[änneren |Quelltext änneren]
  • Ranger 3 ass de26. Januar1962 gestart, wéinst ze héijer Vitess flitt d'Sond laanscht de Mound an eng Sonnenëmlafbunn. D'Sond iwwerdréit keng Biller, an ass verluer.
  • Ranger 4 ass den23. Abrëll1962 gestart, dobäi brécht de Kontakt mat der Sond nach de selwechten Dag of. D'Sond ass de26. Abrëll1962 op der Récksäit vum Mound opgeschloen. Ranger 4 war trotz Feelschlag déi éischt US-Raumsond, déi d'Mounduewerfläch erreecht hat.
  • Ranger 5 ass den18. Oktober1962 gestart, och do gouf et schonn den éischten Dag e Kommunikatiounsofbroch. D'Sond war ronn 700 km wäit laanscht de Mond geflunn a koum an eng Sonnenëmlafbunn.

Block III (Mounduewerflächefotoen)

[änneren |Quelltext änneren]
Schema vun der Sond Ranger Block III (NASA)
Zäitraffer vum Ufluch vu Ranger 9 op de Mound

Resultat

[änneren |Quelltext änneren]

Ranger war mat sechs Feelschléi, awer enger zum Schluss zefriddestellender Erfollegsquot vun 33% méi erfolgräich wéi dePioneer-Moundprogramm. De Programm hat d'USA am Ganzen 170 Mio.US-Dollar kascht. D'Programmer duerno wareSurveyor aLunar Orbiter.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Ranger-Programm&oldid=2285770
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp