RTL5 ass e privatenTelevisiounssender anhollännescher Sprooch.
En huet vun Ufank bis 2024 der RTL Nederland Holding BV gehéiert, enger Duechterfirma zu 73% vun derRTL Group.
Enn 2023 huet d'RTL Group bekannt gemaach, am Laf vun 2024 RTL Nederland mat senge sëllege Senderen (RTL4,RTL5, RTL7, RTL8, RTLZ, sou wéi och d'Pay-TV-Senderen RTL Lounge, RTL Crime an RTL Telekids) fir 1,1 Milliard Euro un DPG Media ze verkafen. Déi zwéi Gruppe behalen awer weiderhin eng strategesch Partnerschaft, wat d'Technologie, Publicitéitsmarketing a Content betrëfft. Ausserdeem soll DPG Media bis op d'mannst 2034 d'Mark "RTL" van Holland viru benotze kënnen.[1]
De Sender ass zu Lëtzebuerg terrestresch an anHolland viaKabel aSatellit z'emfänken.
D'Programmer ginn zuHilversum vun der RTL Nederland Holding BV produzéiert an zu Lëtzebuerg ausgestraalt. RTL Nederland Holding BV gehéiert zu 73 % derRTL Group.