AlsRéimescht Räich (Imperium Romanum) bezeechent ee generell de réimesche Staat an de Joerhonnerten no der Reorganisatioun duerch denAugustus. Am alldeegleche Sproochgebrauch gëtt den AusdrockRéimescht Räich och benotzt fir d'Gebitt ze beschreiwen, dat vu Roum vum6. Joerhonnert v. Chr. bis zum5. Joerhonnert n. Chr. beherrscht gouf, am Wuertsënn vunimperium romanum versteet een dorënner allerdéngs just d'Vollmuechte vum Imperator, also demKeeser.
Obscho Roum och scho virum Augustus Länner eruewert hat, déi vu Roum als Provënz verwalt goufen, oder als Clientsstaaten hu missenTribut bezuelen, gëtt de réimesche Staat nëmme fir déi Zäit no der Arichtung vum Augustus senger AutokratieImperium Romanum genannt. Fir déi Zäit virdru schwätzt ee vun derRéimescher Republik. Den Ënnerscheed tëschtréimeschem Räich aréimescher Republik hunn nofollgend Generatioune gemaach fir ervirzesträichen, datt Roum vun do un engMonarchie war. D'Réimer aus där Zäit selwer hu sech dogéint drop behaapt, d'Republik géif weider bestoen, och wann déi aner Vëlker dat ni sou gesinn hunn.
Déi gréisst Ausdeenung hat d'Réimescht Räich zu der Zäit vum KeeserTrajan, wéi d'Territoiren ëm d'Mëttelmier,Gallien, Deeler vuBritannien a Lännereie ronderëm d'Schwaarzt Mier zum Räich gezielt hunn.
Réimescht Räich am Joer 117 n. Chr.
D'Réimescht Räich hat e groussen Afloss op d'Gebidder wou et sech ausgebreet huet, a souguer iwwer d'Grenzen eraus. Am Oste vum Räich huet sech de réimeschen Afloss matgriichesch-hellenisteschen anorientaleschen Elementer vermëscht, wärend de Weste latiniséiert gouf.
DeStadstaatRoum, deen um Ufank ënneretruskescher Kinneksherrschaft stoung, krut ëmmer méi Afloss anItalien, nodeem e sech zirka500 vun den Etrusker lassgeléist hat. Et ass och zu där Zäit, datt d'Kinnekräich an eng Republik ëmgewandelt gouf, déi all Kéier fir ee Joer, vun zwéiKonsulen, déi vumSenat gewielt goufen, regéiert gouf. Als éischten, eenegermoosse feste Punkt kann een d'Zwieleftafelegesetz vu451 v. Chr. notéieren.
Roum huet mat enger Expansioun a Mëttelitalien ugefaangen, mä huet nieft Succèsen och Néierlage missen astiechen. Duerno koumen d'Samnitekricher (343-290) an deLatinerkrich (340-338). Roum huet sech en Alliancesystem geschaf, andeemsKolonien op strateegesch wichtege Plaze gegrënnt goufen. Ausserdeem goufen Unioune mat den italieenesche Stämm geschloss, woubäi déi Awunner awer net dat réimescht Biergerrecht kruten.
Den Opstig vu Roum - D'Expansioun an Italien an am Mëttelmierraum
Am3. Joerhonnert v. Chr. setzt sech Roum géint d'Samniten an aner italieenesch Stämm duerch. No an no ass déi ganz Hallefinsel ënner réimesch Herrschaft gefall, mat der Ausnam vun Ueweritalien, dat méi spéit annexéiert gouf. Am Süde goufen d'griicheschStadstaaten ageholl. Dës Expansioun huet zu engem Konflikt mam bis dohi friddlecheKarthago gefouert, an dëst zu de Punesche Kricher.
AmÉischte Punesche Krich (246-241) huet Roum eng Flott opgebaut, fir sech Karthago entgéintzestellen. No verschiddene Néierlage konnt Roum sech aSizilien etabléieren. Datt dëst Karthago net gepasst huet ass kloer, a sou koum et zumZweete Punesche Krich, wou denHannibal Roum ellen un d'Ziddere bruecht huet, besonnesch duerch d'réimesch Néierlag beiCannae. Allerdéngs ass et dem Hannibal net gelongen, den italieeneschen Allianzsystem ze zerstéieren, an de réimesche FeldhärScipio gouf dem Hannibal202 beiZama Meeschter. Karthago huet seng Muecht verluer a Roum, nieftSpuenien, huet un Afloss gewonnen.
D'Victoire iwwer Karthago an den zwéin éischte Punesche Kricher huet d'Stellung vu Roum am westleche Mëttelmier ofgeséchert. Vun200 huet sech Roum och an d'Muechtspill vun den hellenistesche Räicher agemëscht. Do waren d'Groussmuechten net an der Lag, friddlech zesummenzeliewen. D'Folleg ware Konflikter mat denAntigoniden wou Roum a Griicheland intervenéiert ass, fir demakedoneschen Afloss zeréckzedrängen. E weidere Krich gouf géint d'Seleukiden gefouert, an e Ruff ëm Hëllef hat e Krich géint denAntiochos III. zur Folleg. Domat gouf Roumde facto d'Haaptmuecht am ëstleche Mëttelmier. D'Versich vu Makedonien, hirHegemonie oprecht z'erhalen, hunn zu weidere Kricher gefouert, woubäi Makedonien148 de Kierzere gezunn huet, an zu enger réimescher Provënz gouf. Dat selwecht Schicksal gëllt fir Griicheland146, an, no der Zerstéierung vu Karthago amDrëtte Punesche Krich, fir d'nei ProvënzAfrica. NëmmenEgypten, dat an e réimescht Protektorat ëmgewandelt gouf, aPergamon konnten hir Onofhängegkeet fir eng Zäit sécheren. Pergamon gëtt133 zu enger réimescher Provënz.64/63 gëtt de Rescht vum Seleukideräich duerch dePompeius zur ProvënzSyria.
Zanter der Mëtt vum2. Joerhonnert v. Chr. war d'Republik an enger innepolitescher Kris, déi zu deréimesche Biergerkricher an zu enger Reform vum politesche System féiere sollt. D'Reform vun de BridderTiberius Gracchus aGaius Gracchus, d'Gracchesch Reform, sollt och den äermste Schichte vun der Bevëlkerung hëllefen, zu Land ze kommen. Obwuel dës Reform net duerchgesat konnt ginn, huet si dach e Konflikt opgeworf, dee soubal net ophale sollt: d'Optimates an d'Populares hu sech géigesäiteg d'Liewe schwéier gemaach, fir hir Politik duerchzesetzen. Mä och an Italien huet et gebrodelt, an den Allianzsystem koum un d'Wackelen, wat zumBundesgenossekrich gefouert huet, no deem och all d'Allianzpartner d'réimescht Biergerrecht kruten.
Am Senat goung de Sträit monter weider, an ufanks konnt deSulla sech alsDiktator behaapten. No sengem Doud hu sech deJulius Cäsar an de Pompeius bekricht, woubäi de Pompeius de Kierzere gezunn huet. Mä och den Cäsar konnt sech als Diktator net behaapten a gouf44 v. Chr. ermuert.
Nom Doud vum Cäsar ass et de Republikaner awer net gelongen, déi al Verhältnesser erëm hierzestellen, an den Octavian, de spéideren Augustus, huet sech schlussendlech duerchgesat.
Als dem Cäsar säin Ierwen hat denOctavian et ufanks zimmlech schwéier. Mä en huet aus de Feeler vu sengem Virgänger geléiert, a goung seng Reform méi douce un, fir de Senat net ze bruskéieren. Hie wollt net, datt et him geneesou ergoe géif wéi dem Cäsar. Hien huet deemno ufanks déi republikaneschConstitutioun a Kraaft gelooss, a sech seng Positioun duerch eng ganz Partie Ämter ofgeséchert. De Senat huet am Octavian dann och kee Kinnek gesinn, mä dePrinceps, den éischte Bierger. De Regime, dee vum Octavian agefouert gouf, gëtt dowéinst och Prinzipat genannt. Am Joer27 eiser Zäit krut hie vum Senat den Titel mat deem hien an d'Geschichtsbicher agoung,Augustus.
Keeser Traianus
D'Keeser ware Meeschter iwwer de gesamte Mëttelmierraum, an och de Westen a Süde vuGermanien huet zum réimesche Räich gehéiert. Am Nordoste goufen d'Réimer allerdéngs am Joer 9 gestoppt (Varusschluecht). Ënner dem KeeserClaudius koum Britannien zum Räich a spéider ochThrakien. Déi gréisst Ausdeenung hat d'Räich zu der Zäit vum Keeser Traianus am Joer 117. Och d'Zäit vum KeeserHadrian, deen zwar déi ëstlech Eruewerunge vum Traianus opginn huet, ass eng gutt Zäit fir d'Räich.
An der Mëtt vum2. Joerhonnert huet et geschéngt, datt d'Räich op sengem Héichpunkt ukomm wier, mä schonn ënner demMarcus Aurelius koumen déi éischt Problemer op d'Réimer duer (Kämpf mat deGermanen aParther). An de follgende Joerzéngte war keng Rou am Räich. D'Grenze goufen ëmmer méi dacks ugegraff an och innepolitesch war d'Situatioun net roseg. Am3. Joerhonnert konnten d'Severer d'Lag liicht stabiliséieren, mä och si konnten e Krich mat deSassaniden net verhënneren. Doropshi koumen d'Zaldotekeeser un d'Muecht, déi de Streidereie Meeschter ginn anPalmyra ënnerworf hunn (272).
Vun 284 un, mamDiokletian, gëtt vun der sougenannter Spéitantiquitéit geschwat. Hien huet d'Verwaltung reforméiert an de System vun derTetrarchie agefouert. No dësem System gëtt et ëmmer zwéi Senior-Keeseren (Augusti) an zwéi Junior-Keeseren (Caesar). D'Räich war scho laang fir een eleng ze grouss ginn, mä de Gedanken, d'Unitéit opzeginn, koum net a Fro.
DemKonstantin de Groussen war dat allerdéngs net genuch. Hien huet seng Rivalen aus dem Wee geraumt a war324 erëm eenzege Keeser. An d'Geschichtsbicher agaangen ass hie virun allem duerch d'offiziell erlabe vumChrëschtentum an duerch d'Grënnung vuKonstantinopel, wouduerch sech den Haaptschwéierpunkt vum Räich méi no Oste geriicht huet.
Ënner demValentinian I. gouf d'Räich aus Verwaltungsgrënn dann trotzdeem opgedeelt, eng Deelung déi nom Doud vumTheodosius I. definitiv wäert sinn. No der Néierlag vunAdrianopel konnt hien d'Goten a Schach halen, andeems hie Veträg mat hinnen ënnerzeechent huet.
Am Laf vum 5. Joerhonnert ass allerdéngs d'westréimescht Räich zerfall, iwwer d'Ursaache gëtt zanterhier gestridden. Eng dovu war sécher d'Vëlkerwanderung, déi eleng awer sécher net decisif war, wou d'Räich den "Ustuerm vun de Barbaren" virdrun dach zwee Joerhonnerte laang paréiere konnt! Als warscheinlechst Ursaach kéint een, mam Michael Grant, d'Zesummespill vu follgende Faiten nennen:
Well Roum huet misse géint d'Germanen an d'Perser gläichzäitig Krich féieren, koum et zu enger Militariséierung vun der Gesellschaft. En plus gouf et am Schnëtt all 20 Joer Trounfollegkricher, fir d'Militär kënnen ze bezuelen hunn d'Steieren dauernd missen erhéicht ginn.
Gläichzäiteg gouf et gréisserPeschtepidemien am ganze Räich. Doduerch ass d'Bevëlkerungszuel ëmmer méi erof gaangen.
D'Chrëschtentum war mëttlerweil Staatrelioun, a grad dës Relioun huet eng Moral gefërdert, déi de Mënsch säi Séilenheel am Déi Säit fanne léisst, iwwerdeems et no der klassescher réimescher Moral fir de Bierger näischt méi wichteges gouf wéi dat gemeinsaamt Uleies, d'res publica, deemno de Staat. Dat spéit Keeserräich huet räiche Bierger an Intellektuelle keng Chance méi gebuede fir Carrière ze maachen, si hunn (wéi z. B. den Augustinus) hir Energie da léiwer der Kierch zur Verfügung gestallt. Den Intressi um Staat ass ëmmer manner ginn.
En plus ware wirtschaftlech a sozial Changementer am Gaang: Zwar hat zanter dem Caracalla all Awunner d'réimescht Biergerrecht, als Bierger déi fir de Staat géifen antrieden hu sech awer ëmmer manner Leit kënne gesinn. Als Colonnen hu sech ëmmer méi Leit an d'Ofhängegkeet vun engem Patron beginn. Dofir konnte si net méi zum Militärdingscht gezwonge ginn. Dës Entwécklung sollt amMëttelalter an deFeudalismus iwwergoen.
Wëll kee Réimer méi wollt Zaldot ginn, hunn d'Réimer op Germanen an aner Auslänner zeréckgegraff. Dëst hätt kéinten een Auswee sinn aus der Kris, wëll d'Germanen hu Roum bewonnert, well Roum hinnen eng Carrière bidde konnt. Dës Neibierger waren um Staat intresséiert, wéi déi vill germanesch Beamte beweisen. Mä de spéitréimescheRassismus huet eng Integratioun vun de Germane verhënnert, si goufen zeréckgewiesen.
No der Schluecht vun Adrianopel378 goung ëmmer méi d'Kontroll iwwer déi westlech Provënze verluer. Virun allem de Verloscht vun Africa war e schwéiere Schlag. De Regierungssëtz war opRavenna verluecht ginn, mä och an Italien hunn d'Germanen ëmmer méi un de Grenze geréckelt.410 hunn d'Westgoten Roum eruewert,455 sinn d'Wandalen nogezunn. D'réimesch Arméi, déi zu engem gréissten Deel ausMercenairë bestanen huet, hat deem wéineg entgéintzesetzen, an innepolitesch war scho laang net méi alles wéi et sollt sinn.476 huet denOdoaker, de leschten aus der Rei vun de germaneschen héije Beamten am réimische Sold, de westréimesche KeeserRomulus Augustulus ofgesat, huet awer erkläert, e géif den ostréimesche Keeser als nominell iwwer hie gestallt ugesinn.