Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Queen Elizabeth 2

Vu Wikipedia
Queen Elizabeth 2


D'Queen Elizabeth 2 zu Trondheim

Seng CarrièreBritish Red Ensign
Bestallt:1964
Ufank vum Bau:5. Juli,1965
Stapellaf:20. September,1967
Gedeeft:20. September,1967
 vun derKinnigin Elizabeth II
Éischt Rees:2. Mee,1969
Elo:am Déngscht
Allgemeng Karakteristiken
Tonnage:70,327 BRT
Verdrängung:48,923 (gelueden)
Längt:293.5 m (963 ft)
Breet:32.03 m (105 ft)
Déifgang:9.87 m (32 ft)
Héicht:52.2 m (171 ft 4 in)
Motorleeschtung:9 x 10,625 kW mat 400 rpm
Propulsioun:9 MAN 9-cylinder medium speed Turbo-Diesel Maschinne mat zwéi fënnefschautege Propelleren
Vitess:32.5Kniet (61 km/h), 20 Kniet (37 km/h) hannerzeg
Capacitéit:1,756 Passagéier
1,892 (all berths) Passagéier
1,015 Offizéier an Equipage
Et huet kascht:£29,091,000
D'QE2 ënnerwee bei der KanalinselGuernsey

D'RMSQueen Elizabeth 2 (QE2), genannt no der KinniginElizabeth II., ass e Passagéierschëff vun derCunard Linn, dat haut als Schëff firCroisièrë benotzt gëtt.

D'QE2 war 35 Joer laang d'Flaggschëff vun der brittescher Cunard-Reederei, bis se 2004 vun derQueen Mary 2 ofgeléist gouf.

D'QE2 war, bis zum Bau vun hirer Nofollgerin, dat lescht grousst Transatlantik-Linneschëff a war ier se Dieselmotore krut, dat lescht Passagéierdampschëff mat Uelegfeierung op enger reegelméisseger Atlantikroute. Den Damp koum vun dräi Kesselen, déi pro Dag 520 Tonne Brennes gebraucht hunn. Wärend hirem Déngscht als Cunard-Flaggschiff war se iwwerall an der Welt am Asaz, elo gëtt se als Croisièresschëff benotzt, dat zuSouthampton(England) doheem ass.

Mat 70.327 BRT, 294 Meter Längt, 32 Meter Breet an enger Spëtzevitess vun 32,5Kniet (zirka 60 km/h) ass s'ëmmer nach eent vun de gréissten a séierste Passagéierschëffer um Mier.

D'Queen Elizabeth 2 ass méi grouss wéi d'Titanic, awer méi kleng wéi hir Virgängerin d'Queen Elizabeth an hir NofollgerinQueen Mary 2, sou datt se duerch dePanamakanal fuere kann. D'QE2 huet Plaz fir 1.892 Passagéier an 1.015 Besatzungsmemberen, also am Ganze fir 2.915 Mënschen. Si huet 5 Restauranten, 2 Cafeeën, 3 Swimmingpoolen, eng Bibliothéik, e Spidol an e Kinossall fir 481 Leit. Ausserdeem nach e Pub, en Nightclub, e puer Baren, e Casino, eng Shoppingpromenade an e Fitness-Center.

Enn vun hirer Croisièrescarrière

[änneren |Quelltext änneren]
00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Zanter 2008 fiert d'RMS QE2 keng Croisièrë méi, a well d'Schëff un eng arabesch Finanzgrupp verkaaft gouf, gëtt et elo als Hotelschëff zuDubai agesat. No Investitiounen a Milliounenhéicht an intensive Renovatiounsaarbechten ass et haut eng Plaz fir Weltklass-Entertainment, Tourismus a Kulinarik[1].

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Queen Elizabeth 2 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (en)The Queen Elizabeth 2 (QE2) Royal Museums Greenwich. www.rmg.co.uk. Gekuckt de(n) 20.11.2024.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Queen_Elizabeth_2&oldid=2576525
Kategorie:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp